Biergerservicer

Guichet unique fir Wunnengsbäihëllefen

Dëse Service kann Iech all Informatioune liwweren iwwer:

Dem Guichet unique fir Wunnengsbäihëllefe säin Haaptzil ass et, déi interesséiert Leit iwwert nëtzlech Adresse vun allen Institutiounen, déi mam Wunnengsbau ze dinn hunn, z’informéieren.

Service fir d'Bäihëllefe beim Bau vu Wunngebaier

Dem geännerte Gesetz vum 25. Februar 1979 iwwert de Wunnengsbau no ass de Stat autoriséiert, iwwer eng finanziell Bedeelegung, d’Initiative vun ëffentlechen oder private Promoteuren am Hibléck op de Kaf, d’Bebaue vu Bauterrainen an och d’Baue vu verbëllegte Wunnengen, déi fir de Verkaf oder d’Locatioun geduecht sinn, ze fërderen.

Dës finanziell Moyenen, déi vum Stat zur Verfügung gestallt ginn, sinn dofir geduecht, déi ëffentlech a privat Promoteuren dozou ze bréngen, aktiv um Schafe vu Wunnenge matzeschaffen, fir datt si hir Responsabilitéite iwwerhuele kënnen am Beräich vun der Realisatioun vum Recht op eng Wunneng a vun enger nohalteger Entwécklung.

Als ëffentlech Promoteuren am Sënn vum Gesetz gëllen:

  • d’Gemengen oder d’Gemengesyndicater
  • de Fonds du Logement
  • de Fonds d’assainissement de la Cité Syrdall
  • Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM)

D’Kritäre fir d’Definitioun vu private Promoteuren am Sënn vum Gesetz ginn duerch groussherzoglecht Reglementer festgeluecht.

Service fir nohaltegt Wunnen

Dëse Service ass haaptsächlech do fir Hëllef a Berodung bei:

  • dem Plange vu nohaltegem Wunnraum
  • de finanzielle Bäihëllefe fir nohaltegt Wunnen
  • der Renovéierung an der energetescher Verbesserung vun ale Gebaier, no ekologesche Kritären
  • ekologeschem Baumaterial

 

 

Aktualiséiert