Maggy Nagel au sujet des prix de logement au Luxembourg

"Die demografesch Croissance bei eis ass unique an Europa"

"Et ass net, datt näischt leeft um Niveau vum Logement, mä et muss anescht ugepaakt ginn. An all déi Akteuren déi mir hunn, déi an de Logement investéieren, déi mussen anescht op den Dësch gesat ginn, déi mussen anescht matenee geschwat ginn, fir eben och déi Prozeduren ze vereinfachen a méi séier ze kréien, ze aktivéiere fir dann där Demande och gerecht ze ginn."

Maggy Nagel: Gudde Moien.

Max Theis: Wunnen ass deier zu Lëtzebuerg, Madame Nagel. D’Regierung wëll dee Problem ugoen, an huet am Regierungsprogramm och Pisten zeréckbehalen. Zum Beispill solle Bauterraine mobiliséiert ginn. Wéi wëllt Dir dat da maachen?

Maggy Nagel: Jo, dat ass elo eng Fro, wou een awer muss e bësselchen dat Ganzt an de Kontext setzen, well wann een esou nei als Ministesch ufänkt, da muss ee fir d’éischt emol seng Ministèrë kenne léieren. A vun de Leit déi do schaffen, muss een emol lauschtere wéi dann den Ist-Zoustand elo ass.

Eppes steet fest, dat ass, datt déi demografesch Croissance bei eis unique an Europa ass. Dat heescht, mir hunn eng Populatioun, déi an deene leschte Joeren, wann een nëmme kuckt, vun 2012 op 2013, wou 12.100 Leit an engem Joer bäikomm sinn, dat ass eng Hausse vu bal 20%, déi wierklech, wéi ech elo just gesot hunn, unique och an Europa ass.

Da muss een och kucken, de Solde migratoire vum Land, dat heescht, 10.000 Leit an engem Joer bäi, dat ass an enger Gréisst vun, fir ze soen, vun enger Gemeng wéi Beetebuerg, déi bäikënnt, dat heescht, dat ass dat Vvéierfacht an engem Joer wou d’Populatioun da klëmmt. An do ass dann och wierklech direkt de grousse Besoin do fir supplementar an de Logement ze investéieren, well eng 4.000 Logementen an där do Situatioun mussen direkt prett sinn.

Do si mir awer, bei eis am Land hei hippe mir och, an dofir fänken ech och domat un, datt et e Manktem gëtt u Wunnengen. An e Manktem u Wunnengen ass déi eng Saach, an eng Präissituatioun déi mir am Land hunn, déi, wéi Dir esou richteg beschriwwen hutt, Ausmoosse geholl huet, déi mir esou séier wéi méiglech mussen an de Grëff kréien.

Et ass eng immens grouss Demande do fir Logementen, an op déi Demande hi musse mir elo aktiv ginn.

Et ass net, datt näischt leeft um Niveau vum Logement, mä et muss anescht ugepaakt ginn. An all déi Akteuren déi mir hunn, déi an de Logement investéieren, déi mussen anescht op den Dësch gesat ginn, déi mussen anescht matenee geschwat ginn, fir eben och déi Prozeduren ze vereinfachen a méi séier ze kréien, ze aktivéiere fir dann där Demande och gerecht ze ginn.

Eise Fonds de Logement, deen am Moment ganz staark am Land och investéiert, an och an der Planung mat ville Projeten ass, deen huet am Moment eng 10 Chantiere lafen, wou en eng 173 Logementen am Gaangen ass ze bauen. Et muss een och ëmmer, wann ee Logement schwätzt, vergläichen engersäits déi a Locatioun sinn, an anerer déi an der Vente sinn. De Fonds de Logement, deen an deenen nächste Joere Projeten ulafe léisst, am nächste Joer sinn et der 6, an an deene Joeren déi kommen, sinn et iwwer 250 Wunnengen, déi do geschaf ginn. Dat ass schonn e grousse Volumen, mä et entsprécht awer net deem wat mir wierklech brauchen.

Max Theis: Mä wéi wëllt da fir méi suergen, fir méi Offere suergen? Wéi soll dat da goen?

Maggy Nagel: Fir méi Offer, fir der Demande méi gerecht ze ginn, fir méi Offer ze suergen, hu mir jo eng ganz Rei Outilen déi mir kënnen aktivéieren.

An do kommen ech dann ze schwätzen op déi ominéis Plans sectoriels, déi am Moment am Gaange sinn. Wou mir och de Plan sectoriel Logement am Gaange sinn ze analyséieren. Do wäert ech mat dem Inneminister, dem Här Dan Kersch, mech un en Dësch sëtzen, an do muss gekuckt ginn, do solle jo am Land iwwer 500 Hektar Bauland bäikommen.

Mä ausserhalb vum Plan sectoriel Logement si jo d’Gemengen am Gaangen awer hir PAGen ze kucken, eng Revisioun dovunner ze maachen, wou awer d’Méiglechkeet elo bestoung, bis 2015 nach eng Prolongatioun ze kréie fir duerch déi ganz Prozeduren ze kommen. An do muss een all PAG eenzel betruechten.

Mäi Virgänger deen huet schonn de Piedche getrëppelt, deen ass scho bei d’Gemenge gaangen. An dat si fir mech déi Haaptakteuren, wou musse mat an d’Schëff klamme fir eben där Demande gerecht ze ginn. Well ouni d’Gemengen am Land kënne mir net no vir kommen, kënne mir net avancéieren. An do ass eng grouss Ouverture do, déi grouss Ouverture déi ass do fir ebe Logementen, Bauland ze schafen, mä awer och fir innerhalb vun de Perimeteren, déi am Moment an de PAGen dra sinn, fir och do ze kucken, wat fir e Potenzial hu mir nach fir dee Baulückeprogramm, dee mir an eisem Koalitiounsaccord hunn, fir deem gerecht ze ginn.

Baulückeprogramm engersäits, wa mir schwätzen iwwer Extensioun vu Perimeteren, da schwätze mir vu Baulandverträg, wou mir och all déi, déi potenziell Cliente sinn, déi Bauland zur Verfügung hunn, an och kënne stellen, sief dat Gemengen, sief dat awer och Privatleit, fir déi iwwer e Baulückevertrag och da kënnen ze kanaliséieren, an ze wëssen, wéi séier kënne mir Bauland fräikréie fir ze bauen.

Dann natierlech ass och am Gaange fir gekuckt ze ginn, wat de steierleche Volet ugeet, wéi dee ka geregelt ginn. An natierlech och fir ze kucken, wéi selektiv kann dat Ganzt och gehandhaabt ginn.

Mä et muss een awer fir d’éischt emol als Staat – an dat maachen ech mat mengem Ministère elo, an a mengem Ministère, meng Leit maachen dat fir mech – fir emol iwwerhaapt en Ist-Zoustand ze maachen.

Säit enger Rei Joeren hu mir e Pacte Logement als Gemengen ënnerschriwwen. Zu där Zäit waren et eng 98 Gemengen, déi dee Pacte Logement ënnerschriwwen hunn. An do hunn zu där Zäit sech d’Gemengen engagéiert fir eng ronn 50.000 Unitéiten, wat de Logement ugeet, ze schafen. Dee Programm deen ass elo massiv an deene leschte Joere gelaf. An do sinn eng 30.000 Logementen, déi geschaaft gi sinn, an déi an der Prozedur si fir och nach [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Stellt dat Iech dann zefridden, dee Chiffer, wann ee kuckt wat et kascht huet?

Maggy Nagel: Dee stellt mech zu engem gewëssene Punkt zefridden, mä ech muss soen, et hätt nach vill méi séier kéinte virugoen, well déi Pactes Logements, 2017 halen déi elo geschwënn op, si lafen zwar nach bis 2021 viru wat d’Subventioun, oder wat d’Aidë vum Staat ugeet, déi d’Gemengen do kréien. Dat hätt kéinte vill méi massiv nach, oder vill méi séier kéinte virugoen.

Mä, an da kommen ech bei deen anere Volet, d’Prozedure mussen ugepasst ginn, et muss vill méi einfach ginn. Mir schwätze jo iwwerall, an dat ass och an dësem Fall, iwwer eng Simplification administrative, iwwer e Guichet unique, wou all déi Dossieren, bei mir dann elo eben am Logement, zesummefléissen, a wou op dee Guichet unique och kënnen, d’Ministèrë mat hiren Avisen op enger Plaz deen Dossier kënne behandelen; wou een da wierklech eng länger Period, déi ee soss benotzt fir duerch déi Prozeduren ze kommen, kann ewech loossen, a wou een och ka vill méi séier bauen.

Ech sinn der Meenung, datt wann d’Prozedure méi einfach gewiescht wieren, wann all d’Akteuren, wat de Logement ugeet, fir an de Gemengen, oder och wat de Fonds de Logement gemaach huet, oder SNHBM, mam Sites et Monuments, fir deen net ze vergiessen a mengem Kulturministère, wann déi all ronderëm een Dësch gesiess hätten a ville Projeten, da wiere mir vill méi séier virukomm.

Ech hunn elo jo natierlech d’Dossiere gesinn, wéi datt déi geschleeft hunn all déi Joeren. Ech hunn zum Beispill, fir een nëmmen ze nennen, e Projet zu Dikkrech hunn ech deblockéiert, well ech och do gesinn hunn, datt do e schlechten Dialog zwëschent deene verschiddene Servicer vun de Ministèrë war, a wou och dann elo d’Méiglechkeet besteet fir relativ séier, nodeems dat elo deblockéiert ass, och do Logementen ze schafen. Do ass et dorëms gaangen, natierlech, wa Sites et Monuments sech dramëscht, an op déi Aart a Weis wéi dat elo gaangen ass, kann et net méi virugoen, dann ass dee Projet blockéiert, an da ginn do Diskussiounen un, et gi Visiten op der Plaz gemaach, an, an, an, a Méint fléissen an d’Land an et geschitt näischt um Terrain.

D’Reform vum Sites et Monuments ass och an eisem Koalitiounsaccord dran. Menger Meenung no ass et esou, datt d’Akteuren um Terrain, sief et d’Gemengen, sief et Privatleit, sief et de Staat och, datt se all musse sech, wann e Projet bis ze spieren ass, datt d’Leit sech sollen un den Dësch sëtzen, an datt se sollen deen Dossier, an dee Projet vum Ufank bis zum Schluss duerchdiskutéieren, an och begleeden, ouni datt, wann e Projet bis fäerdeg ass, dann eng Kéier e Courrier an eng Gemeng erakënnt, wou da gefrot gëtt, hei gitt an Äre Conseil, mir brauchen en Avis, ob dat do e Gebai ass an deem Projet do fir kënnen op den Inventaire ze setzen. An da sti mir do, ech hunn et selwer erlieft an enger laanger Period, wou ech elo Buergermeeschtesch zu Munneref war, do hu mir e Projet gehat, deen huet elo dräi Joer geschleeft, well dann do deen Dialog net do entstanen ass wéi en hätt missten entstoen.

An da sinn ech iwwerzeegt, elo kommen ech erëm zeréck bei de Pacte Logement, datt dat awer eng ganz gutt Saach war, dat huet de Gemenge gehollef. Mä et muss och eng Reform vun deem Pacte Logement gemaach ginn, well do sinn och aner Méiglechkeete fir dat nach anescht, och präislech wat d’Logementen ugeet, an de Grëff ze kréien.

Zum Beispill eng kuerz Bemierkung, am Pacte Logement kéint zum Beispill een Deel vun deene Suen, déi d’Gemeng kritt, och kéinten deblockéiert gi fir eng Acquisitioun vun Terrainen ze maachen, wou och eng Gemeng dann en anere Moyen nach kréich fir aktiv am Logement um Terrain ze ginn.

Ech weess, datt dee Pacte Logement ganz deier de Staat ginn ass. Bis elo, vun deene leschte Joeren, wou deen ausbezuelt ginn ass, hu mir iwwer 200 Milliounen de Gemengen iwwerwisen. Alleng vun deenen 200 Milliounen huet d’Stad Lëtzebuerg der ronn 70 dovunner kritt. A mir sinn nach net fäerdeg. och wann de Pacte Logement 2017 elo ophält. Wéi gesot, bis 2021 nach ausleeft, da wäerten nach eng Kéier 200 Milliounen dran investéiert ginn. Wat awer, ech mengen, gutt ugeluechtent Geld ass, well et jo awer zu engem groussen Deel och an déi Richtung geet fir an de Gemengen Terrainen, oder Gebaier fir d’Allgemengheet opzeriichten, an och an déi Gebaier ze investéieren.

A wa mir kéinten, nach eng Kéier, dovunner profitéieren, datt och déi Sue kéinte benotzt ginn zu engem Deel fir an Terrainen an an Acquisitioune vun Objeten, da wier och dee Pacte Logement nach ganz anescht. Dat ass just elo nëmmen eng Iddi fir eng Reform vun deem Pacte Logement ze maachen.

Max Theis: Da si mir gespaant, Madame Nagel, wat Dir alles am Logement ënnerhuelt, an ob dann och d’Präisser an de Grëff ze kréie sinn. Eigentlech wollte mir och nach iwwer d’Kultur schwätzen, mä eis Zäit ass leider ëm. Dat huele mir dann eng aner Kéier no. Merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Maggy Nagel: Villmools Merci!

Dernière mise à jour