Discours de Maggy Nagel à l'occasion de l'inauguration de la "semaine nationale du logement"

"Ech si frou och dëst Joer nees am Kader vun dëser Inauguratioun, e puer Wuert zu der Semaine Nationale du Logement an awer och zu der Logementspolitik am Allgemengen zesoen.

Dëst ass déi 2. Editioun vun der Home&Living an ech menge kennen ze soen, dass et d’lescht Joer ee Succès war. De Wunnengsbau ass eng vun de Prioritéiten vun dëser Regierung an dofir ass et ganz wichteg, dass och d’Semaine Nationale du Logement en eegestännege Salon bleift.

Mat dësem groussen Evenement vun der Home&Living wëllen mir den aktuellen an zukünftegen Awunner zu Lëtzebuerg entgéint kommen an him d’Liewen méi einfach maachen andeems mir alles op enger Plaz regroupéieren, sief et fir ze bauen, ze kafen, zelounen oder ze renovéieren.

Ech wëll awer méi op d‘Semaine Nationale du Logement agoen, déi wéi all déi Joeren virdru vum Wunnengsbauministère zesumme mat der Luxexpo organiséiert ginn ass. Hei fënnt een alles vu privaten an ëffentleche Promoteuren, Agences immobilièren,Assurancen, Banken bis staatlech Verwaltungen an ASBLen, déi am soziale Beräich tätegsinn. Et kritt een also all néideg Informatiounen ronderëm de Logement.

An dem Kader sinn och erëm 5 Ausstellungen organiséiert, ugefange mat der Expo „Wunns de schonn oder sichs de nach?“ déi de Wunnengsbauministère och d’lescht Joer schonn zesumme mam Département de la Jeunesse et de l’Enfance vum Educatiounsministère op dëser Plaz gewisen huet, d’Ausstellung iwwer d’Wunnen um Kierchbierg an der neier Logementspolitik um Kierchbierg, wourobber ech méi spéit nach emol wëll agoen. Myenergy weist eng Expo iwwer nohaltegt Bauen an den OAI organiséiert am Kader vun hirem 25. Anniversaire d’Ausstellung „Bau-Zeichen - Unsere gebaute Umwelt lesen“.

An zu gudder Lescht hu mir vun der Wüstenrot-Stiftung hir Ausstellung „Baukultur in Deutschland – Von der Architekturqualität im Alltag zu den Ikonen der Baukunst“ zur Verfügung gestallt kritt. Dëst ass d’Resultat aus engem bundeswäite Concours vun där Fondatioun.

Zanter dem leschte Joer organiséiere mir dann och am Kader vun der Semaine Nationale du Logement den „Dag fir d’Jugend“, deen de Wunnengsbauministère gemeinsam mam Educatiounsministère, mat Myenergy an dem OAI organiséiert. Dëst Joer zu den Themen„Zefridde Wunnen: meng Stad vu muer“ an „Nei Wunnformen a passiv bauen“. An dësem Kader kënne Jonker a 4 verschiddenen Atelieren deelhuelen fir Iwwerleeungen zu dëse wichtege Sujeten ze maachen. Am Kader vun der Wunnengsbaupolitik musse mir och méi drop kucken, dass dës jonk Leiteng adäquat Wunnméiglegkeet hunn, wa se aus dem Elterenhaus eraus mussen, respektivwëllen.

Zesumme mam Educatiounsministère si mir permanent op der Sich no Haiser, Gebaierresp. Wunnenge fir jonk Leit, déi an enger „Phase de transition“ sinn.

Mir hunn entretemps vill verschidde Pisten identifizéiert bei deenen iwwer 80 Logementer fir jonk Leit konnten zeréckbehalen ginn.

Vun de méigleche Pisten sinn der nach vill an der Diskussioun. Hei schwätzen mer vu knapp 200 weidere Logementer fir jonk Leit, déi kinnten geschafen ginn.

D‘Gemengen kënne mat bis zu 75% vum Gesamtcoût fir d’Mietwunnengen eng substantiell Hëllef vum Ministère du Logement kréien.

Fir all Gemengeresponsabel am Sall soll dat och als Opruff gëllen, sech Gedanken an deem Beräich ze machen. D’Mataarbechter vum Wunnengsbauministère stinn iech zur Verfügungwann der Froen zu dem Thema hutt, well d’Gemenge gesi mir als een vun den Haaptpartner fir d‘Ëmsetzung vun onser Politik.

An de leschten 10 Joer ass ons Bevëlkerung ëm 20% gewuess. Aktuell kommen 13.000 Leitpro Joer dobäi a mat der Flüchtlingsproblematik kommen op dëse Ministère nach vill méi grouss Erausfuerderungen duer, wéi dat jeemools de Fall war.

Mir mussen en enormen Effort maachen, fir net nëmmen deene neie Matbierger aus Krichsregiounen kënne Wunnraum zur Verfügung ze stellen, mee och deene Leit, déi heiam Land scho laang op Waardelëschte bei onsen ëffentleche Promoteuren stinn.

Nodeems mir wéi ugekënnegt eng Analys iwwert de Fonds du Logement maache gelooss hunn, ass festgestallt ginn, dass dëse besser muss opgestallt ginn, fir dass en an Zukunftméi efficace ka schaffen. Dofir si mir am gaangen dat neit Gesetz fir de Fonds du Logement ze finaliséieren.

An den nächste Méint da gi mir an d’Regiounen fir mat de Gemengen iwwer d’Avisen zeschwätzen, déi si am Kader vun de Plans sectorielen ausgeschafft hunn. Mir hunn all Avisam Kader vum Plan sectoriel Logement gelies an dozou Stellung geholl.

De „Guichet unique des aides au logement“ gett den Ament ausgeschafft fir just eng Ulafstell ze hunn, wann et em Hëllefen am Beräich vun der Wunneng geet.

Am Service des Aides au logement zu Hollerech stinn d’Matarbechter zur Verfügung fir allInformatiounen a Rotschléi zu den staatlechen Hëllefe fir Privatleit. D’ganz Woch iwwerkann ee sech am Info’Logement zu Hollerech Rot fir de Bau, de Kaf oder och d’Renovatioun vu senger Wunneng siche kommen.

Zanter dem leschte Joer huet Myenergy och en Info’Point am Info’Logement zu Hollerech ,wat ons dem „Guichet unique des Aides au logement“ schonn e ganze Schrëtt méi nobréngt.

D’Subvention loyer gëtt am Moment an der Chamberskommissioun diskutéiert a soll viraussiichtlech fir den 1. Januar 2016 a Kraaft trieden. Hei ass eng Enveloppe vun ronn 28 Milliounen Euro am Joer virgesinn fir sou 19.000 Stéit am Land ënnert d‘Äerm ze gräifen. Dës Ënnerstëtzung, déi ënnert anerem un de Revenu vun de Leit gebonnen ass an déi -jeeno Familljesituatioun - zwëschen 125 Euro an 250 Euro ausmaachen kann, ass grad fir déisozial méi schwaach gestallten Leit eng substantiell Erhéichung vun hire Méiglechkeeten. Wann alt mol déi eng oder aner Kéier eng Erhéijung vum Mindestloun gefuerdert gëtt, ochfir déi héich Wunnengspraisser kënnen ze packen, da soll een dës Subvention loyer och molaus där Siicht kucken.

A Saachen Energieeffizienz ass ze soen, dass mir och a Saache Klimabank méi wäit sinn. Den Aarbechtsgrupp ënnert der Leedung vum Finanzministère an zesumme mat de Wirtschafts-, Emwelt-, a Wunnengsbauministèren, kënnt gutt virun an mir kënnen dovunausgoen, dass dës Ufank 2017 kéint en place sinn.

D‘Logementspolitik ass awer sécher kee Beräich wou e kuerzfristeg alles kann erreechen. Et muss een och mol kloer soen, dass de Logementsminister ëmmer den Drock kritt wann net genuch gebaut gëtt. Dëse Ministère huet awer keng eenzeg Kompetenz wann et ëm Genehmegungsprozedure geet. Déi leien éischter beim Intérieur an beim Environnement. Mir schaffen awer konstruktiv mat deene Ministèren zesummen an ginn d’Doléancen vum Secteur weider.

Ech wëll awer och nach e puer Wuert zu den 2 groussen Projeten um Kierchbierg soen, déi Dir Iech och an der Ausstellung kënnt ukucken. Dës solle kuerz bis mëttelfristeg realiséiert ginn an domadder kommen ech och zu der neier Wunnegsbaupolitik um Kierchbierg.

D’Regierung an de Fonds Kierchbierg an Zesummenaarbecht mat der SNHBM hunn en neieWee definéiert fir déi zukënfteg Entwécklung vum Wunnengsbau um Kierchbierg.

Et geet am Kader vun dësen 2 Projeten ëm méi wéi 800 Wunnengen fir ongeféier 2.000 nei Awunner. Et ass ee Mix vu private Promoteuren, déi zu genee definéierte Konditiounen an zu engem maximalen duerchschnëttleche Meter Carré Präis, kënne bauen a verkafen, der SNHBM anneien Wunnformen wéi dem genossenschaftleche Wunnen.De PAP “Réimerwee” ass approuvéiert an den Architekteconcours ass am gaangen.

De Bauufank fir déi éischt 100 Wunnengen am “Réimerwee” ass fir September 2016 virgesinn. Op dësem Site sinn eng Ronn 560 Wunnenge virgesinn fir ongeféier 1.300 nei Awunner. De PAP “JFK” ass en cours an och dofir gëtt en Architekteconcours lancéiert.

D’Regierung huet awer och Efforten gemaach wat hir eege Wunnengen ugeet, esou sinn alldéi Déngschtwunnengen, déi eidel sinn, vun der AIS nei bewunnt ginn a domadder u Leit verlount ginn, déi um Privatmarché keng Chance hunn eng Wunneng ze fannen.

Mir hunn de Baulückeprogramm lancéiert, mat fir d‘éischt emol enger Bestandsopnam vundeem, wat alles duerch eng einfach Baugenehmegung bebaubar wier.

Et sinn dat iwwer 600ha, déi an onsen Dierfer an Uertschafte leien a net bebaut sinn. Dat ass ee Potential fir Wunnengen fir ongeféier 30.000 Leit.

Et muss een awer dozou soen, dass iwwer 80% an Privatbesëtz sinn an déi Leit eventuelloch all hir Grënn hunn fir hir Terrainen net ze bebauen.

Déi wéineg Fläch, déi a Besëtz vum Staat ass, soll natierlech net brooch leie bleiwen. Heisinn déi zoustänneg Servicer am gaangen ze préiwen, wéi eng Terrainen kuerzfristeg kënnefir de Baulückeprogramm genotzt ginn.

Mir wëllen och an dësem Beräich de Gemengen eng Hand mat upaken fir esou ekommunale Baulückeprogramm kënnen ze lancéieren. E gutt Beispill ass do d’Stad Lëtzebuerg, déi jo schonn e puer Joer Erfahrung huet mat hirem Baulückeprogramm.

Domadder hunn ech den Tour gemaach vun de wichtegsten Elementer an der aktuelle Wunnengsbausituatioun.

Ech wëll awer och nach dovu profitéieren fir all deene Merci ze soen, déi ganz aktiv heimatgehollef hunn, fir dëst Evenement op d’Been ze stellen. An natierlech och all deenen,déi déi ganz nächst Woch d’Präsenz op de Stänn garantéieren. Hinnen all ee ganz grousse Merci.

Och Iech all hei am Sall soen ech Merci, dass der de Moien de Wee op d’Luxexpo fonnt huttan ech wënschen Iech nach e schéinen an agréabele Mueren op der Home&Living annatierlech op der Semaine Nationale du Logement."

Dernière mise à jour