Marco Schank au sujet des actions gouvernementales dans le domaine du logement

Sascha Georges: Gudde Mëtteg, Här Minister.

Marco Schank: Gudde Mëtteg.

Sascha Georges: De Premier huet virgëschter a senger Ried zur Lag vun der Natioun kritiséiert, datt ze vill Wunnengen am Land eidel stinn. Wat mengt Dir als Logementsminister, firwat stinn déi iwwerhaapt eidel? Si géifen dem Propriétaire jo méi brénge wa se verlount wieren?

Marco Schank: Jo, also mir hunn, fir dee Saz virzeschéissen, eng riseg Demande. D’Populatioun wiisst all Joer ëm 10.000 Leit zu Lëtzebuerg. A ville Wunnengen, do wunnt nëmmen een, d’Singlestéit huelen zou, dat ass eng gesellschaftlech Entwécklung.

Dann hu mir, an dat wëll ech och soen, ganz vill Zweckentfremdung no wéi vir, dat heescht, datt déi Wunnenge fir en aneren Zweck geholl si ginn, wéi se eigentlech ursprénglech geduecht waren, zum Beispill fir Büroen.

Sascha Georges: Mä déi sinn dann net eidel. De Premier huet awer vun eidele Wunnenge geschwat.

Marco Schank: Ech wollt elo zu deenen eidele kommen – an da sinn et der déi eidel stinn, well eventuell de Propriétaire, ech soen emol, déi Suen net brauch, oder mengt e géif eng Kéier vläicht méi kréie fir seng Wunneng.

An dofir gëtt et jo eng Taxe, déi virgesi war, an déi am Gesetz vum Pacte logement verankert ass, am Gesetz vun 2008, dat wat mir esou courant als "Taxe spécifique" bezeechnen. An déi Taxe war ursprénglech am éischte Gesetzesprojet virgesinn, datt se sollt obligatoresch ginn, de Staatsrot huet dat erausgehäit. An et ass elo esou, datt d’Gemengen d’Méiglechkeet hunn, déi Taxe anzeféieren.

Sascha Georges: Mä si soll jo net obligatoresch ginn. Vläicht do direkt eng Fro: ass et dann net besser, si géifen et all maachen, well soss d’Leit natierlech soen, ech kafe mir elo just nach eng Wunneng an enger Gemeng, déi déi Taxe net freet?

Marco Schank: Also ech muss soen, datt ech schonn des Ëfteren am Public gesot hunn, datt ech et perséinlech eng gutt Iddi géif fannen, wann déi obligatoresch wier.

Gutt, dat hu mir elo net, dat hu mir nach net, esou datt ech Promotioun maache bei de Gemengen, an ech sinn de Moment erëm um Tour fir d’Schäfferéit aus dem ganze Land ze gesinn, wou ech soen, hei, maacht dat. Ech hunn et virun de Gemengewahle vum leschte Joer gemaach, an ech maachen et no de Gemengewahlen.

An ech weess vun zwou, respektiv dräi Gemengen, déi d’Démarche amgaange sinn. Et ass nach keng déi vum Intérieur autoriséiert ass, mä ech weess vun dräi Gemengen, Esch-Uelzecht, Biekerech, d’Stad Lëtzebuerg huet dovu geschwat, ech weess net wéi wäit datt si sinn, déi geschwë wäerte kommen.

Sascha Georges: Dat sinn der net vill, also dräi Stéck.

Marco Schank: Dat sinn der net vill, dat soen ech och.

An dofir ass et awer wichteg, an ech hu mech mat mengem Kolleg Inneminister kuerzgeschloss, ech hätt gär, datt mir méiglechst séier, ech hunn dat scho virun e puer Méint gefrot, méigléchst séier e Standardreglement hätte fir de Gemengen ze ginn. Dann ass et méi einfach. An et si jo elo zwou, dräi Gemengen déi vir ginn, déi de Wee opmaachen. An dann hoffen ech, datt méi Gemengen déi Taxe do asetzen.

Sascha Georges: Dir sot, d’Propriétairë brauchen d’Sue vläicht net, waarde bis déi Wunnenge méi deier ginn. Mä egal wéi, verloune wier jo da kee Feeler. Firwat maachen d’Leit dat net?

Marco Schank: Wéi gesot, do misst een dann d’Promoteure froen, respektiv d’Propriétairen.

Ech denken, datt dat eben och domat zesummenhänkt, datt d’Leit aus iergend engem Grond da mengen, hei, ech kréie Misère, oder wéi och ëmmer, sech ze bequem sinn, ech weess dat net. Näischt desto trotz hunn ech och manner Suerg, datt mir net genuch Wunnengen an Zukunft hätten, also nei géife bauen, datt dat manner de Problem ass, mä de Problem ass, et sinn no wéi vir déi héich Präisser. Wann ech kucken, tëscht 2005 an 2011 sinn d’Präisser an der Moyenne tëscht 19% a 25% an d’Lut gaangen, engersäits fir d’Haiser an anerersäits och fir d’Appartementer.

Sascha Georges: Mä de Premier huet jo och eng Zuel genannt, bis zu 70.000 nei Wunnenge kéinten entstoen. Misst da bei där Offer net de Präis gebrach ginn?

Marco Schank: Dach, mä dat ass och mäin erkläertend Zil, oder d’erkläertend Zil vun der Regierung, fir d’Offer méi grouss ze maachen. An do ass awer ganz vill geschitt.

Ech muss soen, datt de Pacte logement awer dozou bäigedroen huet, datt ganz vill Gemengen elo méi eng offensiv Wunnengsbaupolitik bei sech maachen, méi staark interesséiert si wéi an der Vergaangenheet, fir subventionéierte Wunnengsbau ze maachen, wat d’Leit soziale Wunnengsbau nennen.

A wann ech déi 98 Gemengen zesummen huelen, déi am Pacte logement matmaachen, da kommen ech op 52.000 Wunnengen. Dat si jo keng erfonnten Zuelen. Dat sinn Zuelen, déi sinn an 98 Konventioune fixéiert.

An da kommen déi dobäi, wou ech elo bal ee Joer amgaange sinn, fir ze kucken iwwer d’Land, virun allem d’IVL-Gemengen, fir erauszefannen, ob mir nach zousätzlech Hektare kënne fixéieren am Plan sectoriel. Mir sinn elo op 552 Hektar. De Regierungsrot huet dat déi lescht Woch ugeholl. 552 Hektar fir eng knapp 18.000 Wunnengen, fir 44.000, 45.000 Leit, zu engem Deel, ech soen emol, zu ronn 2/5, innerhalb vun de PAGen, wou awer näischt géif geschéie wa mir dat net géife maachen, an zu 3/5 ausserhalb vun de PAGen.

An do hunn ech och dofir gesuergt, an de Mouvement huet jo schonn do ugefaange gehat ze reklaméieren, datt mir genee gekuckt hunn, datt déi Hektaren, datt déi landesplaneresch korrekt verdeelt sinn iwwer d’IVL-Gemengen, oder déi esou genannt prioritär Gemengen. An och hu mir vum Naturschutz hier gekuckt, datt dat alles konform a korrekt ass.

Mir hu Screeninge gemaach, dat heescht, mir hunn Étudë gemaach, esou datt ech eigentlech dovunner ausginn, datt mir hei déi Wunnenge relativ séier kënne kréien, well mir, an dat ass vläicht dat Wichtegst un deene grousse Projeten do, mir am Pacte logement en Artikel hunn, am Pacte logements-Gesetz, wou gesot ass, de Stat huet do e Virkafsrecht. Dat heescht, de Stat huet d’Méiglechkeet seng Hand op déi Terrainen ze leeën.

Sascha Georges: Do si mir och bei den Terrainspräisser. Déi sinn net an de Grëff ze kréien, esou de Staatsminister virgëschter, dee sech verzweiwelt gewisen huet. An der Ried gouf zwar näischt esou gesot, d’Iddi existéiert jo awer, fir d’Plusvalue vun esou Terrainen zum Beispill ze besteieren. Gëtt dat gemaach?

Marco Schank: Mir sinn amgaangen och dat ze kucken. Et muss een och dobäi soen, am Pacte logements-Gesetz kënnen d’Leit och elo scho profitéieren, datt wa se Terrainen un de Stat, respektiv un d’Gemeng verkafen, datt se da keng Akommessteier musse bezuelen. Dat heescht, an deem Pacte logements-Gesetz sinn eng Rei esou Virgabe ginn.

Sascha Georges: Mä wann een elo net wëll verkafen?

Marco Schank: Wann een net wëll verkafen, da verkeeft een net. Ausser mir hunn herno déi Méiglechkeet vun de Plans sectoriels, wou ech gesot hunn, wou de Stat sech d’Méiglechkeet gëtt fir wierklech d’Hand op déi Terrainen ze leeën. Ansonsten huet een en Droit de préemption, mä e ka jo zu all Moment ëmmer kucken, datt wa verkaaft gëtt, an där hu mir awer, déi hunn [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Mä d’Hand op deen Terrain leeën, wat heescht dat konkret? Wann ech elo en Terrain hunn, ech soen, ech wëll deen net verkafen, de Premier weist sech, wéi gesot, verzweiwelt, datt d’Terrainspräisser ëmmer weider klammen, wat heescht dat, Hand op deen Terrain leeën, vum Stat?

Marco Schank: Majo, do kann de Stat, wann e wëll, déi Terraine kréien. Dat ass dat neit Landesplanungsgesetz wou amgaangen ass ausgeschafft ze ginn, wou een dann dofir ka suerge fir déi Terrainen ze kréien. An do gëtt och eng Klausel wahrscheinlech virgesinn – de Claude Wiseler, de Kolleg betreit dat an der zoustänneger Chamberkommissioun – mä do ass virgesinn, datt een och kuckt, minus 1 Joer, datt dann och déi Präisser, fir der Spekulatioun aus de Féiss ze goen, datt déi Präisser gëlle minus 1 Joer vis-à-vis vun de Projeten, dee Moment wou se entaméiert ginn.

Sascha Georges: Mä dat heescht, de Stat kéint de Propriétaire forcéieren de Terrain ze verkafen?

Marco Schank: Jo, jo.

Sascha Georges: A wann ech dat awer elo net wëll, wann ech den Terrain wëll halen, mengetwege fir meng Kanner, oder?

Marco Schank: Jo, dann nach eng Kéier zréck op déi Taxe spécifique fir géint d’Spekulatioun ze wierken: do sinn Ausnamen am Gesetz virgesinn, zum Beispill Leit déi fir hir Kanner wëllen den Terrain halen, oder mir huelen e Vollerwerbsbauer, deen en Terrain am Duerf, oder wou och ëmmer, brauch fir säi Beruff auszeüben. Déi Derogatioune sinn elo schonn am Gesetz virgesinn.

Sascha Georges: Fäert Dir net, datt dann all Mënsch probéiert vun deenen Derogatiounen ze profitéieren, da seet op eng Kéier all Mënsch, ech halen den Terrain gär fir meng Kanner?

Marco Schank: Neen, ech mengen – dofir huet dat jo och gedauert bis verschidde Gemengen och déi Reglementer fäerdeg haten – déi Reglementer musse juristesch an der Rei sinn. An dat ass och deemools esou an der, wéi d’Gesetz gestëmmt ginn ass, ass dat jo och vum Staatsrot gekuckt ginn. Ech mengen, datt een do e Wee fënnt fir dat juristesch korrekt ze maachen.

Sascha Georges: Vläicht nach eng Kéier kuerz zréck op déi eidel Wunnengen, respektiv Terrainen. Wéi vill Zäit gitt Dir de Leit am Fong geholl op hire Propriétéite sëtzen ze bleiwen, fir et emol esou auszedrécken?

Marco Schank: Jo, ech hunn déi Délaien net all am Kapp. Et war deemools vun annerhallef bis dräi Joer Rieds, dat misst een elo nokucken am Eenzelnen [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Bei Terrainen a bei Wunnengen?

Marco Schank: Jo, do waren Ënnerscheeder tëscht bebauten an onbebauten Terrainen, fir do virzegoen. An dat, mengen ech, ass dee Wee wéi och elo déi meescht Gemengen déi virginn och dat da fixéieren.

Sascha Georges: Virgëschter gouf och eng nei Logementssubventioun presentéiert, an zwar déi vum Mietzuschuss, déi eng 95 Euro an der Moyenne pro concernéiert Famill ausmécht. De Jean-Claude Juncker hofft, datt dat elo net dozou féiert, datt d’Loyeren och em dës Zomm klammen. Mä wéi wëllt Dir dat dann évitéieren?

Marco Schank: Jo, also mir hunn natierlech am Virfeld laang gekuckt, mir hunn eng Étude maache gelooss, fir eis och do e Wee ze sichen.

Ech mengen, datt dat do net geschitt, déi Gefor relativ kleng ass. Well dee Grupp vu Bénéficiairë vu Leit, dat si jo Ménagen, déi ënner dem Niveau vum Aarmutsrisiko leien, déi op villes schonn an hirem Liewen hu misste verzichten. Mir schwätzen do vun 13.300 Ménagen circa, also esou e klenge Grupp vu Leit, datt ech net mengen, datt dat e Problem gëtt.

Dann hu mir eis och eng intelligent Formel ausgeduecht, ech wäert déi deemnächst presentéieren, fir déi Hëllef ze rechnen. Engersäits natierlech d’Akommes, d’Composition du ménage, an dann awer och gëtt de Loyer reell gekuckt, dat ass deen, deen an där geografescher Zon – well mir hu grouss Ënnerscheeder vun de Loyeren, iwwer d’Land verdeelt – respektiv de Loyer minimum gëtt gekuckt ier dann déi Bäihëllef gerechent gëtt.

An dann hätt een och nach ëmmer d’Méiglechkeet fir eng Aart Regulativ anzeféieren, do hu mir elo weider eis nach keng Gedanke gemaach, mä déi Méiglechkeet hätt een awer. E Beispill, de Mietspiegel an Däitschland fir och do ze kucken, datt näischt passéiert an esou [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Dat heescht, eng Zort Limite a Saache Loyer, déi géif een de Leit da ginn?

Dat Ganzt géif de Stat eng 15 Milliounen Euro d’Joer kaschten, also géigefinanzéiert ginn duerch d’Ofsenke vun anere Wunnengsbäihëllefen. Wéi eng sinn dat, a wéi wäit gi se erof?

Marco Schank: Jo, do wollt ech den Ament nach näischt soen, well mir dat nach diskutéieren. Dat si mir amgaangen ze kucken, wou mir eppes ewechhuelen. Mir wäerten, denken ech awer, néierens eppes ewechhuele wou d’sozial Selektivitéit spillt, an dofir kommen ech do gär méi spéit eng Kéier drop zréck.

Sascha Georges: Déi national Gesellschaft fir Siidlungsentwécklung, déi hëllefe soll d’Präisser erofzekréien, gëtt d’nächst Woch virgestallt. Wéi wäert dës da fonctionnéieren?

Marco Schank: Et ass esou, datt dat, esou vill kann ech soen, dat wäert eng Société anonyme sinn, an déi Société nationale de développement urbain, wéi mir se wahrscheinlech dann definitiv nennen, ass am Fong, an dat hunn ech schonn e puer Mol dobausse gesot, eng Aart Facilitateur fir a Saachen Entwécklung vu Siidlungen, vu Wunnengsbau méi séier virunzekommen. Méi Fluiditéit zum Beispill, datt d’Prozedure méi séier ginn, datt d’Gemengen eng Hëllefstellung kréie fir méi séier Terrainen ze viabiliséieren. A virun allem och fir grouss Terrainen.

Zum Beispill d’Frichen, wann ech un d’Frichë vu Woltz denken, wou awer eng ronn 500 Wunnenge geplangt sinn, do brauch een e staarke Player. A mir hu jo och Wëlles deem déi Ressourcen ze ginn, déi e brauch.

An dann, wat wiesentlech ass, och do wëll ech Privatacteure mat abezéien. Dat ass ganz wichteg, och privat Promoteuren, deene wëll ech souwisou méi Méiglechkeet gi fir beim subventionéierte Wunnengsbau ze hëllefen. An och Gemenge kënnen an deene Projete matmaachen, dat heescht, dat gëtt eng ganz dynamesch Sociétéit.

Sascha Georges: Awer keen zweete Fonds de logement, wéi d’Handwierkerfederatioun fäert?

Marco Schank: Neen, neen. Ech muss soen, d’Handwierkerfederatioun fäert eppes, mengen ech, wou se eigentlech éischter solle frou sinn. Déi Démarchen iwwer déi mir elo hei schwätzen, déi hëllefen den Handwierker. Wann esou vill gebaut gëtt wéi de Moment, an et ass, mengen ech, nach ni esou vill zu Lëtzebuerg gebaut gi wéi elo, vun de private Promoteuren, awer och vun den ëffentleche Promoteuren, vun de Gemengen, vum Fong, vun der SNHBM; dat kënnt den Handwierker zegutt. Well virun allem déi esou genannte Promoteurs publics mat usässegen Entreprise schaffen.

An ech mengen, do solle se sech eigentlech driwwer freeën, a si solle sech och freeën, datt de Wunnengsbauminister bei d’Gemenge geet a probéiert, datt nach méi op deem Niveau geschitt.

Sascha Georges: Da vläicht nach e Wuert zu enger Affaire, déi Ufanks des Mounts an der Aktualitéit war, an zwar huet d’Gemeng Reisdorf kee PAG, an de ganzen Territoire misst eigentlech eng Zone verte da sinn, a streng geholl misst jo dann de Gros vum Duerf ofgerappt ginn. Ganz kuerz, firwat ass dat esou, a wéi geet et weider am Dossier?

Marco Schank: Ech muss soen, datt ech elo als Minister manner mat deem Dossier befaasst sinn, wéi elo den Inneminister. Mä si sinn awer, esouwäit ech weess, déi nei Équipe, an och deelweis scho virdrun ass awer gekuckt ginn, fir sech do ze regulariséieren. An dat gëtt och dann héich Zäit, well et ass schwéier fir de Minister deen zoustänneg ass fir Ëmwelt, wann op eemol eng ganz Gemeng quasi Zone verte wier, fir dann déi entspriechend Autorisatiounen ze ginn. Ech denken awer, datt dat um gudde Wee ass.

Sascha Georges: Ass et och esou, datt dat bei ville Gemengen, oder bei méi Gemengen de Fall ass, datt do e PAG feelt?

Marco Schank: Ech mengen net, mä ech wëll awer elo net hei enger Lige bezichtegt ginn. Ech mengen, datt et just d’Gemeng Reisdorf ass.

Sascha Georges: Marco Schank, Merci fir dës Explikatiounen.

Marco Schank: Et ass gär geschitt!

Dernière mise à jour