Marco Schank au sujet de la politique de logement

Marco Schank, Eugène Berger: Gudde Mëtteg.

Carine Lemmer: Wunnen zu Lëtzebuerg. Also eng vun de gréisste Suerge vun de Leit. Et brauch ee vill Suen. Här Berger, fänke mir mat Iech un. Firwat ass wunnen da sou deier zu Lëtzebuerg? Firwat gëtt et net wierklech méi bëlleg?

Eugène Berger: Ech mengen, mir hunn haut de Mëtteg nach an den Noriichten héieren, datt nach an de leschte Méint d’Appartementer an d’Luucht gaang sinn. Et kann een einfach feststellen, datt déi Politik déi di lescht 15 Joer hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn ass an och nach doriwwer eraus, net gegraff huet. Ech wëll vläicht erënneren, 2005 am état de la Nation hat den Här Juncker deemools gesot, e géif et als grousse perséinlechen Échec ëmfannen, datt en an der Wunnengsfro net viru komm wier. Haut si mir 2013. 8 Joer méi spéit. D’Situatioun huet sech net verbessert. D’Präisser si weider geklomm. Mir hunn et haut de Mëtten héieren, et brauch een nëmmen d’Zeitungsannoncen ze kucken. Et ass ëmmer méi schwéier fir jonk Leit fir sech eppes unzeschafen. Ech mengen och vill Eltere maachen sech do Gedanken wann ee selwer Kanner huet oder wann se eppes fannen, da mussen se sech oft verschëlden op 30 Joer oder doriwwer eraus, do verléieren se och Kafkraaft, well se mussen all Mount vill zeréck bezuelen. Mä och dee Phänomen, datt d’Lëtzebuerger praktesch auswanderen, well d’Wunnengen hei zu Lëtzebuerg ze deier sinn. An all déi do Phänomener, déi beweisen datt eigentlech also och d’Politik, déi hei gemaach ginn ass, net effizient war. Datt net méi bezuelbare Wunnraum geschaf ginn ass, au contraire, datt et eigentlech an déi aner Richtung gee.

An dat ass eigentlech och d’Bilanz vum Wunnengsbauminister, vum Marco Schank vun deene leschte 4 Joer. Wou ech awer wëll soen, datt hien net alleng do responsabel ass, well Wunnengspolitik erfuerdert eng Gesamtstrategie. Ech menge Wunnengspolitik do ass och de Finanzminister dee considéréiert muss ginn, do ass och den Intérieursminister deen eppes ze soen huet, de Landesplanungsminister an do feelt einfach an dëser Regierung, eigentlech misst och den Här Frieden, den Här Halsdorf, den Här Wiseler, déi missten eigentlech och haut de Mëtten hei sëtzen fir datt een do kënnt eng Gesamtstrategie entwéckelen. An dat ass dat wat, mengen ech, och gefeelt huet fir datt ee kënnt och géint déi Spiral vun de Präisser virgoen.

An ech mengen et ass jo och kloer, dat hutt der op eise Plakater gesinn, datt fir d’DP Wunnengspolitik wierklech eng Prioritéit ass.

Carine Lemmer: Keng effizient Politik seet den Här Berger. Huet d’Regierung dann net dat Richtegt ënnerholl, Här Schank? Virun Iech war jo Äre Parteikolleg, de Fernand Boden laang Joren de responsabele Minister?

Marco Schank:De leschte Saz wollt ech opgräifen. Fir d’éischt sinn ech emol frou datt d’Parteien och schonn 2011 am Gemengewahlkampf sech ëm de Logement beméit hunn.

Datt dat een Thema ass. Well et ass e ganz wichtege Sujet. Mir hunn dat elo nach eng Kéier héieren och, datt de Gros vun deene Jonke seet, do ass e Problem. An ech muss soen, dat ass mir schonn wéi ech Buergermeeschter war an der Zäit, iert ech Minister gouf viru 4 Joer, war dat e ganz wichtege Sujet. A mir hu bei eis an der Gemeng zweemol e Projet gemeet wou déi jonk Leit d’Prioritéit haten, déi aus der Gemeng, fir Wunnraum zur Verfügung ze stellen an deem Fall Terrainen déi wesentlech méi bëlleg waren wéi déi wéi se normal um Marché ass. An do hunn d’Gemenge sech, ech wëll duerno nach eng Kéier drop zeréck kommen, do hunn d’Gemengen zesumme mam Logementsminister enorm Méiglechkeete fir verbëllegten, abordable Wunnraum ze schafen.

Dann eppes zur Gesamtstrategie déi den Eugène Berger ugeschwat huet. Ech hunn an hirem Wahlprogramm geliest, datt si déi Iddien, déi am Paquet Logement eigentlech ganz sënnvoll fannen. Mat der Ausnam dat ze soen, mir hätte keng Gesamtstrategie gehat. Dat wëll ech awer net sou stoe loossen, well ech der fester Iwwerzeegung sinn, datt de Paquet Logement mat sengen 20 Mesuren – mir hunn der elo 13 oder 14 ëmgesat, respektiv op de Wee bruecht hunn, et hu mir nach 8, 9 Méint och gefeelt, dat ass och e Problem - déi awer genau dat doten maachen. Wann ech de Paquet Logement géif resüméieren, da géif ech soen, éischtens hu mir net nëmmen - wat vläicht an der Vergaangenheet och e Feeler war - datt zevill am Beräich vun der Demande geschafft ginn ass, datt mir virun allem an der Offer, datt méi Bauterrain op de Marché kënnt do nach méi maachen. Stéchwuert Plan sectoriel Logement. Mir wäerten herno nach e Wuert dozou soen. Dann déi individuell an déi kollektiv Aiden, datt mir déi verstäerkt ausbauen. Och dat ass een Deel vun der Strategie an dann och nei Initiativen fir de Logement. Just e Beispill fir elo net am Ufank net ze laang ze sinn. D’Wunnengsbaugenossenschaften, eppes wat ech scho virun 3 Joer gesot hunn, dat brauche mir. Et sinn elo 2 Pilotprojeten ënnerwee fir einfach ze weisen, dat ass eppes fir déi Jonk wat ganz flott ass, wou een sech zesummen deet, wou ee gemeinschaftlech plangt an da baut an och wou een, wou herno och Leit kënne bäi kommen mat Parten akafen. Ech hunn sou Projeten am Ausland gesinn. An do si mir amgaang eng Kéier am Norden, d’Caritas huet och e Projet, am Norden de Resonord, fir ze weisen wat méiglech ass. Virun allem fir jonk Leit.

Carine Lemmer: Här Berger, wat haalt Dir vun de Mesuren mat deenen d’CSV versicht huet de Präisser Meeschter ze ginn? Eben de Paquet Logement ass elo genannt ginn oder déi finanziell Ënnerstëtzungen. Ass dat de richtege Wee?

Eugène Berger: Ech muss soen, dat ass e Schwall vu Mesuren déi do annoncéiert gi sinn an deene leschte Joren. Ech géif och soen praktesch e Wirrwarr vu finanziellen Hëllefen déi an Aussicht gestallt gi sinn. Do sinn der ganz vill ugekënnegt ginn, do sinn der ganz wéineg herno am Endeffekt konkret ëmgesat ginn. Ech mengen déi lescht elo rëm déi nach een Deel vum Paquet Logement sinn, déi sinn am Mee an enger Pressekonferenz presentéiert ginn. Do sinn déi mannsten iwwerhaapt déi um Instanzewee sinn. Mä et ass eigentlech och, wann ee kuckt, den Hickhack zum Beispill mam bëllegen Akt oder iwwert d’Zënsbonificatioun. Do ass et hin an hier gaang. Ech muss soen, wann een net Expert ass huet een den Iwwerbléck verluer iwwert all déi Mesuren déi ugekënnegt gi sinn, déi eventuell eng Kéier sollten ëmgesat ginn, mä wou konkret um Terrain bis haut nach guer näischt geschitt ass. Haut ass den Terrain nach net méi bëlleg. Haut sinn d’Wunnengen net méi bëlleg.

Da muss ech awer och nach eppes soen, dat ass eng Démarche mat där mir eis net kënnen ufreeden, well dat eigentlech eng Démarche ass déi versicht mat Geld Problemer ze léisen. Ech mengen, dat kenne mir oft bei der CSV, datt se versichen d’Problemer net mat Konzepter mä mat Geld ze léisen. Mir hunn dat op anere Plaze wou mir dat kennen, sief dat bei de Chèques Services oder bei de Studentesubsiden. An hei geet et wierklech drëms fir en neit Konzept ëmzesetzen, datt ee mat manner Suen, mat manner Suen och ka méi effizient schaffen.

Wat elo misst gemaach ginn, et si jo déi eng oder aner kleng Mesuren déi op d’Schinne gesat gi sinn, wou een e Bilan misst dovunner maachen wéi effizient waren se? Wann ee wëllt zum Beispill dat förderen, datt méi enk gebaut gëtt, datt manner Raum verbraucht gëtt. Da muss een och kucken, déi Mesuren déi geholl gi sinn, hunn déi eppes gehollef? Zum Beispill huet een elo nach ëmmer d’Situatioun datt een, ob ee grouss oder kleng baut, vill Terrain verbaut oder net, huet een awer dee selwechten Abattement zum Beispill um TVA deen een do kann ofsetzen. Dat heescht, do ass dann och net genuch zilorientéiert wou dat gemaach gëtt. Mä nach eng Kéier, et soll een all déi Mesuren mol éischtens kucken, sinn se ëmgesat ginn? Zweetens wéi effizient sinn se? Drëttens kann een net mat anere Moyenen dat maachen?

Den Här Schank seet, si hätten et gemeet. Ech hunn iergendwou an enger Pressekonferenz och héieren do hätt de CEPS-Instead hätt do déi Bilanz gemaach. Ech hunn déi net gesinn. Et deet mir Leed. An och net an enger Chamberskommissioun hu mir dat och net kritt. Also, wierklech e kohärente Relevé, iwwerhaapt mol, datt een en Iwwerbléck huet vun deene Mesuren wat se bruecht hunn, wéi se ëmgesat gi sinn a wat se kascht hunn a wéi effizient se sinn, dat läit bis haut hei net vir. An op der anerer Säit, et mierkt ee jo, ech mengen, am Alldag gesäit jo all Mënsch, datt se näischt bruecht hunn, well jo awer d’Terrainen net méi bëlleg gi sinn, well d’Wunnengen net méi bëlleg gi sinn.

Marco Schank: Ech muss zwar elo, da fänken ech mat de Präisser un fir dat och eng Kéier ze soen. Datt d’Präisser vill ze vill héich sinn zu Lëtzebuerg souwuel fir d’Loyeren wéi fir d’Terrainen an d’Wunnengen, do si mir eis absolut eens. Mir wëlle jo net nëmmen, datt een un d’Ophale kënnt, mir wëllen se och rofdrécken. Ech soen nach eppes dozou. Mä trotzdem wëll ech awer soen, ech hu mir déi Zuelen nach eng Kéier rausschreiwe gelooss. Januar 2009 bis haut mat deem zweeten Trimester dobäi. Mat deem ropgoen wat mir elo nach kannt hunn, sinn d’Präisser fir d’Wunnengen, fir d’Haiser ëm 2% ropgaang, respektiv bei den Appartementer ëm 3,5% ropgaang ouni d’Inflatioun. Dat muss een och eng Kéier soen. Bei de Loyeren sinn se liicht rofgaang. 5% bei den Appartementer an 1% bei den Haiser. Ech wollt dat awer och eng Kéier gesot hunn. Dat nëtzt natierlech deen, dee wëllt sech, wunne goen, respektiv dee wëllt sech en Terrain kafen näischt wa mir sou héich Präisser hunn.

Da wëll ech awer reagéieren op dat wat den Eugène Berger gesot huet. En huet gesot dat wier ee Wirrwarr vu Mesuren. Dat ass net wouer. An ech gi ganz gären drop an. Mir hunn, ech hunn d’Wunnengsbaugenossenschaft hunn ech erwänt. Ech hunn d’Location-Vente déi mir festgeschriwwen hunn, de Prêt à taux 0 deen an deem neie Projet de Loi ass. D’national Entwécklungsgesellschaft, dann d’Wärmeschutzverordnung, d’Prime House mat 90 Milliounen iwwert déi nächst 4 Joer. An ech wollt awer, et ass gesot ginn, déi Aiden déi sinn net gekuckt ginn, iert mir d’Gesetz gemeet hunn, dat ass net richteg. Mir hunn eng Étude maache gelooss, ech géif déi och ganz gären eng Kéier noschécken. Dat ass iwwerhaapt kee Problem. An da wollt ech awer op ee Reproche reagéieren. D’CSV géif ëmmer alles mat Geld maachen.

Carine Lemmer: Mam Scheckheft.

Eugène Berger: Mam Scheckheft, ganz richteg.

Marco Schank: Ëm Gottes Wëllen, vläicht huet insgesamt Lëtzebuerg an der Vergaangenheet mat sengen diversen Regierungen zevill mam Scheckheft gemeet. Mä ech wëll awer däitlech maachen, datt de Plan sectoriel Logement, an do geet et jo an éischter Linn drëm fir Terrainen zu Wunnzwecken ze reservéieren. Dat heescht eng Réserve foncière Politik. An da kritt de Staat méi direkt d’Méiglechkeet fir an d’Produktioun vu Wunnengen anzegräifen. Och net nëmme mat ëffentleche Promoteuren, eben och mat private Bauträger. Dat selwecht gëllt iwweregens och fir de Plan sectoriel, Zône d’activité. Ech wollt dat nach eng Kéier däitlech maachen.

Eugène Berger: Wou sinn déi Pläng dann?

Marco Schank: Et gëtt iwwerhaapt net mat Suen, ganz am Géigendeel. Duerfir wëll ech awer soen, datt dat fir mech och e wesentlechen, eng wesentlech Mesure ass fir nei, mir schwätze vu 520 Hektar fir Wunnengen fir ca. 45.000 Leit.

Eugène Berger: Dat ass schonn e ganz wichtege Punkt. Ech mengen dat ass och wann Dir eise Wahlprogramm geliest hutt, eng vun de prioritäre Mesuren déi mir wëllen dat ass, datt mir massiv nei Bauland op de Maart kréien, eben well et jo un der Offer feelt. An do si mir och domat d’accord, datt ee soll de Plan sectoriel Logement datt een dee soll spillen. Mä ech muss feststellen, de Plan sectoriel Logement deen ass schonn 2008, ass dee schonn annoncéiert ginn. Elo si mir 2013. 9 Joer sinn duerch d’Land gezunn wou do näischt geschitt ass, wou se all gudden Dag annoncéiert gi sinn an dann ass do gesot ginn, jo mir musse waarden op dat neit Landesplanungsgesetz. Dat hu mir dann gestëmmt och elo de Summer, oder d’Majoritéit huet et gestëmmt. Elo si mir September, si leien nach ëmmer net vir. Mä da kënnt awer nach dobäi, an dat huet de Marco Schank selwer an der Pressekonferenz respektiv an der Kommissioun zu mir gesot, well een och eigentlech kënnt déi Plans sectoriels Logement kënnt een och iwwert de POS ëmsetzen. Dat heescht de POS, déi Gesetzgebung hu mir jo awer scho jorelaang. Et hätt also näischt dru gehënnert dann och also dee Wunnraum deen ee wëll schafen iwwert een anert Instrument scho laang ëmzesetzen. Ech mengen och do muss een ebe kucken wat hu mir haut am September 2013 um Dësch leien? Mir hunn nach ëmmer kee Plan sectoriel Logement um Dësch leien. Mir wëssen nach ëmmer net wou déi 500 Hektar sollen hikommen. Et ass nach näischt an der Prozedur. Do ass wäertvoll Zäit verluer gaang an dat sinn eigentlech déi Jore wou mir dann hannendru lafen.

Carine Lemmer: Eng Remarque. Méi Bauland, brauche mir dat, also muss een de Bauperimeter méi opmaachen? Do scheeden sech jo och d’Geeschter.

Marco Schank: Jo, ech hunn et gëschter vum Här Scheuren héieren zum Beispill.

Carine Lemmer: Jo, oder muss een net déi Terrainen notzen déi schonn ausgewisen...[gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Dach, dach. Ech wëll och nach eng Kéier déi Hektarszuel soen déi ech och an där enger oder aner Pressekonferenz haart an däitlech gesot hunn. Mir hunn am Moment 2.700 Hektar landeswäit an all eise PAGen déi bebaubar sinn. Dovunner sinn 750 Hektar, also 28% do läit ee PAP drop. Do ass de PAP akzeptéiert an da sinn nach 72% wou nach kee PAP gemeet ginn ass, also dat mengen ech misst een als éischt maachen. Och e bëssen op d’Äntwert vun dat wat den Etienne Schneider gesot huet fir d’Bauperimeteren opzemaachen. Esou mengen ech, sou einfach ass dat net. An da kommen déi 520 Hektar dobäi vum Plan sectoriel Logement. An do wëll ech soen, do ka kee sech, dee Politik mécht an dësem Land op d’Schëller klappen, datt dat sou laang gedauert huet mat deene Plans sectoriels. Ech soen dat riicht eraus. D’Gesetz, wann ee kuckt wéi laang och d’Chamber an d’Chamber net alleng. Och den Eugène Berger mengen ech ass an där Chamberkommissioun do dran, och mam Staatsrot, well dat awer e ganz sensibele Sujet war. 2010 wann ech mech richteg erënneren, am Mäerz 2010 ass dee Projet an der Chamber déposéiert ginn vum neie Landesplanungsgesetz. Elo hu mir et am Juli, wann ech mech richteg erënneren, dëst Joer ass e gestëmmt ginn. Sou laang huet dat gedauert fir sech eens ze maachen. Well wéi gesot, et gëtt jo net nëmmen ee Plan sectoriel, et ginn der 4. An déi Pläng sinn eigentlech och scho laang Méint prett. Déi sinn openeen ofgestëmmt ginn, souwisou. Déi si prett. Déi hätten also kënnten, et war geplangt fir se am September an d’Prozedur ze ginn. Elo hu mir virgezunnen Neiwahlen, elo geet dat net. Mä mir brauchen déi Pläng, well déi Pläng eng Äntwert hunn op déi wesentlech Froen zu Lëtzebuerg. Wou schaffe mir an Zukunft, wou wëlle mir an Zukunft, wéi bewege mir eis virun? Mobilitéit. A wéi eng Landschaften a wéi eng Landwirtschaft wëlle mir an Zukunft wou hunn. Dat sinn déi wesentlech Froe vu Lëtzebuerg. An do ka keen zefridde sinn, datt mir dat elo nach net hunn. Elo dauert dat nach eng Kéier e puer Méint bis no de Wahlen. Mä d’Pläng si prett, si kënnen dann direkt deen aneren Dag eigentlech .....

Eugène Berger: Nach bleift, datt een se éischter hätt kënnen ëmsetzen wann ech einfach nëmmen de Wierder vum Marco Schank gleewen dee gesot huet, a wat och reng juristesch, respektiv wann ech d’Gesetzgebung vum POS kucken, méiglech gewiescht wier. E wollt dat, en huet dat annoncéiert fir dat an Zukunft ze maachen. Nëmme fir ze soen, datt et och méiglech gewiescht wier fir net sou laang ze waarden fir do eng Rei Projeten op de Wee ze ginn. Dir hutt ze laang gewaart.

Marco Schank: Ech wollt dem Eugène Berger awer soen, datt mir dat do lo lancéiert hunn. Ech hat mir vum Conseil de gouvernement gréng Luucht gi gelooss fir bei 5 Projeten iwwer POS, datt mir kënnen ufänken. Dat ass awer mengen ech, wann ech richteg verstan hunn, och eng Mesure déi vun der DP awer net sou gär gesinn ass.

Eugène Berger: Mir hate Schwieregkeeten, datt een op där enger Säit seet, mir maachen elo, mir waarden da 5 Joer Landesplanungsgesetz fir de Plan sectoriel ëmzesetzen. An da kënnt een op emol soen, oh, mir hätten et eigentlech och kënnten aneschters maachen. Domatter hu mir Schwieregkeeten, well dann hätt een dat eigentlech direkt sollte soen. Ech wëll awer nach vläicht e Wuert och soen. Soll een elo massiv d’Perimeteren ausdehnen.

Carine Lemmer: Jo genau.

Eugène Berger: Mee, ech mengen et ass jo elo kloer, wann déi landesplaneresch och ofgecheckt sinn [gëtt ënnerbrach]

Carine Lemmer: Dir sidd och allen zwee ganz ëmweltorientéiert also, d’Zersiedlung ass jo och dann eng [gëtt ënnerbrach]

Eugène Berger: Jo, ech mengen déi Plans sectoriels Logement, déi si jo elo landesplaneresch ofgekläert, wann ech dat richteg verstan hunn. Dat heescht [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Ganz genau.

Eugène Berger: Dann ass do jo eng Rei Critèren déi erfëllt sinn. Dat heescht, komm mir konzentréieren eis dann op déi. Et ass och kloer, datt een do net soll wëll d’Perimeteren ausgeweit ginn. Et weess een, et sinn eng Rei PAGen an der Prozedur wou jo och am Hannertreffen sinn, do muss een da kucken wat do zou kënnt. Mä ech mengen wat immens vill Potential ass, dat ass och nach de Baulücken. All déi Baulücken déi mir hei am ganze Land hunn, do si verschidde Gemengen, do ass praktesch d’Halschent vun de Méiglechkeeten wou een nach kënnt bauen, sinn innerhalb vun de Baulücken. Dat ass zum Deel a privaten Hänn. Et muss een awer och wëssen, datt eng ganz Rei vu Baulücken an ëffentlecher Hand sinn. Staat oder Gemengen. An ech mengen et wier ganz wichteg, datt een déi och elo géif viabiliséieren. Datt een do géif, souwuel de Staat sech selwer wéi

och d’Gemengen vläicht e bëssen do an d’Gitt huelen an datt sech géif do eng Strategie entwéckelen fir dat ze maachen. An ee seet, komm mir ginn eis 2 3 Joer Zäit fir déi wierklech ëmzesetzen. An do ginn et Beispiller, déi awer ganz gutt fonctionnéieren. D’Stad Lëtzebuerg mat engem bloe Buergermeeschter, wou systematesch gekuckt hunn dee Baulückeprogramm do ëmzesetzen, dat heescht datt se do dann och eben - Emphythéose zum Beispill - do de Leit kënne méi bëlleg Wunnenge verschafen, well dann do den Terrain nëmme verlount gëtt. Also dat ass sécherlech och eppes wou ee muss goen. Wann een elo déi Plans sectoriels ëmsetzt, da muss een awer och kucken wéi een dat mécht. An ech mengen do muss ee wierklech mat Baulandverträg fueren wou mir sécher nach wäerten eng Kéier drop zréck kommen.

Carine Lemmer: E Stéchwuert, ze laang Zäit brauchen. Et ginn net genuch Wunnengen. Dat sot och gëschter de President vun der Chambre immobilière de Jean-Paul Scheuren bei eis am Interview. An d’Délaien wieren einfach ze laang. 10 Joer sot hien, géif et brauch fir ee Lotissement. Firwat daueren déi Prozeduren dann sou éiweg, Här Schank?

Marco Schanck: Also fir d’éischt eppes zu de Prozeduren, dann zu deem wat ënnerwee ass. Et hängt dovun of wou et ass. Wann ech mech erënneren meng Zäit als Buergermeeschter hu mir PAPen a 6 Méint ofgewéckelt. Dat geet, mee et ass eben [gëtt ënnerbrach]

Carine Lemmer: 6 Méint, 10 Joer.

Eugène Berger: De Schank trauert deenen Zäiten no wou e Buergermeeschter war.

Marco Schank: Ech wollt dat als positiivt Beispill soen, datt et och méi séier ka goen. Mä et ass richteg, datt déi Saachen ze laang daueren. A wann ech de Jean-Marie Halsdorf richteg am Ouer hunn, dee war jo eng Kéier mengen ech elo och Invité moies 10 op 8. En huet genau iwwert deen do Problem geschwat op Ärer Antenn an en huet een neit Gesetz ugekënnegt wou en amgaang wier drun ze schaffen. Wat och demnächst nach an d’Consultatioun bei de Syvicol soll goen. Am Kontext vum Aménagement communal. An do wier et dann an Zukunft esou, datt een déi zoustänneg Kommissioun wann déi eng Ännerung an engem PAG, dozou muss een Avis ofginn, wann den Délai ofgelaf ass, wat 3 oder 4 Méint sinn, deen Avis ass net komm, da kann d’Gemeng einfach weider fueren an der Prozedur. Dat sinn eng Rei Saachen déi ënnerwee sinn. Ech denken, datt och an der Vergaangenheet, ech mengen 2004 e Gesetz iwwert den Aménagement communal ass och eemol ëmgeännert ginn, och ugepasst ginn an deem Kontext. Do ass awer nach ze maachen. Dat ginn ech ganz gären zou.

Da wollt ech awer eppes soen zu deene Wunnengen déi ënnerwee sinn. A Gott sei Dank ass ganz vill ënnerwee. Do hu mir och am Logement e ganz gudden Iwwerbléck. Dir wësst, datt ech 2x e Pèlerinage bei d’Gemenge gemeet hunn. Eng Kéier virun de leschte Gemengewahlen an eng Kéier duerno. Wou ech quasi d’Gemengen quasi zu 100% gesinn hunn, konnt mat e schwätzen. An do ass ganz vill ënnerwee och vun de Promoteurs publics, dat ass Fonds du logement, dat ass awer och SNHBM a méi klenger, d’Gemengen insgesamt alleguerten. Mir hunn am Programm pluriannuel 10.000 subventionéiert Wunnengen. Wou dann och déi bei mir gefrot hunn fir subventionéiert ze ginn. An de leschten 3 Joer sinn der eng 1300 – 1400 fäerdeg gemeet ginn. Et sinn der elo 2000 déi amgaang sinn gebaut ze ginn an den nächsten 3 bis 4 Joer. 2.600 Wunnenge sinn PAP-aviséiert. Dat ass also alles subventionéierte Wunnengsbau, respektiv sozial Wunnengen. An da bleiwen an der Réserve foncière vun 2.500 Unitéiten, dat ass mäi Stéchwuert, well ech och geliest hunn am Programm vun der DP, datt mir verstäerkt missten a sollen - an do huet d’DP da Recht - déi Réserve foncière do opmaachen.

Eugène Berger: Wéi sou oft.

Marco Schank: Genau. An ech hu scho méi laang de Promoteurs publics, wou ech eppes ze soen hunn, och wollt ech vun hinnen datt se higinn an effektiv dat och maachen. Mä wat si mir dann mol geäntwert hunn, mir maachen entspriechend eise Kapazitéiten. An duerfir ass et wichteg, loosst mech dat nach soen, datt mir och déi privat Bauträger mat an d’Boot kréien an dee Projet de loi dee virdrun och wou den Eugène Berger drop ze schwätze koum, deen ech am Fréijoer dëst Joer presentéiert gouf. Do hu mir, well mir mat hinne geschwat hunn, mir hunn och mat der Chambre immobilière geschwat, mir hunn och mat eenzelne private Promoteurë geschwat fir hinnen am Fong déi selwecht Aiden ze ginn wann se dann dat selwecht leeschten fir eng Verstäerkung ze maachen fir och ze hëllefen. Och e Plan sectoriel Logement kréie mir net ëmgesat nëmmen alleng mat Promoteurs publics. Do mussen déi privat Bauträger hëllefen. An déi Iddi vun de Baulandverträg dat fannen ech eng gutt Iddi. Dat ass och keng nei Iddi. Et ass virun allem keng schlecht Iddi. Si misst virun allem méi Uwennung fanne bei de Gemengen.

Carine Lemmer: Also d’Offer misst méi stimuléiert ginn. Do si mir eis jo awer dann eens. Also ass d’Regierung dat da richteg ugaangen? Här Berger.

Eugène Berger: Wann ech d’Bilanz kucken da kann ech soen nee. Et ass net richteg ugaang. Den Här Schank schwätzt elo vill an d’Zukunft. Et fënnt een och eng Rei vun eisen Iddien déi mir am Wahlprogramm hu gutt. Ech mengen dat ass jo dann eppes wou een [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Net alles, mä et sinn der dobäi déi gutt sinn.

Eugène Berger: Un engem Strank kënnt zéien. Vläicht awer nach e Wuert zu de Prozeduren. Effektiv muss een d’Prozeduren durchforsten. Dat ass ee regelrechten Dschungel vu Prozeduren wann een eppes wëllt bauen. Dat ass souwuel Prozeduren innerhalb vun den ëffentlechen Instanzen tëschent Gemeng a Staat, wou mir och elo mat deem ganzen mat de PAG-Gesetzer säit Joren, säit 2004 hin an hir dokteren a wou eigentlech d’Gemengen och, dat ass jo och e Problem, datt hir PAGen, bis elo hunn 3 vun 106 Gemengen hire PAG finaliséiert well dat dauernd ëmmer hin an hir gaang ass. An awer och tëschent den Instanzen an dem Bierger. Ech mengen haut, wann ee wëllt bauen, wann een d’Chance huet sech nach een Terrain kënnen ze leeschten, da muss een sech jo en Architekt an en Affekot praktesch huelen fir duerch déi ganz Wull do vu Prozeduren ze kommen. All Bautereglement an all Gemeng ass aneschters. Do muss een also och usetzen. Awer dann sinn ech awer och erfreet ze héieren, datt de Marco Schank seet, datt een awer och misst privat Initiativ ënnerstëtzen. Dat war an de leschte Méint hunn ech dat net esou verstan gehat. Fir eis ass et kloer, datt de Staat eng Rei Aufgaben ze spillen huet, besonnesch am Logement social, mä datt awer och Privathand muss onbedéngt spillen. A mir stellen eis och vir, déi 500 Hektar déi do sollen iwwert de Plan sectoriel Logement kommen, datt déi eben haaptsächlech mat Baulandverträg, mat Gemengen eventuell, mä awer och mat privat Leit soll gemaach ginn, wat awer weist um Terrain, datt déi Privat méi schnell an och méi bëlleg bauen. Mir hu jo do och Géigebeispiller.

Wann ee kuckt, huele mir de Fonds du Logement. Ech hunn do an der Bilanz geliest vun 2012, datt se 1379 Wunnenge säit 1979 gemaach hunn. Dat sinn also iwwer 30 Joer, 1379 Wunnengen. Wann een der geschätzt all Joer 6000 eigentlech brauch, dat ass immens lues. Dat heescht do kann de Staat net déi Aufgaben iwwerhuelen. Méi bëlleg ass och nach eng Fro. Zum Beispill gëtt et um Cents 2 Projeten. Op der enger Säit huet d’Société nationale de l’habitation à bon marché gebaut. Op där aner Säit de Fonds du logement. Am Endeffekt war de Fonds du logement méi lues a méi deier wéi op där anerer Säit vun der Strooss. Kloer ass, datt do jiddwereen seng Roll ze spillen huet, si solle kucken d’Prozeduren z’accéléréieren, si solle kucken, datt d’Terrainen op de Marché kommen. Mä datt awer op där anerer Säit och privat Initiativ déi verschidde Saache kënne besser maachen, datt déi dat solle maachen. Vläicht och nach e Wuert zu deene Prozeduren. De Pacte logement dat ass jo awer och ee vun de Problemer. Oder och, deen hu mir 2008, wann ech richteg an Erënnerung hunn, gestëmmt. Bis haut ass eigentlech och do kee richtegen Effet komm, well mir eigentlech d’Gemengen zwar Sue ginn hunn, mä keng Prozeduren leien net prett um Dësch. Do eng ganz Rei Problemer sinn, datt se eigentlech net déi Sue konnte gebrauche fir dat wat se geduecht waren.

Marco Schank: Also fir d’éischt emol, ech fänken hannen un, de Pacte Logement, well ech immens dankbar war fir deen Outil. Wann elo eng ganz Partie Projeten um Dësch leien déi d’Gemengen initiéiert hunn, dann ass dat duerch de Pacte logement well se sech op eemol eens gi sinn an hirem Gemengerot fir ze soen ma mir mussen an de Wunnengsbau, besonnesch net fir d’lescht wéinst deene jonke Leit, musse mir Initiativ huelen, well d’Gemengegesetz gesäit de Wunnengsbau net vir. Et ass keng Mission obligatoire fir d’Gemengen. An et si vill Gemengen déi do Luuspäter spillen an näischt oder bal näischt maachen. Aner Gemengen déi hu ganz vill Opweises am Kontext vum subventionéierte Wunnengsbau, soziale Wunnengsbau an duerfir mengen ech ass de Pacte logement fir villes gutt gewiescht. An déi Gemenge maache jo keen Uz mat de Suen déi se kréien fir Infrastrukturen, kollektiv Infrastrukturen.

Elo wëll ech awer soen zum Fonds du logement an och zur SNHBM. De Fonds du logement deen huet ganz dacks Projeten wéi Diddeléng wat jo ganz vill Wunnenge ginn, dat gi bis 800 Wunnenge. Wolz d’selwecht 730 Wunnengen. Firwat soen ech déi 2 ? Well dat fréier Frichen waren, wou fir d’éischt muss sanéiert ginn, wou muss dee contaminéierte Buedem muss ewech geholl ginn ir iwwerhaapt ka geschafft ginn. Oder sou kleng Projeten.

Eugène Berger: Ech kann awer och Géigebeispiller nennen. Déifferdeng do happert et scho wéi laang. Do ass alles prett. De Fonds de logement mécht do net virun.

Marco Schank: Also ech mengen, datt se bis un hir Kapazitéiten ausgereizt sinn, mä vläicht bräicht een aner Strukturen. Do kann een och nach eppes dozou soen. Ech wollt awer op deen éischte Saz zeréck kommen vun deene privaten Acteuren am Wunnengsmaart. Dëse Minister huet ëmmer gesot, vun Ufank un, datt en do ass, datt mir privat Initiative brauchen an d’Chambre immobilière déi huet mengen ech nach gëschter duerch de Mond och vum Här Scheuren gesot, datt se e Projet prett hätten, si waren och bei mir mat engem entspriechende Projet. Ech hunn zwar, si hate gesot si géife mat engem Träger kommen, mä gutt dat ass elo nach net geschitt. Mä ech kennen awer Gemengen déi Konventioune gemeet hunn mat private Promoteuren, eventuell och mat engem ëffentlechen nach dobäi. Do ginn et ganz vill Méiglechkeeten fir wéi gesot d’privat Initiative ze notzen. D’Gemenge si jo Meeschter an nach eng Kéier déi Baulandverträg - an ech kann Iech Gemengen nennen, dat maachen ech elo net - déi e System genotzt hunn fir ze kucken, datt se d’Méiglechkeet kruten fir deen Terrain aus de PAGen fir dann deen zur Verfügung ze stellen wann eng Initiative do ass.

Carine Lemmer: Ech wéilt och nach de Sujet Taxen uschwätzen. Taxen op eidele Wunnengen, op eidelen Terrainen, dat gouf jo proposéiert. Do ass awer net wierklech vill geschitt. De Premier hat fir Enn 2012 sou ee Vademecum fir d’Gemengen annoncéiert fir eidel Wunnengen ze besteieren. Hu mir dat verpasst? Oder ass dat net geschitt? Här Schank.

Marco Schank: De Règlement deen ass ënnerschriwwe ginn, et wäert elo 1 Woch oder 10 Deeg sinn. Mir hunn immens laang gebraucht, virun allem och d’Juristen. Souwuel vum Intérieur wéi vum Logement, fir iwwerhaapt ee Wee ze fannen deen d’Strooss hält. Ech sinn elo net de Jurist, ech kann Iech elo net am Detail erklären wou de Misère ass. Mä dat war net esou einfach. Duerfir ech hunn awer ëmmer erëm gesot, mir brauchen de Règlement type, well mir hunn 3 Gemengen déi et gemeet hunn.

Carine Lemmer: 3 Stéck déi dat bis ewell hunn.

Marco Schank: 3 Stéck déi et gemeet hunn an et si Gemengen déi prett sinn fir et ze maachen an ech hunn et och ëmmer rëm gesot, mir brauchen dat Instrument do. Mä et muss een natierlech kucken. Vläicht nach ee Saz just, Eugène well ech dat awer wollt maachen. Wa mir gesinn um Niveau vun der Stad Lëtzebuerg wou no engem Recensement 2.700 Wunnenge sollen eidel stoen awer och, et muss een dobäi soen do sinn och déi dobäi déi amgaang sinn renovéiert ze ginn, wou gebaut gëtt. Bei der Stad Lëtzebuerg sinn et der eppes iwwer 900. Dee Problem dee musse mir an de Grëff kréien an duerfir hunn ech elo virun der grousser Vakanz nach, hu mir nach e Projet de loi am Regierungsrot ugeholl gehat fir d’Zweckentfremdung fir déi ze verhënneren. Dat heescht, dat baséiert och op enger Proposition de loi vum Ben Fayot fir datt net aus Wunnengen Bürosgebaier gemeet ginn, fir dat ze évitéieren.

Eugène Berger: Ech mengen dat do soll ëmmer eigentlech déi lescht Mesure sinn. Mir hunn och an eisem Wahlprogramm, datt mir soen, et soll een d’Grondsteier zum Beispill zesumme mat de Gemengen iwwerkucken fir datt een effektiv net an sou Situatioune kënnt, datt Terrainen jorelaang brooch leien oder Wunnenge brooch leien. Mä virdru soll een eigentlech Efforten maachen fir anerer eben déi Terrainen ze viabiliséieren. An ech kommen een dann nach eng Kéier op déi Baulandverträg zeréck.

Marco Schank: Do si mir eis eens.

Eugène Berger: Wat heescht dat eigentlech konkret? Mir hu jo elo schonn hei vill doriwwer geschwat. Vläicht d’Nolauschterer wësse vläicht net alleguerte wat dat heescht. Dat heescht, datt ee wierklech seet hei enger privater oder ëffentlecher Hand, du kanns dat elo viabiliséieren, du kanns dodroper bauen, mä wannechgelift mir ënnerschreiwen ee Kontrakt, datt dat innerhalb vun 2, 3 Joer muss sinn, zu engem gewëssene Präis. Eventuell nach vläicht zousätzlech fir eng Gemeng dat do prioritär kënnen d’Kanner, déi Jonk aus der Gemeng dohinner kommen. Dat sinn eigentlech déi Instrumenter déi mussen am Virdergrond stinn, déi ee muss développéieren.

Marco Schank: Do si mir eis eens.

Eugène Berger: Do si mir eis eens, mä et ass bis elo net gemaach ginn. Mir wieren eis och, wa mir dat scho méi fréi gemaach hätten [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Et si Gemengen déi et gemeet hu schonn.

Eugène Berger: Wann et méi fréi gemaach hätt, wiere mir sécher mat op dee Wee gaang. An nach vläicht awer och e Wuert zum Pacte Logement wou mir jo d’Gemengen och wëllen an d’Boot kréien, wou och sou Mesure wéi elo eben déi vun der Steier dra sinn. Mir stellen awer fest um Terrain, datt do ganz wéineg Gemenge bis elo wierklech kohärent de Pacte logement ëmgesat hunn. Si krute vill Suen. Ech huele meng eege Gemeng Réiser. Ech sinn am Gemengerot. Do si mëttlerweil scho Milliounen déi ee kritt huet, déi een op d’Säit leet, mä awer am Géigesaz well och [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Da muss een dem Schäfferot soen, datt [gëtt ënnerbrach]

Eugène Berger: Nee, well awer och zum Beispill zum Deel de PAG nach net konnt ofgeschloss ginn, well dat jo awer hin an hir gaang ass, well do also eng Rei Conditiounen net vun, ech soe mol vum Ministère, vum Législateur aus gi sinn, fir dat kënnen ëmzesetzen. Dat heescht, déi Suen sinn also net zweckgebonne bis elo an bezuelbare Wunnraum investéiert ginn.

Carine Lemmer: Dat bréngt mech bei déi lescht Fro. Also d’Präisser drécken ass visiblement schwéier. Duerfir stellt sech fir mech d’Fro also wat kann d’Politik dann iwwerhaapt maachen? Kann se iwwerhaapt deem Problem Meeschter ginn? Well jiddereen wëll jo wahrscheinlech wann en eppes verkeeft, eppes verlount jo sou vill Sue wéi méiglech. Also wat kann d’Politik iwwerhaapt maachen a wéi wäit ass se do ....

Marco Schank: Dat ass ganz kloer eng national Erausfuerderung. Ech hunn et dacks gesot, hei ass selbstverständlech d’Regierung an d’Gemenge gefuerdert, awer och, als Résumé och vun dësem Face à face, ëffentlech a virun allem privat Bauträger si gefuerdert. An ech géif awer wëlle behaapten, datt déi Mesuren déi am Paquet logement net nëmmen ugeduecht sinn, zum Deel ëmgesat an sech virun allem an deem Projet de loi rëmfannen deen ech am Fréijoer déposéiert hunn, datt dat awer genau dat hëlleft. Wéi ech virdru gesot hunn Offer an Demande. Virun allem méi staark bei der Offer an dann och individuell a kollektiv Aiden an déi och kucken. Ech hu geliest am Programm vun der DP, datt een déi misst sozial...[gëtt ënnerbrach]

Eugène Berger: Dir hutt eng gutt Lecture.

Marco Schank: Ah, ech hunn och déi aner Programmer geliest vun deene Gréngen an sou weider.

Eugène Berger: Leider konnt ech Iech nach net liesen, deen ass nach net raus.

Marco Schank: Jo, ma dee gëtt vun den Delegéierten e Samschdeg réischt ugeholl. Ech wollt awer soen, datt Dir schreift, datt déi Subventioune musse sozial an nohalteg [gëtt ënnerbrach]

Eugène Berger: Op alle Fall.

Marco Schank: Sozial eben, a genau dat hu mir gemeet a fir déi Aiden déi an deem neie Projet de loi do dra stinn.

Carine Lemmer: Här Berger, ganz kuerz, also d’Politik kann déi genuch maachen?

Eugène Berger: Natierlech kann d’Politik hei eppes maachen. Ech hunn eng Rei Pisten opgezeechent déi fir d’DP ganz wichteg sinn. Ech mengen wat awer och wichteg ass, d’Wunnengsproblematik dat muss wierklech een Uleies sinn vun enger ganzer Regierung. Déi muss soen, dat ass eis Prioritéit. Do schaffe mir elo an den nächste 5 Joer drun, do ginn d’Äerm héich gestreckt an do ass jiddwereen, net nëmmen de Wunnengsbauminister, och den Intérieursminister, de Finanzminister, de Premierminister déi mussen sech all do hannendru setzen an dat maachen. Do ginn et Méiglechkeeten nach eng Kéier Bauland muss een d’Offer vergréisseren, d’Prozedure verkierzen. Et muss een all déi Primen do duerchforsten, datt ee wierklech effizient dat mécht. Da sinn ech iwwerzeegt, datt mir kënnen do wierklech d’Kéier kréien an datt mir do op dee richtege Wee kommen.

Carine Lemmer: Et muss also nach eppes geschéien fir d’Präisser ze drécken. Wat dat ass a wien dat alles duerchsetzt, dat décidéiert sech dann an e puer Wochen. Här Schank, Här Berger villmools Merci fir Äre Besuch am Studio.

Marco Schank, Eugène Berger: Merci och

Dernière mise à jour