"D'Offer u Wunnenge vergréisseren!”: Reform vun der Grondsteier a Mobiliséierung vun Terrainen a Wunnengen

Zwee Deeg, nodeems en am Ministerrot ugeholl gouf, hunn d'Inneministesch, Taina Bofferding, de Wunnengsbauminister, Henri Kox, an d'Finanzministesch, Yuriko Backes, haut de Gesetzprojet iwwert d'Grondsteier, d'Mobiliséierungssteier vun Terrainen an d'Leerstandssteier op Wunnenge, sou wéi de Gesetzprojet iwwert de nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen presentéiert. Domat hunn d'Regierungsmemberen, am Virfeld vun der Ried zur Lag vun der Natioun, dës laang erwaarte Reform virgestallt an dat entspriechend Zil vum Koalitiounsaccord 2018-2023 erfëllt.

©MLOG (v. l. n. r.) Yuriko Backes, Finanzministesch ; Henri Kox, Wunnengsbauminister ; Taina Bofferding, Inneministesch
(v. l. n. r.) Yuriko Backes, Finanzministesch ; Henri Kox, Wunnengsbauminister ; Taina Bofferding, Inneministesch

Reform vun der Grondsteier (IFON)

Et sief drun erënnert, dass d'Grondsteier an hirer aktueller Form zu deenen eelste Besteierungen am Grand-Duché zielt an déi aktuell benotzten Eenheetswäerter op d'Joer 1941 zréckginn! D'Haaptobjektiver vun der Reform vun der Grondsteier bestinn doran, d'Ongläichheeten, déi den aktuellen IFON ervirgeruff huet, ofzeschafen an en neie Bewäertungsmodell vun den Terrainen, dee méi objektiv, transparent a gerecht wäert sinn, anzeféieren. Déi reforméiert Grondsteier féiert donieft eng Neierung an, an zwar en Abattement op dem Haaptwunnsëtz, an Héicht vun engem fixe Montant fir all Steierzueler. Et sief nach bemierkt, dass den zukünftegen IFON eng Gemengesteier bleiwe wäert.

D'Inneministesch, Taina Bofferding, ass houfreg op dee Projet: "Dëst bedeit e grousse Schrëtt no vir! Jorzéngtelaang gouf d'Reform vun der Grondsteier ugekënnegt: Mir hu gehandelt, fir dass dës Reform endlech Realitéit gëtt! An ech halen drop ze preziséieren, dass et net d'Zil vun dëser Reform ass, fir weider Steierrecetten ze generéieren, mä fir d'fundamental Ongläichheete vum aktuelle System aus der Welt ze schafen.”

Fir de Bierger et elo schonn z'erméiglechen, de Betrag u Grondsteier anzeschätzen, dee si der envisagéierter Reform no bezuele mussen, huet d'Regierung e Simulator en place gesat, deen op folgender Adress accessibel ass: grondsteier-rechner.lu.

Aféiere vun enger Mobiliséierungssteier vun Terrainen (IMOB)

En anert Zil vun dëser Reform ass d'Lutte géint den notoresche Manktem u Wunnengen zu Lëtzebuerg. Dofir féiert de Gesetzprojet eng Mobiliséierungssteier vun Terrainen an, déi zum Zil huet, effektiv zum Bebaue vun Terrainen, déi dofir virgesi sinn, z'incitéieren. Den IMOB stellt eng Neierung duer a berout um Opstelle vun engem nationale Regëster vun den net-bebaute Grondstécker, deen den Inventaire mécht vun all den Terrainen, déi den allgemenge Bebauungspläng (PAG) no fir d'Bebauen disponibel sinn. Et gëtt dobäi en Ënnerscheed gemaach tëscht erschlossene Grondstécker, déi direkt kënne bebaut ginn, an net erschlossene Grondstécker, fir déi am Virfeld Voiries-, ëffentlech a kollektiv Equipementsaarbechten néideg sinn.

"D'Mobiliséierungssteier gëtt op där selwechter Bewäertungsgrondlag vun den Terraine wéi den IFON berechent. Et ass net ze vertrieden, dass Proprietäre keng Wunnengen op hiren Terraine realiséieren, woubäi déi dofir virgesi sinn, iwwerdeems ëmmer méi Leit, Jonker, Familljen, keng Moyene méi hunn, fir zu Lëtzebuerg ze liewen", ënnersträicht d'Taina Bofferding.

Aféiere vun enger nationaler Leerstandssteier op Wunnengen (INOL)

Mam Aféiere vum INOL, dee komplementar ass zur Reform vum IFON a vum IMOB, wëll d'Regierung d'Wunnengen, déi et scho gëtt, awer net bewunnt sinn, mobiliséieren.

Well d'Gemengentax op eidelstoende Wunnengen, déi 2008 op fräiwëlleger Basis am Kader vum Pacte logement 1.0 agefouert gouf, net déi Resultater bruecht huet, déi sech erwaart goufen, gëtt se duerch eng nei national, obligatoresch Steier ersat.

Eng Wunneng gëtt als eidelstoend ugesinn, wann iwwer en Zäitraum vu 6 Méint keen op dem Registre des personnes physiques do ageschriwwen ass. D'Gemeng muss d'Eidelstoe vun enger Wunneng feststellen.

D'Leerstandssteier, déi vun der Steierverwaltung fir de Stat erhuewe gëtt, beleeft sech dat éischt Joer op 3.000 Euro pro Wunneng. D'Steier geet ëm 900 Euro d'Joer erop, bis op e maximale Betrag vu 7.500 Euro. Wann d'Wunneng weiderhin net-beluegt bleift, muss dëse Betrag all Joer bezuelt ginn.

"Virum Hannergrond vum Manktem u Wunnengen ass et e Luxus, dee mer eis net méi erlabe kënnen, fir Wunnengen eidel stoen ze loossen. Et ass dofir onerlässlech, d'Leerstandssteier op Wunnenge funktiounsfäeg ze maachen. Dat ass ëmsou méi justifizéiert, well mer, mat 30 Organismen, déi an der Gestion locative sociale aktiv sinn, eng Optioun hunn, déi d'Verloune vu Wunnenge fir de Proprietär ganz einfach mécht. Iwwer 1.000 Wunnengen an der Gestion locative sociale sinn de Beweis dofir!", huet de Wunnengsbauminister, Henri Kox, an der Pressekonferenz betount.

Aféiere vun engem nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen (RNBL)

Fir d'Erhiewe vun der INOL brauch et d'Schafe vun engem nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen.

Dat éischt Zil vum RNBL besteet doran, all Typ vu Gebai an all eenzelner Wunneng, déi en Deel vum Gebai ass, eng eegen Identificatiounsnummer zouzeweisen. Dat erlaabt et de Gemengen, hir Awunner net nëmmen op enger Adress op hirem Territoire z'enregistréieren, mä och an enger spezifescher Wunneng, op Grond vun hirer nationaler Identificatiounsnummer. Dat ass onerlässlech, fir d'Leerstandssteier ëmzesetzen.

Doriwwer eraus stellt den RNBL a ville Beräicher vun der Verwaltung eng wierklech Plus-value zu Gonschte vum Bierger duer, sief et fir statistesch oder Steierzwecker, eng wëssenschaftlech Recherche oder d'Planificatioun, andeems en dobäi hëlleft, mat Rigueur a Prezisioun d'Gebaier a Wunnengen z'identifizéieren.

Dofir ass den RNBL onerlässlech, fir déi néideg Transparenz vum nationalen Immobiliëpark ze verbesseren, déi haut nach ëmmer feelt. Den RNBL wäert et ë.a. erlaben, d'Ëmsetze vun der Gesetzgebung iwwert d'Salubritéit an d'Verloune vu (miwwléierten) Zëmmer besser ze begleeden.

D'Finanzministesch, Yuriko Backes, kommentéiert: "D'Moossnamen, déi mir haut proposéieren, stellen e koherent Ganzt duer. D'Grondsteier gëtt reforméiert, fir se méi modern a méi gerecht ze maachen. D'Zil ass et net, eng weider Steierbelaaschtung fir d'Bierger an d'Betriber ze schafen, wat an Zäite vu Kris an Inflatioun net wënschenswäert wär. Dës Steier gëtt ergänzt duerch eng nei Mobiliséierungssteier an eng Leerstandssteier. Dat éischt Zil vun dësem Dispositif ass et, d'Spekulatioun an de Wuesstem vun den Immobiliëpräisser richteg auszebremsen, fir d'Offer ze vergréisseren an net fir weider Recetten ze generéieren."

Communiqué vum Inneministère, Wunnengsbauministère a Finanzministère

Aktualiséiert