Maggy Nagel au sujet de la situation actuelle du logement et de la culture

Interview: Dany Rasqué

RTL Radio: Madame Nagel, a ville Géigende vum Land ass wunne mat enger Pai scho bal net méi dran. D'Regierung ass ugetruede fir Wunnraum ze schafen, deen och ze bezuelen ass. Wat kënnt Dir, à ce stade, deene Leit soen déi verzweiwelt op der Sich sinn? 

Maggy Nagel: Also et ass effektiv richteg. Ech hunn, oder d'Regierung virun allem, mir hunn en Dossier virfonnt, iwwert de Logement, deen net lëschteg ass, an deen och wierklech keng Diskussioun war, fir deen als Prioritéit vun eisem Koalitiounsaccord ze gesinn.Et ass vill an deene lescht Méint, wou ech hu missten a mengem Ministère analyséieren. Ech hu ganz vill mat Leit geschwat an ech muss awer soen, et ass eng Pénurie do, et ass eng Méiglechkeet do, fir awer an den nächste Joere kuerzfristeg op dee Problem ze reagéieren. Mä do muss een awer kucken, an dat hunn ech vun Ufanks u versicht, all d'Akteure mat an d'Boot ze huelen. De Logementsproblem war eng Kéier zur Chefsache an der Regierung deklaréiert ginn, mä de Chef hat awer och direkt erkannt, datt  dat onméiglech wier, fir an eng Richtung ze goe wou et positiv Resultater huet. Nach eng Kéier zeréckkommend: et muss ee mat all den Acteure sech zesummesetzen an dann iwwer verschidde Pistë schwätzen. D'Regierung huet hire Programm, an ech fannen et ganz wichteg, datt mir elo endlech d'Prozedur ugefaangen hu vun deem Plan sectoriel Logement, well dat ass wierklech eng Piste déi mir mussen elo, vun där mir mussen elo profitéieren, awer mir mussen aktiv ginn, fir eben de Logement an de Grëff ze kréien. A ganz naiv soen ech et ëmmer, mä et ass nach ëmmer d'Quintessenz vun der ganzer Saach, d'Offer muss an d'Luucht goen. Et ass eng enorm Demande do. D'Offer muss an d'Luucht goen. A wa mir och nach prozedural dat Ganzt verkierzt kréien, an ech sinn iwwerzeegt an ech weess, mat deene Kontakter wou ech bis elo hat mam Gemengesecteur, do si Leit prett fir eng Hand mat unzepaken, mam Staat zesummen, wou de Staat awer an éischter Plaz muss seng Aufgab maachen, well et kann een net eppes vun  anere Leit verlaangen, wann een net selwer emol kuckt, wou si mir a wou sti mir selwer. En Inventaire ass gemaach ginn an dat sinn eng 5 Hektar déi dem Staat gehéieren, an do schaffe meng Leit drop fir punktuell ze kucken, wéi kënne mir als Staat elo den éischte Schrëtt maache fir am Logement aktiv ze ginn a fir op deenen Terrainen déi mir nach hu Logement och ze schafen. 

RTL Radio: Dir hutt de sektorielle Plang Logement elo ugeschwat, dat ass schéin a gutt, mä dat ass awer eppes wat elo wahrscheinlech net an deenen nächste Jore wäert gräifen.

Maggy Nagel: De Plan sectoriel Logement huet elo missten emol an d'Prozedur goen, fir datt en iwwerhaapt emol kann ulafen. Selbstverständlech gi mir duerch eng Prozedur, wou mir an deene Wochen déi elo komme ganz vill Informatioune mussen eriwwer ginn, ganz vill mat de Leit mussen diskutéieren, mä wou mir awer och eis Mëttele ginn, duerch de Plan sectoriel Logement, fir kënnen direkt aktiv ze ginn, net duerch schwéierwiereg Prozeduren ze goen. Mir kënnen iwwert  de Wee vun engem Plan d'occupation du sol, vun engem POS, goen an do si wierklech op verschiddene Plazen am Land Projete prett, déi nëmmen brauchen aktivéiert ze ginn.

RTL Radio: Wéi laang dauert dat dann?

Maggy Nagel: Do kann ech, géing ech soen, wiere mir d'nächst Joer scho ganz gutt am Gaangen, fir eng Rei Projeten déi schonn an der Aarbecht sinn a schonn ausgeschafft sinn, fir déi um Terrain, wou ee gesäit, elo fiert de Bagger, elo geschitt eppes. Also, ech si ganz zouversiichtlech, datt 2015 um Terrain eppes do geschitt an eppes bougéiert.An dat ass ee laangwierege Prozess natierlech, dee muss fir déi nächst Joere ganz, ganz staark aktivéiert ginn, a jiddweree muss um Ball bleiwen, fir do kee Lach dotëschent ze kréien, fir do net mussen ze waarden op Genehmegungen. An do si mir am Gaangen, all d'Ministèren zesummen, haaptsächlech déi 4 Ministèren déi elo an de Plans sectoriels concernéiert sinn, fir do wierklech all Dossier ze begleeden, eng Ulafstell an duerch eng Prozedur ze goen, fir datt herno den Intérieur dann als Schluss dann d’Genehmegung ka ginn, fir deenen déi dee Projet hunn am Logement, fir dee Genehmengungswee fir unzefänken um Terrain. Mir wësse jo och, datt mir e Pacte logement als Gemengen ënnerschriwwen haten, 2008 d'Gesetz, vun 2003 bis 2013 déi éischt Phas an 2007 bis 2017 déi zweet Phas. Huet sech erwisen, datt et natierlech gutt war fir an ëffentlech Infrastrukturen Suen ze kréien, wann een 1% a méi Wuesstem pro Joer hat an de Gemengen, mä dee Pacte ass intituléiert “Pacte logement”, an do erweist sech awer och, datt de Logement ze kuerz komm ass. Mir haten eis als Gemengen déi de Pacte ënnerschriwwen hunn engagéiert fir an deene Joere bis 2017 52.000 Wunnengen ze schafen. Den Ist-Stand no engem Monitoring vun 2011 ass dee vu 7.300 Wunnengen. Also, il y a du pain sur la planche. A wann deen nächste Monitoring gemaach gëtt, wou mir da gesinn, wou sinn eis Gemengen drun, wou sti mir, da sinn ech der Meenung, dem Gefill no doudsécher, datt mir nach bei Wäitem net bei deem ukomm si wou mir eis engagéiert haten. Dofir wëll ech och dee Pacte logement reforméieren an där ganzer Prozedur, déi parallel vun de Plans sectoriels leeft, fir kënnen de Gemengen eng Méiglechkeet ze ginn, fir déi Suen, déi solle vun 2017 bis 2021 nach lafen, fir déi am Ministère, ech nennen et emol einfach esou, ze parken a wou da punktuell bei Projeten déi am Logement soll sinn, fir déi punktuell dann duerch déi Suen ze beleeën. Dat heescht awer, datt wa Gemengen aner Projeten hunn, déi duerch de Pacte logement kënne mat begleet ginn, datt déi Suen awer nach ëmmer fräigestallt gi fir déi Infrastrukturen ze stellen. An da sinn ech der Meenung,  wa mir dat dote maachen, dann hu mir méi erreecht, well dee Pacte logement ass, wann ee mol vu Finanze schwätzt, ënnerschat ginn. Am Ufank war gesot ginn, dee Pacte logement, 55 Milliounen wäerten op eis duerkommen. Mëttlerweil si mir op 255 Milliounen ,a wa mir et virulafe loosse bis 2021, da si mir op 500 Milliounen. An ech sinn ëmmer der Meenung, ech hunn et schonn e puer Mol gesot, wann een déi 500 Millioune punktuell an de Logement investéiert hätt an deene leschten 10 Joer, oder an de leschten 20 Joer [gëtt ënnerbrach]

RTL Radio: Da géife mir méi gutt do stoen.

Maggy Nagel: Da géife mir gutt do stoen a mir hätte wierklech punktuell déi Projeten ënnerstëtzt, déi ëmmer gewëllt waren eppes an hire Gemengen, oder Privatleit, Projeten ze realiséieren a mir hätten net déi Pénurie.Well et ass net flott, wann lo Firmen an d'Land kommen, déi da froen, ech komme mat 400 Leit heihinner, kënnt Dir eis 400 Wunnengen zur Verfügung stellen, da steet een do, an als Logementsminister muss een da leider soen, et deet eis Leed, do kënne mir Iech elo net sou séier hëllefen. Et ka sinn, an e puer Méint, an engem Joer oder wéi, mä punktuell si mir net, dëst Land ass net bereet fir direkt, wa sou Demandë kommen, fir drop ze reagéieren. Well et ass gesot ginn, et gëtt ëmmer gefrot 15.000 Wunnengen, geet dat duer? Dat geet net duer. Wann am Moment all Joer bis zu 13.000 Leit hei am Land dobäikommen, da muss de Staat säin Deel dozou bäidroen, ech betounen dat nach eng Kéier, d'Offer an d'Luucht ze schrauwen. An et ginn am Land eng ganz Partie Plazen déi sech iwwerduerchschnëttlech gutt fir de Wunnengsbau eegnen, dat aus landesplanerescher Siicht, aus der Siicht vun de Potentialer déi an de Gemenge sinn, aus topographescher Siicht an esou weider. An déi 15.000 Logementer déi am Kader vun dem Sites prioritaires am Pacte logement gemengt sinn, sollen op deene Plazen och gebaut ginn. Mir hu gesot, prioritär Gemengen [gëtt ënnerbrach]

RTL Radio: Dir schwätzt elo vum sektorielle Plange Logement. 

Maggy Nagel: Sektorielle Plang Logement.Prioritär Gemengen: mir hunn eng 39 Gemengen plus 4 déi mir lo bäigesat hunn, 43 prioritär Gemengen, an dat ass net eng Lëscht déi elo eréischt erfonnt ginn ass, mä d'ailleurs eng Lëscht, déi och vun der leschter Regierung validéiert gouf, am Kader vum Pacte logement.An déi prioritär Gemengen, dat sinn déi sougenannte Centres de développement et d'attraction, CDA genannt, aus dem Programme directeur. An déi Gemengen déi an engem Konventiounsraum leien, wéi zum Beispill, fir méi konkret, d'Nordstad oder den Uelzechtdall an d'Gemenge ronderëm de Flughafen, oder eben eng gewësse regional Zentralitéit och kënnen opweisen, an déi net prioritär Gemenge sinn, déi ländlech Gemengen, déi sech a méi engem moderate Rythmus sollen entwéckelen an den Haaptwuesstem de prioritäre Gemengen iwwerloossen – net-prioritär Gemenge gëtt wahrscheinlech lo gesot, firwat dierfen déi dann net sou séier wuessen [gëtt ënnerbrach]

RTL Radio: Dat war lo eng Fro, déi ech Iech wollt stellen. De ländleche Raum schützen, dat ass jo schéin a gutt, awer firwat gëtt do de Wuesstem an deenen 63 net-prioritäre Gemenge gebremst?

Maggy Nagel: An deene leschte Joeren hu mir misste feststellen, datt vill ländlech Gemenge sech méi schnell entwéckelt hu wéi déi grouss zentral Gemengen, an dat bréngt eng Partie Problemer mat sech, sief et, net all kleng Gemeng oder net all klengt Duerf, kann een do soen, ka performant mam ëffentlechen Transport ugebonne ginn. Déi kleng Dierfer sinn an der Regel net mat villen Servicer ausgestatt. Ech denken do zum Beispill un Epicerien, Post, Schoulen, Dokteren an esou weider. An oft hu sech och Schlofdierfer entwéckelt, wou just gewunnt gëtt a wou och kee soziaalt Liewe méi stattfënnt. An duerch de Plan sectoriel Logement soll den Haaptwunnsëtz erëm an déi méi zentral Gemenge gelenkt ginn, déi besser ausgestatt sinn a wou et och eng Masse critique gëtt fir e performanten ëffentlechen Transport ze garantéieren.

RTL Radio: Mä gëtt et net d'Gefor, datt deen do komplett zesummebrécht, wann déi Gemengen elo weider wuessen?

Maggy Nagel: Neen, also den ëffentlechen Transport soll jo, ass jo mol an de prioritäre Gemengen, mä an deene klenge Gemenge soll een der Evolutioun, der Ausbreedung vun deene Gemenge, soll ee jo ganz lues och dat begleeden. Ech wëll jo och soen, nach eng Kéier, datt et wichteg ass ze betounen, datt déi ländlech Gemengen net an hirer Entwécklung gebremst oder gestoppt ginn. Dat geet jo normal virun. Mä den Haaptwuesstem gëtt ebe just an déi méi grouss Uertschafte gelenkt. Dat heescht, eng Gemeng ass och elo gefuerdert, fir ze soen, wa si aus méi Sektioune besteet, wat fir eng Sektioun hir Haaptsidlungssektioun ass, wou si wëll Logement förderen. A wann elo zum Beispill eng Gemeng ass mat Sektioune wou dat net de Fall ass, da gëtt gekuckt wou, a wat fir enger Sektioun sinn déi meeschte Servicer déi der Populatioun kënne gebuede ginn. An dann ass et déi Sektioun och, dat Duerf, oder déi Géigend, déi dann och méi soll virukomme wat de Logement elo ugeet.

RTL Radio: Mir haten elo am Virfeld vun eiser Emissioun bei de politesche Parteien, bei aneren Acteuren nogefrot, wat si vun deem sektorielle Plang halen. Do hu mir zum Beispill déi Lénk, déi fannen et ganz positiv, datt et lo e Plang an deem Beräich gëtt, mä si hunn awer gewësse Bedenken, an do géife mir lo eng Kéier de Justin Turpel vun deene Lénke lauschteren.

Justin Turpel (O-Toun): Wat awer net berücksichtegt gëtt, ass, datt de Problem vun den exorbitante Präisser, net alleng duerch d'Spill vun der Offer a vun der Demande ze léisen ass. Do misst d'ëffentlech Hand vill méi staark regulativ agräifen. De Plan sectoriel Logement setzt och vill ze vill op de private Promoteur, dee lo maache soll wat e bis elo ni fäerdeg bruecht huet. An dat wäert net fonctionnéieren. Et misst vill méi op Wunnengsbau duerch d'ëffentlech Hand, duerch de Staat an d'Gemenge selwer gesat ginn, fir jiddwerengem den Zougang zu enger Wunneng zu abordable Präisser ze erméiglechen.

RTL Radio: Maggy Nagel, kéint Dir Iech virstellen, datt de Staat an d'Gemengen do méi aktiv géinge ginn an eventuell Wunnengsbaugesellschafte géinge grënnen?

Maggy Nagel: Jo, selbstverständlech, an den Här Turpel huet och ganz Recht, et ass och justement dat wat mir déi leschte Méint diskutéiert hunn, wéi mir de Plan sectoriel nei iwwerduecht hunn, nei verbessert hunn. Et ass och just an déi Richtung wou mir am Gaang sinn ze schaffen. An et kann een net soen, datt do de Staat, respektiv scho guer net d'Gemengen net aktiv sinn.Et ass esou, datt de Staat muss seng Aufgab maachen, datt dat zesumme mat de Gemenge soll sinn, datt nieft de Gemengen, an esou fonctionnéieren ech an deene leschte Reuniounen, datt do och e Fonds de logement dobäi sëtzt, datt do eng Société d'habitations à bon marché dobäi sëtzt, datt do souguer e Sites et monuments an Archéologie dobäi sëtzt. Dat heescht, et ass richteg, mir mussen op villen Niveauen aktiv ginn, mä awer och zesumme mat deene Promoteuren, déi am Moment am Bau täteg waren. Ech gesinn dat Ganzt, fir datt dat reusséiert, net en Alleingang vun enger Regierung, mä et ass en Zesummespill vun all deenen Acteuren um Terrain, déi gewëllt si fir eppes um Wunnengsbau ze maachen. Mir hunn natierlech och iwwert déi nei Formen, Wunnformen nogeduecht. An et ginn eng Partie spannend Beispiller an Tendenzen am Ausland [gëtt ënnerbrach]

RTL Radio: Zum Beispill? 

Maggy Nagel: Zum Beispill Baugruppen, wou méi Leit sech fir e Bauprojet zesummendinn, an der Optik de Präis ze drécken [gëtt ënnerbrach]

RTL Radio: Wat och um Belval geschitt.

Maggy Nagel: Voilà, wat genannt gëtt Einliegerwohnungen, Wunnengen déi an der Regel an engem bestehenden Haus kënnen och amenagéiert ginn, wann een en zweeten Accès zum Beispill mécht. Dat ass virun allem interessant bei groussen Haiser, wou net vill Leit dra wunnen, well d'Kanner ausgezu sinn, an esou weider. Autoaarm Quartieren, mat Sammelgaragen, een Thema och, hunn zwee grouss Virdeeler: dat gréisstent Zëmmer am Haus ass net méi fir den Auto, an d'Lotissementer kënnen anescht amenagéiert ginn. Ee gutt Beispill hu mir an der Walfer Gemeng, wou sou e Projet scho gelaf ass a wou eng Extensioun och nach geduecht ginn ass. Den ëffentleche Raum kann domat vill méi opgewäert ginn, mat Spillstroossen, an den Urbanismus gëtt dann och méi bëlleg. Also, et si schonn Iwwerleeunge gemaach ginn an am Ausland gekuckt ginn, wat gëtt et alles, a punktuell sinn och schonn am Land kleng Initiative geholl ginn, fir an déi Richtung ze schaffen, wou mir als Staat lo mussen dat nach vill méi förderen. An dat ass richteg, de Staat muss dee ganze Wunnengsbau fir d'éischt emol förderen, an dat, nach eng Kéier well et ganz wichteg ass, et kann net einfach sinn, datt een en Alleingang mécht, et muss un den Dësch zesumme mat de Leit sech gesat ginn, an dofir ass dat och déi Politik déi ech wëll am Logement maachen.

RTL Radio: A senger Ried iwwert d'Lag vun der Natioun huet de Staatsminister annoncéiert, datt een an Zukunft um zweete Logement net méi de bëllegen TVA-Taux vun 3% zegutt huet. Eng Mesure déi d'Fédération des artisans an d'Chambre immobilière nach gëschter op enger Pressekonferenz a Fro gestallt hunn. Si fäerten ënnert anerem, datt dat negativ Auswierkungen op d'Präisser vun der Loyeren huet. Wéi wëllt Dir dat da verhënneren, datt d'Loyeren duerch déi Mesure net an d'Onendlecht an d'Luucht ginn? 

Maggy Nagel: Also, et muss ee jo mol soen, mir hu jo an der Logik vun enger Hëllef fir déi déi et brauchen – ähnlech bëllegen Akt – komme mir zu deem Wuert wat jo ëmmer gebraucht gëtt, zu dem Taux superréduit am Logement, dee mir jo bäibehale fir den Haaptwunnsëtz. Domatter kritt de superreduzéierten Taux op dem Haaptwunnsëtz eng sozial Komponent – wichteg ze soen – eppes wat indirekt Steieren wéi d'TVA normalerweis net hunn. Hei geet et dann also dorëm, den Accès à la propriété ze promouvéieren. Leit déi sech fir ze wunnen en Haus bauen, kafen oder renovéieren, profitéieren deemno weider vun dëser Hëllef am Logement. Et kann souguer hei vun enger sozialer Mesure geschwat ginn. Wichteg ass et, datt den zweete Wunnsëtz, oder fir den Invest an de Steen, an Zukunft den normalen TVA Taux nom 1. Januar elo d'nächst Joer op 17% fixéiert gëtt. Mä et wär falsch, dës Mesure isoléiert ze kucken, et muss ee se am Kontext vun enger Gesamtstrategie fir de Logement gesinn. D'Hausse viséiert net déi Leit déi eng Wunneng wëlle baue fir do ze wunnen. Si kréie weider de reduzéierten Taux. An dat huet eiser Meenung, der Regierungsmeenung no keen Afloss op d'Präisentwécklung, well et ass kee Changement do. Et muss een nämlech gesinn, zanter 2002 huet d'Regierung am Logement fir iwwert 2 Milliarden TVA a fir iwwert 1 Milliard Enregistrement, Steiererliichterung ginn, an do gesäit ee jo, ouni datt d'Präisser zeréckgaange wieren, ass dat geschitt. Au contraire hunn Anerer dovunner profitéiert an net den Acquéreur.

RTL Radio: Déi Leit déi lo eng Wunneng baue fir ze investéieren, déi musse vum 1. Januar un 14% méi bezuelen, an dat si Suen, wou ech mir ka virstellen, datt e Propriétaire déi herno op säi Locataire, datt de Locataire déi muss méi bezuelen.

Maggy Nagel: Dat heescht wann elo, wéi soll ech elo soen, wann elo gesot gëtt, datt dat doten en Afloss op de Präis hätt, da sinn ech net der Meenung. Well déi déi bauen, déi kënne jo och nach vun aneren Avantagë profitéieren, dat huet esouguer de Premier gesot. D'Investisseuren déi an de Steen investéiere profitéieren an Zukunft net méi vun dem sozial superreduzéierten Taux, mä déi profitéieren awer vum Amortissement accéléré. Dat heescht, während deenen éischte 6 Joer 6% pro Joer vum Invest, an duerno 2%. A mat dëser Ofschreiwung wëll d'Regierung jo den Invest an de Logement begleeden. Et ass awer net logesch fir d'Investisseure weiderhin déi sozial an déi Amortissementsvirdeeler parallel bestoen ze loossen. An ech sinn nach der Meenung, datt duerch déi Hausse vun der TVA et nach ëmmer attraktiv wäert si fir an de Logement ze investéieren.

RTL Radio: Quitte datt et méi deier gëtt.

Maggy Nagel: Dat muss net onbedéngt de Fall sinn. Well wa mir och kucke fir an d'Densitéit méi ze investéieren, dat heescht, a méi kleng Terrainen an aner Methode fir ze bauen, da geet jo och emol éischtens de Präis vum Terrain erof, wat jo awer och scho wichteg ass, well et ass am Fong dat den Haaptproblem, d'Präisser vun den Terrainen, net d'Präisser vun de Wunnengen. D'Präisser vun den Terrainen.An et ass wierklech esou attraktiv nach ëmmer, well d'Demande ass enorm, wann ee bedenkt wéi vill datt der an engem Ministère bei eis regelméisseg all Woch uruffe fir ze froen no Wunnengen. Ech mengen, déi Demande ass esou grouss an do musse mir reagéieren. An ech stelle mir heiansdo d'Fro, firwat maache mir d'TVA, déi 3% oder 17% elo, zu engem Diskussiounsthema, firwat kucke mir net einfach fir alleguerten déi Offer an d'Luucht ze setzen. Well wa mir dee Wee fannen a wa mir deen Dialog sichen, da sinn ech der Meenung, dann ass dat le moindre mal fir iwwert déi TVA-Erhéijung do ze schwätzen. A wann ech soen zesummen, da sinn ech ganz gäre bereet, Dir hutt den Här Schmit elo ernimmt vu gëschter Owend, dat ass och an deem Sënn wou ech elo wollt fueren. Mir hunn elo d'Plans sectoriels Logement op dem Wee fir duerch d'Prozedur ze kommen. Et ass elo a mengem Sënn, fir eben all déi Acteuren elo kuerzfristeg eng Kéier, wa mir déi Plans sectoriels duerch d'Regioune presentéiert hunn, och am Logementsministère ze gesinn, a fir da wierklech Punkt fir Punkt hir Meenungen, hir Kritiken, awer virun allem hiren Input an hiert Matschaffen an deem ganzen Dossier do ze sichen. [gëtt ënnerbrach]

RTL Radio: Well dat hunn d'Akteuren, entschëllegt, an der Lescht immens vermësst. Dat sot eis och gëschter den Här Schmit um Mikro.

Romain Schmit (O-Toun): Majo, d'Logementsministesch ass iergendwou an där Diskussioun hei la grand absente. Mir hu fonnt, datt si nach net dobäi wier. Do si Versich gelaf vun eiser Säit aus fir si ze kontaktéieren. Dat ass eis iergendwéi nach net gelongen. Ech sinn awer ganz zouversiichtlech, datt si och erëm wäert optauchen.

RTL Radio: Bon, haut sidd Dir emol bei eis am Studio, a wéi Dir lo just gesot hutt, Dir wëllt awer duerchaus mat all den Acteure schwätzen. Et ass net, datt Dir lo mat deem engen oder anere keng Gespréicher wéilt hunn.

Maggy Nagel: Selbstverständlech, an et ass net ganz richteg, well ech souz och mat Leit aus hire Kreeser ganz fréi um Dësch, ech hu souguer e Pabeier am Ministère leien, wou déi Leit mir dogelooss hunn, wou natierlech hir Doléancen an hir Iwwerleeungen zu verschiddene Punkte vum Koalitiounsaccord, dat war dee Moment wéi de Koalitiounsaccord erauskomm ass. Dofir soen ech, ech hu scho ganz fréi ugefaangen. An ech sinn e Mënsch, ech hunn et schonn eng Kéier gesot, an der Kultur dat selwecht, ech sinn e Mënsch, ech hu misste meng Dossieren elo emol kenne léieren, an ech hunn all déi Leit déi am Secteur täteg sinn, hunn ech missten elo gesinn. A firwat hunn ech si nach net sou mat agebonnen an déi ganz Diskussiounen? Well ech ebe wollt ofwaarden, datt ech eppes Konkretes ausgeschafft hunn a mengem Ministère ,an datt mir déi Plans sectoriels elo op de Wee vun der Prozedur gesat hunn. An dann natierlech, kann ech den Här Schmit berouegen, wäert deemnächst eng Reunioun stattfanne fir, wéi gi mir elo virun an där ganzer Geschicht Logement an Zukunft, fir doriwwer ze diskutéieren. Well dat weess elo geschwënn all Mënsch, datt ech net eenzel fonctionnéieren, mä datt ech an enger Equipe nach ëmmer a menger politescher Carrière fonctionnéiert hunn. An dat wäert och net ännere bei dësen Themen.

RTL Radio: Diskutéiert gëtt dann och iwwert d'Aides au logement, déi sollen nei definéiert ginn. Dir hat mol eng Kéier gesot, datt Dir Iech kéint virstellen, dat zesumme mam Familljeministère ze maachen. Ass déi Iddi an Tëschenzäit scho méi konkret?

Maggy Nagel: Jo, wat den Deel vun der Aide au logement betrëfft, sou schaffe mir do wierklech ganz enk mam Familljeministère zesummen, fir en zesummenhängend an och kohärent Konzept auszeschaffen. Dat selwecht gëllt fir d'Regruppementer vun den Aiden, energetesch, sozio, ekonomesch oder ekologesch. Nieft dem Familljeministère also och mam Ëmweltministère, well do och e ganz grousse Volet op de Logement duerkënnt. An d'Richtung an déi et soll goen ass déi, datt mir wierklech e Package herno ausgeschafft hunn, mat deem mir déi sozioekonomesch Critèrë ganz fest am A behalen. Méi konkret gëtt et deemnächst an der Subvention loyer, wou déi lescht Amendementer am Gaange sinn ausgeschafft ze ginn. A mir sinn natierlech déi Leit Zäit, wa mir als Regierung zesumme souzen, haaptsächlech elo vun dëser Woch un, wou mir eis konzentréieren all Ministère zesummen, wat déi Packagen ugeet, fir déi ze ficeléieren a fir déi dann de Leit matzedeelen, wa mir eis Decisioune getraff hunn.

RTL Radio: Kuerz virun hallwer eng komme mir da schonn e bësse méi no bei d'Kultur. Dir wëllt den Denkmalschutz reforméieren. A wéi eng Richtung soll déi Reform goen? Datt herno manner Gebaier geschützt ginn?

Maggy Nagel: Ma neen, ech sinn emol virun allem frou, datt ech déi Chance hunn, datt ech déi Responsabilitéit vum Logement hunn a vun der Kultur, an natierlech och an der Kultur mäi Service Sites et monuments. Dat heescht, dat ass scho wierklech flott. Well den Denkmalschutz a mengen Ae jo awer och eng ganz grouss Roll spillt, wat de Wunnengsbau elo ugeet. A wa mir Gemengen emfänken huelen ech dofir och all responsabel Leit ëmmer mat un den Dësch, fir zesummen iwwert déi Projeten ze schwätzen. Denkmalschutz ass leider e bëssen ze kuerz komm an deene Plans sectoriels. An dofir, mä ech mengen dat méi spéit, den Denkmalschutz dee soll eng wichteg Roll och spillen an eisem Kulturentwécklungsplang, well d'Leit – an ech weess, datt dat an de Gemengen doruechter sou gehandhaabt gëtt – si sech bewosst, datt et enorm wichteg ass fir de Patrimoine ze erhalen. De Patrimoine erlaabt, wa mir erëm zeréck bei de Logement kommen, och ganz vill Méiglechkeete fir an deene renovéierten ale Gebaier, déi subventionéiert ginn, och iwwert d'Kultur, wat Sites et monuments ugeet, fir do och aktiv ze ginn an de Logementer. Eng aner Form vu Logementer, mä awer och eng ganz valabel Léisung fir där Pénurie entgéint ze kommen. An net méi spéit wéi gëschter war ech bei der Veianer Gemeng, an do muss ech soen, ça promet. Dat sinn immens flott Projeten déi eng Gemeng huet, an ech weess, och aner Gemengen, mä hei war et elo méi konkret. Also, do ass en Engagement, en Dynamismus an déi ganz Saach komm, fir eben an hirer Gemeng, a Veianen, déi Haiser déi lo eidel stinn deelweis vun der Gemeng opzekafen, oder duerch privat Propriétairen, déi z'animéiere fir flott Logementer dran ze kréien. Et ass e grousse Projet deen och do geet. An do wa grouss Projete sinn, do fannen ech et ëmmer ganz wichteg, datt mir eng Mixitéit am Wunnengsbau kréien, a wou den Haaptakzent Jugend sollt awer sinn.

RTL Radio: Mir sinn da gespaant, wat an deem Bericht geschitt. Duerno fuere mir viru mat der Kultur. Lo maache mir awer mol fir d'éischt Plaz fir de Mëttesjournal an da geet et ëm deen zweete Ressort. 

RTL Radio: Gudde Mëtteg an eisem zweeten Deel vun der Emissioun, an deem mir elo mat der Ministesch iwwert hir Aufgaben an der Kultur schwätzen. Maggy Nagel, wéi Dir op där Plaz ugefaangen hutt, hutt Dir fir d’éischt emol opgeraumt. Op d’mannst koum et sou no baussen riwwer. Stéchwuert Expo iwwert den Éischte Weltkrich, eng Rees vum OPL. An Dir hutt annoncéiert, d’Konventioune mat deene verschiddene Kulturhaiser ze kënnegen. War dat alles néideg fir d’Saach méi transparent ze maachen, oder firwat war dat néideg?

Maggy Nagel: Wann Dir sot, ech hunn déi éischt Zäit wéi ech dohi komm sinn opgeraumt, dann hunn ech vläicht mat ganz anere Saachen opgeraumt wéi dat wat Dir elo gesot hutt. Ech mengen, dat doten, d’Expo vum Éischte Weltkrich an d’Rees vum OPL, éischtens d’Expo vum Éischte Weltkrich ass ënnert der Kompetenz vum Staatsminister, net vum Kulturminister, an den OPL dat war eng Rees déi net schrëftlech festgehale gi war, mä déi einfach esou als Courrier op mäi Büro geflunn ass fir e weidere Kredit ze kréie fir a China ze reesen. An et war just fir beim OPL ze weisen, där Rees a China, et war just dee Moment wou mir gesot hunn, mir maachen 10% Aspuerungen an eise Budgeten an an eisen Haiser. An dunn ass am Regierungsrot, hunn ech dat matgeholl, an dunn ass eestëmmeg gesot ginn, da kënne mir net elo akzeptéieren déi Sue fräi ze ginn, fir datt déi Tournée a China déi soll gemaach ginn. Déi war virgesi fir vum 9. Bis den 22. September dëst Joer.An ech mengen, dat ass e bësselche méi no baussen opgebauscht gi wéi dat Ganzt awer an den interne Kreeser opgeholl ginn ass. Also, do war awer d’Verständnis direkt do, well den OPL, deen huet jo awer net nëmmen déi do Rees, wou en hätt misste maachen, mä en huet awer schonn 2014 Reesen a Russland, a Spuenien, an Däitschland. Also, et ass net, datt den OPL net méi an d’Ausland an Zukunft méi dierf reesen, mä et ass punktuell déi dote Saach, déi iwwert 300.000 Euro kascht hätten, schonn 230.000 Euro Reeskäschten, also, et ass dat wat de Rahmen gesprengt huet. An dat ass jo och net, datt dat elo net soll gemaach ginn, mä zu dësem Zäitpunkt war et wierklech e ganz schlechte Moment fir ze froe fir kënnen dat do ze maachen. An nach eng Kéier, d’Direktioun vun der Philharmonie an den OPL déi hunn dat awer net esou katastrofal opgeholl wéi dat vläicht dobaussen elo kommentéiert ginn ass.

RTL Radio: Si hunn awer wahrscheinlech net an d’Hänn geklappt vu Freed. 

Maggy Nagel: Natierlech, wann een esou en Orchester ass, ass ee frou fir kënnen dat Talent an dat Wësse wat se hunn an hirem Beräich, fir no baussen awer och kënnen an en anert Land ze goen. An haaptsächlech wann een esou wäit iwwert d’Mier eriwwer ka fléien ass dat schonn eng Chance. Mä nach eng Kéier, dat wëllt net heeschen, datt deen OPL net eng Kéier a China elo ka fléien. Mä dat ass awer eng Diskussioun ,an dofir sinn ech och frou, do ass och elo en neie Chef d’orchestre komm, de Gustavo Gimeno, deen ech elo kenne léieren, dee wäert och aner Iddien nach matbréngen an och wéi dat elo an Zukunft kann international deen Orchester nach méi no vir bruecht ginn. Also nach eng Kéier, dat dote war e schlechte Moment, an dat ass awer net, datt dat an Zukunft ëmmer sou ass, datt den OPL net méi dierf an d’Ausland fléien.Dir hutt och geschwat vun der Expo vum Éischte Weltkrich. Also do muss ee fir d’éischt emol soen, et ass net flott wann dat elo net esou gemaach ginn ass, wéi dat vläicht undiskutéiert ginn ass, awer net budgetiséiert war am Virfeld. Mä et ass awer och net, an dat ass da mäi Beräich an der Kultur, datt do d’Leit net schonn Aktivitéiten haten. An de verschidde kulturellen Instituter sinn an dësem Kader scho ganz vill Aktivitéite gelaf an och gemaach ginn. Ech wëll just nëmme soen – dovunner ass net geschwat ginn, et ass ëmmer nëmme vun där Expo geschwat ginn – mä den CNL deen huet e Colloque zum Thema Urkatastrof gehat. Den Institut Pierre Werner, deen de Christopher Clark, den Auteur vum Buch “Schlafwandler” invitéiert hat, hat en Owend. Den Dikrecher Militärmusée, deen ech elo eréischt kucke war, deen huet am November 2014 eng Expo iwwer d’lëtzebuerger Fräiwëlleger, mécht déi iwwer déi déi an deenen 2 Arméien am Éischte Weltkrich gedéngt hunn, an sou virun an sou fort. Also, an eisen Instituter si ganz, ganz vill Aktivitéiten déi ugeduecht gi sinn, déi scho gemaach gi sinn, déi nach wäerte kommen. An et muss een elo just kucken, datt een déi Initiativen déi déi Haiser bis elo geholl hunn an och nach wäerten huelen, datt déi dynamiséiert erëm gi fir awer dat Ganzt um Lafen ze behalen.Wat elo d’Commémoratioun vum Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg ugeet, dat limitéiert sech also net op déi Expo vun der Uni. Dat wëllt awer net heeschen, datt déi Aarbecht déi d’Uni gemaach huet, do ass eng Konventioun mat der Uni Lëtzebuerg gemaach huet, déi seet, wat déi materiell Ëmsetzung vun där Expo ugeet, déi Aarbecht déi ass immens wäertvoll an déi ass evaluéiert ginn op 256.000 Euro Budget. Do hu mir gemengt, datt dat awer ze Schued wier an ze deier wier fir dat nëmme just eng Kéier ze maachen. An dofir ass d’Iddi komm fir elo net dat 2014 ze maachen an dann näischt méi ze maachen. Mä, de Krich huet 14 ugefaangen, en ass bis 18 gaangen, fir wierklech präsent ze sinn an deene 4 Joer vun deem Éischte Weltkrich bis 2018 elo, fir Aktivitéiten ze hunn. An déi Expo, war d’Iddi elo opkomm an do ass d’Ministesch Corinne Cahen, Responsabel vun der Groussregioun, an ech och selwer mat dem Premier natierlech, déi elo an der Groussregioun Kontakter opgeholl hunn. Ech hunn zum Beispill mat de Kulturministere vu Frankräich an Däitschland de Kontakt gehat an haaptsächlech Frankräich, fir datt esou eng Expo an enger anerer Form vläicht wierklech duerch eis ganz Groussregioun geet. An déi Expo ass jo och interessant, well et geet jo net nëmmen ëm den Éischte Weltkrich, mä et soll awer och geduecht gi fir iwwerhaapt, d’20. an 21. Joerhonnert, fir iwwerhaapt och dat uschléissend drun ze knëppen, fir eng breet Populatioun och kënnen ze informéieren an och ze interesséieren un där ganzer Saach. Also, dat soll net esou eng punktuell Saach sinn. An da rechtfäerdegt sech och sou en héije Montant fir dat iwwer eng gewësse Rei vu Joeren, deen Invest ze maachen, mat deem wat d’Uni fir eng Viraarbecht geleescht huet, déi jo och net einfach elo an d’Dreckskëscht gehäit gëtt, mä déi wouropper geschafft gëtt. Dat ass schonn eng Basis an dat war och wichteg, datt dat esou och gemaach ginn ass déi Zäit.

RTL Radio: Dir hutt elo d’Instituter ugeschwat, an do hunn ech nach eng aner Fro. Et ass eis zu Ouere komm, datt am subventionéierte Secteur e puer Leit sinn déi den Ament keng Pai kréien. Wat ass dann do lass?

Maggy Nagel: Am subventionéierte Beräich Leit déi keng Pai kritt hunn?

RTL Radio: Genee.

Maggy Nagel: Wat mengt Dir domatter?

RTL Radio: Do si Leit déi den Ament nach ëmmer op hir Pai waarden. 

Maggy Nagel: Weess ech net, kann ech Iech net drop äntweren. Dat kann ech Iech net soen. Do ass mir näischt bewosst, well wa jo awer sou eppes ass, da muss ech soen, da sinn ech awer dat éischt wat normalerweis misst dat dote wëssen.

RTL Radio: Genee.

Maggy Nagel: A si wëssen och, datt wa sou Problemer sinn, datt se en oppent Haus hunn, an datt se zu all Moment kënnen d’Ministesch erreeche fir doriwwer ze schwätzen. Dat dote wäert ech mir dann d’nächst Woch méi genee ukucken, an am Moment weess ech net, vu wou doriwwer Rieds geet elo.

RTL Radio: Ok, mir haten nach iwwert Konventioune geschwat déi gekënnegt ginn. Do gi se elo nei ausgehandelt. No wéi enge Critèrë geschitt dat dann?

Maggy Nagel: Virop ass iwwerhaapt emol ze bemierken, wa mir vun deene Konventiounen do schwätzen, datt wa Konventiounen, wéi ech gesot hunn, op Null gesat sollte ginn, fir de September mussen déi gekënnegt sinn, dat ass iwweregens all Joers sinn déi kënnegbar op den 1. September, a wann net eppes geschitt, da lafe se rëm normal virun. Wann d’Konventiounen op Null gesat sollte ginn, heescht dat net, datt eis Partner wäerte musse fäerten, datt se muer op eemol mat eidelen Täschen do stinn. Déi kréien natierlech e Budget zur Verfügung. Mir hunn 84 Konventiounen wou am ganze bal 45 Milliounen Euro vum Staat un eis Partner iwwerwise ginn. A mir maachen dat, well mir als Staat gären hätten, datt dës Partner verschidde kulturell Missiounen iwwerhuelen. A wou mir eis mat hinnen och eens gi sinn, datt se dës Missiounen erfëllen. Vill Konventioune sinn historesch gewuess a vill Missiounen déi an de Konventiounen och do virgesi sinn, mussen aktualiséiert an ugepasst ginn. Dat ass fir mech den Haaptdeel vun där Iwwerschaffung vun deene Konventiounen, an och wëll ech, datt d’Konventiounen iwwert e puer Joer lafen, bis 2018. Bis elo war et ëmmer nëmmen eng Sécherheet op 1 Joer. Dat wëll ech net, well ech weess wéi eis kulturell Instituter schaffen an déi brauchen déi Sécherheet fir kënnen op puer Joer hir Programmer ze ficeléieren. Dat gëtt eben eise Partner eng vill méi eng finanziell Sécherheet an hirer Programmatioun, wa se wësse wéi déi Contributioun op e puer Joer och ass, an et erlaabt den Instituter och eng gewësse Kulturentwécklung fir d’nächst Joer a fir déi nächst Joeren ze plangen. Also, déi Konventioune gi jo och net gekënnegt, ouni datt ech mat deene Leit schwätzen. Ech hu se schonn alleguerte gesinn am Virfeld, an ech wäert se och elo gesi wann intern Critèrë musse festgehale ginn, no deenen déi Konventiounen herno opgestallt ginn. Déi Critèren, déi sinn am Gaange vun de Servicer vu mengem Ministère ausgeschafft ze ginn. Als Partner kréien déi e Questionnaire zougestallt mat spezifesche Froe wat hir kulturell Programmatioun ugeet, awer och wat hir Organisatioun u Personal ugeet. An da schécken déi dat eran. An dann, en Fonction vun deenen Äntwerten, setzen ech mech dann erëm mat hinnen zesummen a mir definéieren d’Missiounen an de Budget fir déi nächst Joeren. Well bis elo, an dat hunn ech sou oft gesinn am Ministère, an dat soe meng Leit mir och, ass dat alles esou bësselchen à la tête du client gehandhaabt ginn. Dat heescht, ech hunn et ëmmer benotzt an ech soen et och nach eng Kéier, mat der Géisskan iwwert d’Land gefuer ginn. An do ass ganz vill Onzefriddenheet; firwat huet deen een dat a firwat hunn ech net dat? Awer d’Aktivitéite waren déi selwecht. An dat wëll ech, déi Gerechtegkeet, déi wëll ech och duerch déi Iwwerschaffung vun de Konventiounen do och an déi ganz Saach era bréngen. An d’Resiliatioun vun de Konventiounen ass wéi gesot elo fir Enn Juli 2014 geplangt. An déi nei Konventioune ginn dann iwwert den Hierscht a Wanter vun dësem Joer ausgeschafft, sou datt Uganks 2015 déi nei Konventiounen hoffen ech a Kraaft trieden, wa mir eis eens sinn a wa mir duerch déi sämtlech Diskussiounen och gaange sinn. An da gëtt dat e ganz anert Bild fir 2018, wéi dat da soll iwwerall an den Instituter fonctionnéieren.

RTL Radio: Rechent Dir, datt dat ouni gréisser Problemer geschitt, oder stellt Dir Iech do awer op méi haart Diskussiounen an?

Maggy Nagel: Ech hunn d’Leit scho gesinn, nach eng Kéier, an ech weess, datt verschidden Haiser un der Limite ukomm sinn, Schmäerzensgrenz ukomm sinn, well wa mir nach esou eng Kéier sou Exercicer maachen – et ass jo net fir d’éischt wou déi 10% do agespuert gi sinn, dat war jo schonn Joere virdru wou dat passéiert ass – also deen Exercice kënne mir net nach eng Kéier bei verschiddenen Instituter maachen, soss ass et wierklech e Problem. An ech muss soen, et war eng ganz grouss Ouverture do, well se selwer net zefridde ware mat där Onsécherheet déi se bis elo haten. An déi Sécherheet déi se doduercher kréien, déi motivéiert se am Fong fir am Virfeld hir Programmer ze iwwerdenken, fir ze kucke qualitativ muss et besser nach ginn, quantitativ schrauwe mir vläicht e bësselche rof. A wann ech soen, et muss iwwerschafft ginn, dat wëllt net heeschen, datt mir dee Budget do drastesch kierzen, mä aneschters benotzen. Dat heescht, mir wëllen och guer net méi vu spuere schwätzen, mir wëllen ebe schwätzen, wéi kënne mir eppes reorganiséieren, wéi kënne mir eppes ënnert den aktuelle Konditioune moderniséieren, fir datt eis Instituter eng aner Méiglechkeet hu méi modern an enger anerer Form kënne virun ze fueren. Dat ass net fir all Instituter, well et sinn der, déi wierklech hir Regelen hunn, wou se fest mussen duerno och schaffen. 

RTL Radio: Am Regierungsprogramm geet dann nach Rieds vun engem Kulturentwécklungsplang. A wéi enger Hisiicht soll dee sech positiv op de Kultursekteur auswierken?

Maggy Nagel: Dee Kulturentwécklungsplang ass am Fong eng Reaktioun op dat wat ëmmer bestanen huet, e Pacte culturel wou net vill dobäi rauskomm ass, ausser eng Kéier waren Assisen an dunn ass näischt méi geschitt. Am Kader vun deem Kulturentwécklungsplang steet en éischte Pabeier dee sech Réflexion préliminaire et papier martyre nennt. Deen ass am Mäerz finaliséiert elo ginn. An elo gëtt dëse Pabeier an enger éischter Etapp intern weider ausgeschafft an dann an enger zweeter Etapp mam Secteur diskutéiert. Also, och do gesitt Dir erëm, muss mam Secteur diskutéiert sinn, well de Kulturentwécklungsplang, da kommen ech erëm bei den éischte Volet vun eisem Mëtteg hei, de Plan sectoriel: d’Kultur muss och iergendwou an engem Pabeier, an engem Kader sech an nächster Zukunft, an den nächste Joeren am Land bewegen, datt ee weess wéi mir eis mat där Kultur déi mir hunn – an et ass enorm vill wat um kulturellen Niveau an eisen Instituter iwwerall, an eise Veräiner, an eise Regioune wat passéiert – an dat muss an e Kader kommen. An doraus entstinn dann och erëm déi Assisen, wou mir dann, wéi gesot, an der zweeter Etapp all d’Akteuren do sëtzen hunn, an opgrond vun deem Pabeier eng Diskussioun kréien, wéi déi gesinn hiren Input maache fir an dee Plang do eran ze kommen.

RTL Radio: Dann, d’Institut fir Zäitgeschicht. Och dat steet am Regierungsprogramm. Wou sidd Dir domatter drun?

Maggy Nagel: Institut fir Zäitgeschicht, dat ass eng ganz flott Saach, well mir mussen emol eis Aarbecht maachen déi aner Länner och scho gemaach hunn an där ganzer Saach. An do och geet et net ëm Éischten oder Zweete Weltkrich, mä et geet och ëm d’20. an 21. Joerhonnert. Wat ass bis elo geschitt? En Aarbechtsgrupp hunn ech am Ministère elo gehat an deen huet de Pabeier och fäerdeg geschriwwe fir deen Institut. Do si verschidden Acteuren déi um Dësch do souzen. Et ass och gekuckt ginn, wéi gi mir vir. De Kontakt dee mir ganz wichteg war ass gemaach ginn och mat der Escher Gemeng, déi sech och e bësselche virdru sou à part gesinn huet. Och do hunn ech de Kontakt mat der Buergermeeschtesch a mam Schäfferot gehat fir hire Resistenzlermusée, well déi hate wierklech um sëlwere Plateau eng Offer dem Ministère virgeluecht, fir de Resistenzlermusée an esou en Institut fir Zäitgeschicht mat eran ze kréien. Do maache mir elo Neel mat Käpp, dat heescht, mir maachen eng Konventioun mat der Escher Gemeng a mir kucken elo, datt och een Deel vun där Aarbecht déi ech da vum Regierungsrot gréngt Liicht kritt hunn, fir deen Institut elo och finanziell ofschätzen ze loossen. Dat leeft, déi Etapp, an natierlech kucke mir, well dat Ganzt ass an 2-3 Pilieren, dat heescht, engersäits ass et d’Recherche, natierlech déi wichteg ass. Do ass mäin Haaptuspriechpartner d’Uni Lëtzebuerg. An da kënnt dee visuellen, geschichtlechen Deel; ass de Resistenzlermusée. An natierlech och da muss ee kucken, eng Struktur kréien, geet een an déi Richtung vun engem Etablissement public. Dat Ganzt ass fir mech en Etablissement wat muss wierklech onofhängeg fonctionnéieren, iwwert eng Direktioun. An natierlech, Haaptdeel ass elo fir dee Pabeier dee mir ausgeschafft hunn, fir deen ze diskutéieren, an da fir Enn des Joers, wa mir et packen, fir do virzeleeën, fir e Projet de loi virzeleeë fir deen Institut do op d’Been ze setzen. Also, soll wierklech ganz séier och viru goen.

RTL Radio: Wann een elo 2 sou grouss Ressorten huet, wéi Dir hutt, huet een dann eigentlech selwer nach Zäit fir Kultur?

Maggy Nagel: Selbstverständlech. Ech brauch keng Zäit ze hunn, well ech liewe vu moies bis owes Kultur, well ech och ganz vill – an dat fänken ech elo mol un, well ech meng Dossieren elo emol all gesinn hunn – ech fänken elo emol u méi op den Terrain ze goen, méi bei d’Leit ze goen. Ech kann Iech soen, ech hunn esou fir de Weekend eng 30, 40 Invitatiounen, also e grousse Choix. An ech muss soen, dat wat ech bis elo alles scho matkritt hunn, dat ass enorm. A Kultur gëtt ëmmer gesot, d’Sue ginn zur Fënster eraus gehäit, do kann ech awer nëmme soen, dann hunn déi Leit dat nach net richteg verfollegt, well wat mir um Häerz läit als fréier Buergermeeschtesch, no 20 Joer an enger Gemeng, wat mir um Häerz läit ass déi wonnerbar Aarbecht déi an de Regiounen, an de Lokalitéite gemaach ginn, well déi bénévole Aarbecht déi do leeft, déi ass enorm. A wann ee gesäit wat dorauser entsteet, mä awer och an deene groussen Haiser wou ech dann ëmmer elo ginn, also dat ass eng passionant Saach. Ech konnt elo de Kontakt emol hu mam Film iwwert Cannes, de Filmfestival, wou d’Missioun jo och vum Kulturministère ass Kreativitéit ze ënnerstëtzen am Filmsekteur och. Et ass zwar d’Kompetenz vum Premier, vum Medieminister. Mä awer och dann huet ee Saache wéi d’Biennale zu Venedeg. Also, et ass villfälteg an ech muss soen, ech si passionéiert vun där Aarbecht déi ech an der Kultur maachen, déi mir awer villes gëtt fir kënnen am Logement och virun ze kommen.

RTL Radio: An eng Aarbecht déi Iech Spaass mécht?

Maggy Nagel: Aarbecht déi wierklech mir Spaass mécht. Jo.

RTL Radio: Ech si frou, datt Dir Iech Zäit geholl hutt fir haut bei eis ze kommen. A soen Iech villmools Merci dofir.

Maggy Nagel: Ass gär geschitt. Merci och.























 





 










 

 





 


 


Dernière mise à jour