Cabinet ministeriell
D’Zoustännegkeet vum Cabinet ministeriell deckt folgend Beräicher of:
D'Koordinatioun vun der Politik vum Ministère
De Cabinet ministeriell:
- hëlleft dem Minister, déi vun der Politik gesaten Ziler ze formaliséieren oder ze spezifizéieren
- iwwerwaacht d’Ausféiere vun der ministerieller Politik duerch d’Servicer vum Ministère
- definéiert d’Leitlinne vum Observatoire fir Wunnraum am Hibléck op eng empiresch Recherche iwwert de Logement a suergt fir seng Koordinatioun
- garantéiert d’Gestioun vum Courrier an d’Koordinatioun vum Courrier, dee vum Ministère verschéckt gëtt
- garantéiert de gudde Fonctionnement vum Ministère andeems en de Kader an d’Leitlinne fir déi allgemeng Aarbechtsweis vum Ministère definéiert
- garantéiert den Zesummenhalt an d’Kohärenz vun de spezifesche Politike vum Ministère, vum Ausschaffe vun den Dossiere bis bei hir Ausféierung, mat Bléck op d’Ziler vun der nationaler Politik
- hëlleft de sozial benodeelegte Leit fir eng adäquat Wunneng ze fannen
- ënnerstëtzt déi ëffentlechen a private Promoteure am Kader vum Wunnengsbau
- beréit Familljen, déi wëlles hunn en Haus oder eng Wunnecht ze kafen
- assuréiert d’Koordinatioun, d’Gestioun an de Suivi vu Projeten wat d’E-Governance, den eGovernment (Internetsäit, Intranet) ugeet a këmmert sech ëm alles wat d’Informatik betrëfft
Relatioune mat aneren Institutiounen
De Cabinet ministeriell:
- ënnerhält a koordinéiert d’Relatioune mat anere Ministèren an deenen nationalen, ëffentlechen Institutiounen, wéi z.B. mat der Chamber, dem Statsrot, dem Mediateur an dem Rechnungshaff, etc., an och mat deenen internationalen Institutiounen
- traitéiert d’parlamentaresch Froen an d’Umierkunge vum Mediateur
- hëlleft beim Ausschaffe vum "Plan sectoriel Logement"
Ëffentlechkeetsaarbecht
De Cabinet ministeriell:
- këmmert sech ëm d’Analys vun der Press, d’Virbereedung vu Communiquéën a Pressekonferenze an och ëm d’Ëmsetzung vun der Kommunikatiounspolitik vum Minister a vum Ministère, dëst an Zesummenaarbecht mat dem Service Informatioun a Press vum Statsministère
- këmmert sech ëm d’Ëffentlechkeetsaarbecht, d’Konzeptioun an d’Ausféiere vu Promotiounscampagnen an d’Organisatioun an de Suivi vu Manifestatioune bei deenen de Ministère implizéiert ass
Juristesch, legislativ a Finanzaffairen
De Cabinet ministeriell:
- erstellt Gesetzesprojeten an Avant-Projeten, groussherzoglech Arrêtéen a ministeriell Arrêtéen
- erstellt an iwwerwaacht d’Uwendung vun de Gesetzer iwwert d’Mietverträg an informéiert d’Bierger doriwwer
- verwalt de Budget a koordinéiert d’Opstelle vum Budget an d’Kreditufroen zesumme mat de ministerielle Servicer vum Ministère
- mécht de Suivi vum Budget a beschwätzt sech mam Finanzkontrolleur a mat der Inspection générale des Finances
Personal an Equipement
De Cabinet ministeriell:
- kuckt no der admininistrativer Gestioun vun den Agente vum Departement an och no der Gestioun an dem Suivi vun den Ausbildungspläng
- iwwerwaacht d’Anhale vun de Gesetzer zum Statut vum Staatsbeamten an iwwer d’Aarbechtskontrakter
- këmmert sech ëm d’Gestioun vun de Présencen an ëm den Dialog mam Personal
- suergt fir d’Logistik, d’Organisatioun an d’Gestioun vun der Ariichtung, vum Parc informatique a vun de lafenden Ausgabe vum Ministère, dorënner och déi zentraliséiert intern Commanden