Observatoire fir Wunnraum

Den Observatoire fir Wunnraum muss dräi Haaptmissiounen erfëllen:

Sammelen

Den Observatoire fir Wunnraum sammelt an zentraliséiert d’Donnéeën a promouvéiert d’Implikatioun vu senge verschiddene Partneren.

Analyséieren

  • vun de Verkafspräisser vu Wunnengen a Bauterrainen (d’Präisser, déi an den notariellen Akten agedroe sinn)
  • vun de Präisser, déi fir Wunnengen, Kaf a Locatioun, annoncéiert sinn (an den Annoncë vun den Immobilièren)
  • vun der Offer vu Wunnengen
  • vum Potential vu bebaubaren Terrainen (Bauterrainen, déi fir spéider Wunnzwecker geduecht sinn)
  • vum Flächeverbrauch fir de Bau vun neie Wunnengen an der Densitéit vu Wunnenge bei neie Gebaier
  • vum Confort vun de Wunnengen

Verbreeden

Duerch d’Verëffentleche vun den Notë vum Observatoire fir Wunnraum, vu séieren Indicateuren, Tätegkeetsberichter, Spezialdossieren an iwwert seng Internetsäit.

Aktualiséiert