Marco Schank au sujet du marché du logement au Luxembourg

François Aulner: Wunne gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi deier. Et ginn nach ëmmer net genuch Wunnenge gebaut, fir der Hausse vun der Demande nozekommen. Gläichzäiteg klammen d'Fraise fir Energie, Waasser, mä awer och de Chômage. Ëmmer méi Leit riskéiere sech keng Wunneng méi leeschten ze kënnen. Fir iwwer dës an aner Problematiken am Beräich vum Logement, mä awer och méiglech Solutiounen ze diskutéieren, begréissen ech haut am Studio de Logementsminister Marco Schank. Gudde Mëtteg.

Marco Schank: E schéine gudde Mëtteg.

François Aulner: Här Schank, Äre Parteikolleg, de Luc Frieden, huet rezent eng Diskussioun iwwer de Mindestloun lancéiert oder de Mindestloun esou ze soen a Fro gestallt. Mä esouguer haut schonn ass et quasi onméiglech mam Mindestloun un eng Wunneng ze kommen oder de Loyer ze bezuelen. Wat haalt Dir vun den Aussoe vum Finanzminister?

Marco Schank: Also dat éischt wat mir dozou afält ass, datt et ganz sécher dem Luc Frieden seng Absicht net war fir de Mindestloun a Fro ze stellen. Ech mengen, datt et awer wiesentlech ass, datt mir all zesummen, déi ganz Regierung plus d'Chamber an och ONGen, respektiv d'Gesellschaft insgesamt, muss driwwer diskutéiere wéi mir den Defizit an de Grëff kréien, dee mir nun emol hunn an dësem Stat, um Niveau vun eisem Budget, eise Budgeten. Et kann ee soen, datt och d'Gemengen eigentlech Bestanddeel misste si vun esou Ustrengungen an ech mengen, datt dat wiesentlech ass an datt och d'Regierung fir hiren Deel sech d'Wuert ginn huet fir an de nächste Wochen a Méint genau dat ze maachen, fir och d'Kris an de Grëff ze kréien.

François Aulner: Dat heescht de Mindestloun soll och e Sujet sinn an deenen Diskussioune fir den Defizit ofzebauen?

Marco Schank: Ech denken net, datt de Mindestloun e Sujet ass, jiddwerfalls net de Prinzip.

François Aulner: D'accord. Also kann een da soen, wéi ass d'Stëmmung an der Koalitioun am Moment, vu datt déi Debatte awer lancéiert ass? Wéi hutt Dir déi ëmfonnt?

Marco Schank: Jo d'Koalitioun fënnt jo op méi Niveaue statt, si fënnt an der Regierung statt, si fënnt natierlech an de Parteien um Niveau vun de Fraktiounen an der Chamber statt, an ech muss soen, datt um Niveau vun der Regierung eigentlech an deene wiesentleche Froen un engem Strang gezu gëtt. Wann ech kucke wat déi lescht 2,5 bis bal 3 Joer wou et déi Koalitioun gëtt, wat ëmgesat ginn ass, wann ech mir d'Regierungserklärung Revue passéiere loossen, dann ass et eng ganz Partie Saachen. Wann ech nëmme meng Ressorte kucken, et sinn eigentlech déi Saachen déi mir eis virgeholl haten, déi déi 2 Parteien innerhalb vun der Koalitioun sech virgeholl hunn, datt déi am gaang sinn entweder ëmgesat sinn, oder am gaang sinn ëmgesat ze ginn.

François Aulner: Wann een dann elo kuckt, ofgesinn elo vum Mindestloun, de Logement mécht am Budget vun engem Stot ee ganz grousse Montant aus. Bei Pensionéierten a bei Chômeuren louch 2009 dësen Undeel bei ronn 40%. Wéi sollen dann déi Leit mat nidderegem Akommes dann iwwerhaapt dezent kënne liewen?

Marco Schank: Jo, also vläicht eppes zu deene Spezifizitéite vum Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg. Et ass esou datt d'Bevëlkerung ëm ronn 10.000 Leit all Joer wiisst. Et gëtt keen anert Land an der Europäescher Unioun wou dat esou ass. Mir sinn an de leschten 20 Joer ëm ronn 33% gewuess, et sinn 125.000 Leit zu Lëtzebuerg bäikomm. An et ginn och ëmmer méi eenzel Wunnenge gebraucht, engersäits well Familles monoparentaux entstinn, well d'Leit méi al ginn, beispillsweis, datt och ee Phenomen entsteet, deen een als Zweckentfremdung bezeechent, datt Wunnenge fir aner Zwecker genotzt ginn, fir kommerziell Zwecker. An da wëll ech awer och soen, datt, nach, einfach doduerch entsteet eng grouss Demande an doduerch entstinn och héich Präisser. An déi grouss Demande bréngt natierlech mat sech, datt ganz vill Leit eng Wunneng sichen. Da si mir een Héichlounland zu Lëtzebuerg, wou ee sech jo kann eigentlech driwwer freeën. Dat bréngt awer mat sech, datt natierlech, och wann d'Leit sech kënnen eppes leeschten, datt och d'Loyeren an d’ Immobiliëpräisser klammen.

François Aulner: Déi Lounentwécklung gëtt jo awer gebremst am Moment, soe mir duerch d'Indexmoduléierung zum Beispill oder wann een d'Pensioune kuckt, soll dat laangfristeg gesi vläicht méi moderat goen?

Marco Schank: Ech mengen net, datt d'Leit dat elo schonn esou spieren. Soss wier dat jo och, soss géif een dat menger Meenung no och um Wunnengsmaart spieren. An ech wollt awer nach een interessanten Aspekt soen, wat eng Spécificitéit ass fir Lëtzebuerg. Ech hu mir eng Statistik nogekuckt um Niveau vun der Europäescher Unioun aus dem Joer 2010. Ech hu se och schonn dobausse méi dacks gesot: mir sinn dat Land mat deene gréisste Wunnengen. Dat heescht, mir occupéiere pro Persoun pro Logement ronn 180 Meter Carré. Wann een déi nei gebaute Wunnenge kuckt, wann ech déi 180 Meter Carré vergläiche mat Frankräich, da si mir bei 99 Meter Carré. Bei Däitschland bei 113 Meter Carré. Dat sinn awer scho riseg Ënnerscheeder. Et huet natierlech domat ze dinn, datt mir ganz vill Eefamilljenhaiser hei zu Lëtzebuerg hunn. A wann ech dee ganze Stock vu Logement kucken, da si mir bei 133 Meter carré pro Logement pro Persoun an och do, wann ech huelen dann d'Belsch fir ze vergläichen, si mir nëmme bei 81 Meter carré oder Frankräich bei 91, fir ze weisen, datt och mir - ech soe mol - um Niveau vun de Wunnenge gär grouss Wunnengen hunn.

François Aulner: Dat heescht, wëllt Dir dann elo méi dofir suergen, datt nach méi kleng Wunnenge kommen op de Marché, vläicht datt d'Regulatiounen, d'Prozedure vereinfacht ginn fir méi an d'Héicht ze bauen zum Beispill, oder?

Marco Schank: Also, eppes wat mir ganz sécher wëllen, do sinn ech net alleng Meeschter, mä dat ass awer de Wonsch och vun der Regierung insgesamt, dat ass fir méi kompakt ze bauen. Dat maache mir och elo schonn. Ech mengen, datt den Trend vun deem groussen Eefamilljenhaus mat ganz vill Plaz ronderëm souwisou net méi ka fonctionnéieren, ëmsou méi eben d’ Immobiliëpräisser déi sinn déi si sinn a vun dohier och haut méi kompakt gebaut gëtt, och am Sënn datt och unenee gebaut gëtt. Dat war, wann ech mech u meng Zäit als Buergermeeschter erënneren, virun 20 oder virun 30 Joer nach quasi een Unding.

François Aulner: Just nach fir eng Kéier kuerz op d'Zuelen zeréckzekommen fir d'Nolauschterer vläicht. An der Moyenne sinn d'Präisser beim Kaf vun engem Haus tëscht 2010 an 2011 ëm méi wéi 2% geklommen. Beim Kaf vun engem Appartement ëm 5,5%. bei der Locatioun ass d'Hausse nach vill méi däitlech, plus 7,8% fir Haiser a plus ronn 10% fir d'Appartementer, esou op jiddwer Fall d'Zuele vum Observatoire de l'habitat. Also wéi et schéngt ass d'Situatioun nun mol esou am Moment, datt et eropgeet mat de Präisser. A virun engem Joer hutt Dir, also huet d'Regierung an engem Papier och esouguer vun enger Kris am Logement geschwat. Trëfft dat haut nach ëmmer zou?

Marco Schank: Also et ass esou, datt de Logementsminister innerhalb vun der ganzer Regierung eng ganz Partie Moossnamen op den Dësch getässelt huet. Net méi spéit wéi am Mee d'lescht Joer, ee Paquet logement ficeléiert huet, wou mir 20, 21 Mesuren dran hunn a wou ech am gaang sinn eng no där anerer ëmzesetzen, well mir virun allem zwou Saache musse fäerdeg bréngen: et muss nach méi gebaut ginn, obwuel ech wëll drop hiweisen, datt am Joer 2008, dat sinn déi lescht Zuelen déi ech hunn 4.440 Wunnengen entstane sinn. Dat sinn der enorm vill vis-à-vis vu 4-5 Joer virdrun, wou et der vläicht 1900 oder 2000 waren, dat heescht [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Dat ass awer d'Zil dat ee muss erreechen.

Marco Schank: Jo also d'Zil ass bei 3.400 3.500 Wunnenge laut Plan sectoriel logement. A wann ech kucke wat och elo e bëssen no der Kris, wou et jo méi lues gaangen ass, wou d'Leit jo ofgewaart hunn, 2008 2009, wann ech elo bis an 2010 eran, wann ech elo kucke wat d’Baugenehmegunge sinn, ëmmerhi sinn 2011 par rapport zu 2010 d’Baugenehmegunge fir Appartementshaiser ëm 34,5% an d'Lut gaangen a bei Eefamilljenhaiser ëm 17%. Dat weist awer, datt sech eppes beweegt an et muss ee jo och dobäi soen, datt am Logement ganz vill Sue verdéngt ginn, vill Leit awer Sue verdéngen, net nëmmen d'Leit aus dem Secteur, de Secteur un der Constructioun, mä selbstverständlech och d'Banken, Assurancen, an dat ass jo och näischt Béises.

François Aulner: Déi 70% Propriétairen kommen jo och net schlecht ewech.

Marco Schank: Voilà, mir sinn e Land wou mir ganz vill Propriétairen hunn, deemno, Dir hutt d'Zuel genannt, 70%. An dem Logementsminister seng Aufgab ass éischtens fir ze kucken, datt mir vill Wunnengen op de Maart kréien, datt mir och zu abordabele Präisser Wunnengen op de Maart kréien a virun allem, net nëmme kucken - dat ass zwar nach wie vor e wichtegen Aspekt – ass, dee mir elo gesot hunn, fir datt och méi Leit kënne Propriétaire ginn, mä virun allem brauche mir méi Mietwunnengen. Mir brauche méi Locatif an deen, iwwerhaapt, méi Wunnengen am Beräich vum subventionéierte Wunnengsbau wéi ech soen, also soziale Wunnengsbau, do brauch ech net nëmmen d'Regierung, ech brauch och d'Gemengen. D'Gemenge sinn ee ganz wiesentlechen, fir net dee wiesentlechste Partner vun engem Logementsminister. Well d'Gemenge Planungshoheit hunn a vläicht fir dee Saz nach ze soen, ech hunn 2010 e Pèlerinage gemaach, wou ech 94 Schäfferéit begéint a wou ech duerno gemierkt hunn, datt ganz vill Gemengen un de Ministère erugetruede sinn a mir wëlle subventionéierte Wunnengsbau maachen. Dat ass déi Préjugéë vu fréier, déi et awer an eenzelne Gemenge gouf wou gesot ginn ass, mir wëlle kee soziale Wunnengsbau an esou weider an esou fort, datt dat einfach ufänkt opzehalen an dofir hunn ech mir och elo nom 9. Oktober d'lescht Joer och een neie Pèlerinage virgeholl deen elo Enn Mäerz Abrëll wäert stattfannen.

François Aulner: Jo et ginn also ganz vill eenzel Punkten déi mir elo nach mussen uschwätzen. Dir hutt de Paquet logement ugeschwat, Dir hutt och Zweckentfremdung ugeschwat an dat ass jo ee Facteur deen nu mol dozou bäidréit, datt d'Präisser klammen oder datt op jiddwer Fall d'Loyeren och klammen. An anere Wierder, ee Propriétaire verlount seng Wunneng elo un eng Entreprise oder un ee Bureau d'études fir Affekoten, Notairen, Architekten an déi sinn dacks bereet méi héich Loyeren ze bezuele wéi e Stot. Wat gëtt do geplangt fir eppes dogéint ze ënnerhuelen?

Marco Schank: An deem Fall do hunn d'Gemenge ganz vill Prise drop, fir dat einfach net zouzeloossen. Ech weess dat Beispill an der Stad Lëtzebuerg, fir do keen anert ze huelen, ganz vill Beméiungen an deem Beräich sinn. Dann ass awer och d'Spekulatioun déi dofir suergt, datt d'Wunnengen eidel bleiwen, datt Immobilien eidel bleiwen. Dat ass déi berühmt Taxe spécifique, déi och am Pacte logement Gesetz virgesinn ass. Déi awer fakultativ ass, dat heescht wou d'Gemengen net forcéiert sinn dat ze maachen, nach weess ech, datt nom 9. Oktober eng oder déi aner Gemeng gesot hunn, mir wëllen déi Taxe aféieren. Ech hoffen, datt et net bei deem Wëlle bleift, mä datt effektiv probéiert gëtt dann iwwer déi Taxe spécifique géint d'Spekulatioun ze wierken. Dat ass ee ganz wiesentlechen Deel an ech hoffen eben och, datt d'Gemenge verstäerkt mir hëllefen subventionéierte Wunnengsbau ze maachen.

François Aulner: Dat heescht, wann een d'Klasséiere vun de Gebaier elo wëll méi respektéieren doen, dat heescht d'Kategorie Wunnenge wierklech fir Wunnenge soll destinéieren, da muss ee gläichzäiteg simultan un där aner Schrauf dréinen, fir datt d'Gemengen déi Taxe op d'Spekulatioune maachen, soss kann dat jo näischt ginn.

Marco Schank: Jo also et ass e Pak vu Moossnamen déi musse geschéien, fir effektiv fäerdeg ze bréngen, datt mir engersäits Zweckentfremdung andämmen an anerersäits, datt eidel Wunnenge genotzt kënne ginn, respektiv och, natierlech och, eidel Bauterrainen, do ginn et jo och am Pacte logement Ausnamen, fir zum Beispill Leit wou d'Kanner sollen eng Kéier bauen op deenen Terrainen, respektiv och déi Ausnam fir haaptberufflech Baueren, déi Terrainen an Uertschafte wëlle weider notzen. Vun dohier, datt ech, mir net zevill Angscht hunn, datt dat net fonctionnéiert. Nach brauch een do de politesche Wëlle vun de Gemengen.

François Aulner: Also dat war deemools de Staatsrot deen dogéint war datt déi Taxe spécifique soll obligatoresch ginn, aus deem Grond, datt de Gemenge hir Souverainitéit wär, hir Roll wär fir esou Taxen ze maachen. Konnt Dir Iech als Regierung net, wann de Wëllen do gewiescht wär, iwwer déi Opposition formelle eropstellen?

Marco Schank: Jo, ech war deemools net an der Regierung, ech hunn awer fir dat Gesetz gestëmmt. A meng Meenung war deemools wéi haut nach ëmmer déi selwecht, datt ee besser gehat hätt fir déi Taxe obligatoresch ze maachen. Nach, Dir hutt et elo grad gesot, war awer do eng ganz grouss Resistenz. Mir musse kucke wéi dat dote sech weiderentwéckelt. Da muss ee vläicht eng Kéier dozou kommen fir eppes méi ze maachen.

François Aulner: Et ass jo problematesch, et gesäit ee jo uechter d'Land an esouguer matzen an der Stad, zu Bouneweg, um Lampertsbierg eidel Terraine stoen an um Breedewee an der Alstad zum Beispill hunn ech och nach esou een delabréiert Haus gesinn, eng wonnerschéi Plaz. Kann een net aner Instrumenter och nach aner dobäidenken, fir dat ze verhënneren?

Marco Schank: Also et muss een natierlech dobäi soen, op där anerer Säit, et gëtt awer enorm vill gebaut. Ech mengen datt nach ni esouvill gebaut ginn ass zu Lëtzebuerg wéi an dësem Moment. Dat ass och positiv an dofir wëll ech mir och, wann ech elo nach eng Kéier bei d'Gemenge ginn, datt ech einfach och op de gudde Wëlle vun de Gemenge setzen. Ech hunn awer och schonn eng Kéier an enger Conférence de Presse gesot, wou och de President vum Syvicol nieft mir souz, ech probéieren elo effektiv mam gudde Wëlle vun de Gemengen, well do ganz vill gudde Wëllen ass, och am Kontext vum subventionéierte Wunnengsbau méi ze maachen. Wann dat eng Kéier net géif goen, da muss ee méi wäit denken, da muss een eventuell och eng Kéier eppes maache wat d'Fransouse probéiert hunn ze maachen, fir mat Quoten ze schaffen. Dat ass dat Gesetz wat op d'Joer 2000 zréckgeet. Nach hunn ech mech och domatter beschäftegt. De Succès ass net esou wahnsinneg gewiescht am Frankräich, aus enger Rei vu Grënn, wat elo géif ze wäit féieren, fir déi elo hei opzezielen. Nach soen ech nach eng Kéier, wa mir net séier genuch virukommen, da muss een och aner Weeër goen.

François Aulner: Am Moment kann ee sech jo e bëssen denken, datt awer d’Propriétairen an enger gudder Situatioun sinn a relativ verwinnt sinn. Also wann ee bedenkt wéi laang gewëssen Haiser an Terraine kënnen eidel stoen. Wéi séier muss dann elo eppes geschéien? Wéi laang wëllt Dir elo nach monitoren oder kucken ob d'Saach sech net duerch déi aner Instrumenter, op déi mir nach zeréckkommen, sech ännert?

Marco Schank: Wéi gesot, ech setze virun allem doropper, datt ech mat deene Moossnamen déi ech elo um Dësch leien hunn, datt ech mat deenen zum But kommen. De Paquet logement mat sengen 20 oder 21 Moossnamen, do sinn elo eenzelner esouguer schonn ëmgesat, anerer sti kuerz virdrun, anerer wäerte bis d'Enn vum Joer ëmgesat ginn, well ech dat neit Gesetz muss schreiwen, d'Gesetz vun 79 muss komplett nei geschriwwe ginn, fir och déi Moossnamen z'integréieren. An da wäert ech op Grond dovunner évaluéiere wéi séier datt mir virukomm sinn.

Wann ech awer ee Saz däerf soen zum Pacte logement, de Pacte mat de Gemengen, wou eng 99 Gemenge vun an der Tëschenzäit 106 déi mir nach hu, matmaachen. Déi lescht 3 Gemengen hu sech virum 1. Januar 2012 verflicht, wann ech déi Zuel vu Wunnunitéiten déi an deenen 99 Konventioune stinn, wann ech déi zesummenzielen, da kommen ech op 52.000 Unitéiten. Dat ass jo näischt aus der Loft gegraff, dat si präzis Projeten déi an deene Konventiounen drastinn. An do sinn der eng Partie déi si realiséiert, well mir jo och Gemengen hunn déi retroaktiv an deem Projet vum Pacte logement matmaachen, anerer sinn an der Prozedur, nach anerer sinn an der Planung. An do passéiert awer eppes. A wann ech Iech soen, datt ech, 2007 ass dat ugaangen, bis 2011 nach mat, 111 Milliounen Euro un d'Gemengen iwwerweisen, do huet d'Regierung awer ee ganz staarken Effort gemaach. Déi Sue si jo geduecht fir de Gemengen déi Méikäschten ze kompenséieren, déi si doduerch hunn, datt hir Bevëlkerung an d'Lut geet. Vun dohier sinn déi Suen op eng ganz positiv Manéier ugewannt an do ass villes geschitt. A fir dee Saz vläicht nach ze soen, deen ech och schonn an der Pressekonferenz iwwer de Monitoring gesot hunn, d'Gemenge leien alleguerten, déi verschidde Modeller am Pacte logement, leien iwwer hirem Soll, dat heescht déi 15% innerhalb vun 10 Joer sinn op allen Niveauen do iwwerschratt.

François Aulner: An nach, trotzdem fir nach eng Kéier op d’Taxe spécifique zréckzekommen, do hat de President vum Gemengesyndikat Syvicol, den Dan Kersch mengen ech op der nämmlechter Occasioun am Dezember een Appel gemaach, well hien huet gemengt, och vu senger Säit, datt d'Taxe spécifique net wierklech kéint ugewannt ginn, aus de Grënn, datt dat viru Geriicht net géing gutt duerchkommen. Mä hien huet da vun der Grondsteier geschwat. An Dir hat mir eng Kéier gesot, dat war viru méi wéi engem Joer, do war ech och bei Iech op enger Pressekonferenz, do hutt Dir gesot, dat et ridicule wär fir gewëss Gemengen déi Grondsteier iwwerhaapt eranzefroen, also ze hiewen, well déi esou kleng ass zu Lëtzebuerg an am Verglach zum Ausland ass dat och de Fall. Ass dat net och eppes wou grondsätzlech et och iwwerhaapt ëm de Patrimoine geet?

Marco Schank: Dofir hunn d'Gemenge jo elo d'Méiglechkeet fir un der Schrauf vum Impôt foncier ze dréinen. Dat war jo ni esou. An effektiv op deem Niveau wéi mir se haten, ech erënnere mech un déi Zäit als Buergermeeschter, hunn ech mir effektiv d'Fro gestallt, ob déi Suen déi gebraucht gi fir se anzedreiwen net déi Käschten, net de Revenu iwwerweien. Vun dohier hunn awer d'Gemengen an et sinn der eng ganz Partie vun deenen ech weess, déi do ganz responsabel handelen, déi probéieren dat dann och ëmzesetzen. Nach kann ee sech Gedanke maache, och wa sech iwwer Reforme vu Gemengefinanze Gedanke gemaach ginn, fir och do eppes méi ze maachen.

François Aulner: Dat heescht, et kéint ee sech virstellen, datt d'Grondsteier zum Beispill vun der Regierungssäit anescht encadréiert gëtt an zum Beispill, datt een och staffelt, oder fir déi déi Angscht hunn, ech mengen, datt een d'Industrie vläicht net d’nämmlecht taxéiert oder d'Landwirtschaft, wat souwisou schonn de Fall ass. Mä datt een zum Beispill och staffelt, wann een elo een Haus huet, bezilt een näischt 2 Haiser méi, 3 Haiser nach méi. Also dat sinn esou Iwwerleeungen.

Marco Schank: Also ech denken, datt deen Thema do net ausgereizt ass an datt dat ee vun de Sujeten och wäert sinn, wann iwwer déi Reform vun där ech elo grad geschwat hunn, vun de Gemengenfinanzen, wann doriwwer diskutéiert gëtt.

François Aulner: Déi ass fir wéini ongeféier ass déi elo geplangt? Ass do een Echéancier?

Marco Schank: Nee et ass, wann ech richteg weess, Bestanddeel vun der Regierungserklärung. Wéini datt dat elo ugeleiert gëtt weess ech net, dat misst een den Inneminister froen, mä ech weess awer, datt dat awer ee Sujet ass.

François Aulner: Eng komplex Reform, déi ass jo scho Joren a Joren amgaang.

Marco Schank: Jo et ass och net, mir sinn zu Lëtzebuerg, et ass net einfach well mir ee klengen Territoire sinn, wou d'Gemengen och ee wichtege Rôle spillen, wou mir am Fong keen Niveau hunn, keen administrativen Niveau hunn, tëscht der Regierung an de Gemengen. A wéi gesot, wann ech et op de Logementsecteur wëll erofdeclinéieren, well ech och als Minister, als Wunnengsbauminister probéieren alles ze maache fir dat mat de Gemengen op eng positiv, op eng wohlwollend Manéier - nennen ech dat mol - eens ze ginn, fir datt mir eis Ziler am Wunnengswiesen erreechen. A wann dat net méiglech ass, da muss een effektiv sech nach aner Moyene ginn, wéi déi déi elo am Paquet logement proposéiert sinn.

François Aulner: Iwwer de Paquet logement wollte mir am zweeten Deel vun der Emissioun schwätzen. Mä hutt Dir schonn ëmfonnt, wann Dir Diskussioune gefouert hutt iwwer d'Taxe spécifique oder iwwer d'Grondsteier, ob et Retizenz gëtt? Ech erënneren drun, datt wéi gesot 70% vun de Leit selwer Propriétairë sinn, dat heescht déi hunn am Fong keen Intérêt datt d'Taxe an d'Lut gesat gëtt.

Marco Schank: Jo ech mengen datt d'Gemengen jo awer hir Responsabilitéit do wäerten an Zukunft iwwerhuelen. Dir erënnert Iech un d'Diskussioun virum 9. Oktober an och wann een d'Inhalter vun de Schäfferotserklärunge kuckt, datt awer de Wunnengsbau ee ganz wiesentlechen Thema war am Kader vum Wahlkampf och, an duerno, am Kontext vun de Gemengewahlen. An ech wënsche mir, an ech denken och, datt a ville Gemengekäpp soen ech, vun de Schäfferéit, deenen neie Schäffen- a Gemengeréit awer ukomm ass, datt een ee gemeinschaftlechen Effort muss maachen, datt d'Regierung, de Wunnengsbauminister alles dat wëllt zur Verfügung stelle wat e proposéiert huet, datt en awer dann dat zesumme mat de Gemengen ëmsetzt an datt mir eben och déi Instrumenter déi méiglech sinn duerch d'Pacte logement Gesetz, wéi d'Taxe spécifique - et ass jo net nëmmen dat, et sinn och eng Rei Mesures fiscales déi de Leit entgéintkommen, déi dem Stat, respektiv de Promoteur public Terrain verkafen - alles dat verstäerkt wäert spillen. Och den Droit de préemption ass ee ganz wichtegen Aspekt aus deem selwechte Gesetz. Dat Virkafsrecht wat de Stat, d'Gemengen hunn, fir och do kënne sech déi Terrainen ze huelen déi an Zukunft gebraucht ginn. A fir nach vläicht een drëtte Moyen do ze nennen, dat ass dee vum Plan sectoriel dee mir elo wäerte geschwënn kréien. Dir wësst, datt d'Chamber am gaangen ass dat neit Landesplanungsgesetz ze diskutéieren an ech denken, ech weess net wéi séier datt et virugeet, well ech do net esou agebonne sinn, mä ech denken awer, datt am Hierscht, respektiv allerspéitstens awer virum Enn vun dësem Joer, dat Gesetz net nëmme gestëmmt ass, mä awer och déi 4 Plans sectoriels um Wee sinn.

François Aulner: Sinn déi nach beim Staatsrot oder?

Marco Schank: D'Gesetz iwwer d'neit Landesplanungsgesetz ass, do huet den Avis, den éischten Avis vum Staatsrot, an dat gëtt de Moment an der Chamberkommissioun diskutéiert, an ech menge si hunn nach déi eng oder déi aner Séance bis si dat kënnen ofschléissen.

François Aulner: An de Plan sectoriel logement deen ass och [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Déi 4 Plans sectoriels, déi hänke jo zesummen. An de Plan sectoriel logement, dee vun der Mobilitéit, vun de Zones d'activité an dee vun de Paysages, déi ginn, ech soe mol, direkt nodeems d'Gesetz gestëmmt ass an der Chamber, kënnen déi direkt an d'Prozedur goen. Da kënnen déi déi Valeur kréien, déi si brauchen an dann hu mir och Moyene fir Lëtzebuerg ech soe mol op eng ganzheetlech Manéier ze plangen an eben déi Terrainen déi mir brauche fir ze schaffen, fir ze wunnen, déi Couloire fir eis virun ze beweegen. An awer op där aner Säit soen ech awer och dobäi, datt awer nach Landwirtschaft méiglech ass an datt Naturschutz méiglech bleift, datt mir dann dat op eng integréiert Manéier kënnen an Zukunft léisen.

François Aulner: A propos Plan sectoriel, do gouf et Rumeuren, datt Elementer vun deene Pläng schonn u Promoteure gerode wieren oder datt och Leit déi selwer um Dossier schaffen dat géinge kënne gebrauchen. Dat ass nach duerno ethesch vläicht net ze vereinbaren oder, datt een elo scho vu Säite vu Promoteuren oder vu Propriétairë spekuléiert wou dann elo Terrain kéint fräiginn?

Marco Schank: Datt spekuléiert gëtt wou kënnt een Terrain fräiginn, dat ass et, mengen ech, ëmmer ginn, dat kritt een och net ewech. Nach sinn ech awer der Meenung, datt déi - wann ech fir de Plan sectoriel logement elo schwätzen - déi Terrainen déi mir virgesinn hunn an ech erënneren un den état de la nation vum leschte Joer, wou de Premier och ugekënnegt huet, datt mir eng 600 Hektar wäerten definéieren een Deel innerhalb vun de PAGen an deen Deel ausserhalb vun de PAGen. Ech wäert dat och dee Projet, déi Note wäert ech deemnächst an de Regierungsrot ginn. Et kann een dovun ausgoen, datt mir awer nach eng zirka 17.000 Wunnenge fir 44.000 Leit wäerte kënnen erschléissen. Datt awer net gewosst ass wou déi Terraine sinn an dat och bis zum leschte Moment net gewosst sinn wou Terraine sinn, well dat jo wiesentlech Aspekter si fir kënnen déi 4 Plans sectoriels ëmzesetzen wéi mir eis dat virstellen.

François Aulner: Dat heescht, et ass nach näischt dovunner iergendwéi un d'Ëffentlechkeet geroden?

Marco Schank: Also ech weess op jiddwer Fall näischt dovunner.

François Aulner: Dat wäerte mir spéitstens erausfanne wann dann déi Plans sectoriels bis applizéiert ginn, wann dann zoufällegerweis déi Terrainen, esou wéi een zu Sandweiler erlieft huet, vläicht elo net mat engem Plan sectoriel, mä mat engem PAG [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Ech weess och net ob dat deen ausschlaggebend Problem da muss sinn, wann een d'Gesetz entspriechend ausstafféiert. Ech wëll elo net an den Detail goen, mä do ginn et Méiglechkeeten, dat huet een ähnlecht franséischt Gesetz gewisen, datt een och do Méiglechkeeten huet fir deem einfach virzebeugen.

François Aulner: Esouwäit den éischten Deel vun onser Emissioun Riicht eraus, ech erënneren nach eng Kéier drun, mam Logementsminister Marco Schank.

[Noriichteniwwerbléck mam Gil Goebbels]

François Aulner: Ech wollt Iech nach eng Kéier kuerz froen, mir haten et ganz kuerz ugeschwat, dat ass d'Virkafsrecht. Dat ass och eng vun de Mesuren déi mam Pacte logement virgesi sinn. An dat ass an Ären Aen eng Method awer déi och hëlleft fir d'Präisser erof ze drécken, respektiv fir, datt méi ka gebaut ginn?

Marco Schank: Also op jiddwer Fall. Et ass och eng Mesure déi ëmmer méi Gemengen entdecken, soen ech mol. Datt dat och sënnvoll ass fir déi eegen, déi eege Wunnengsbaupolitik ze géréieren. Ech hu jo schonn des Ëfteren gesot, datt et wichteg ass, datt mir méi offensiv Wunnengsbaupolitik maachen. De Minister wëllt dat jo an, datt d'Gemengen einfach och op dee Wee ginn. Besonnesch an enger Zäit wou se amgaang sinn hir PAGen insgesamt nei ze maachen. An do ass dat e wichtege Moyen an ech hunn och an där Pressekonferenz iwwer de Monitoring vum Pacte logement drop higewisen, datt eng Partie Hektaren, ech hunn d'Zuel elo net méi richteg am Kapp, ech mengen et waren der 60, och vu Promoteurs publics profitéiert gouf. Virun allem de Fond de logement huet dovunner profitéiert fir sech eng Partie Hektaren ze sécheren fir dann an Zukunft an deem Fall subventionéierte Wunnengsbau ze maachen.

François Aulner: An enger Aktualitéitsdebatt 2010 hat d'Deputéiert vun der LSAP, Vera Spautz am Fong geholl a Fro gestallt wéi deen Droit de préemption oder Virkafsrecht fonctionnéiert. An zwar, gesäit esou vir, datt d'ëffentlech Hand jo prioritär un en Terrain ka kommen. Wann dann de Propriétaire awer da proposéiert, also da bezilt de Stat de Präis deen am Fong geholl e potentielle Client bezuelt hätt. An d'Madame Vera Spautz hat gesot, an der Chamber, datt ee vläicht kënnt op de Wee goen wéi am Ausland wou en onofhängegen Expert dee Präis géing festleeën, oder d'Geriichter. Wat haalt Dir vun där Ausso?

Marco Schank: Also ech weess de Moment net vu Problemer an deem Kontext, well wéi gesot, eenzel Gemengen relativ staark Gebrauch maachen vun deem Virkafsrecht, anerer nach manner. Ech misst da mech eng Kéier informéieren a kucken ob effektiv Problemer bestinn déi ech elo net kennen, fir dann do och Remedur ze schafen.

François Aulner: Well dat wär jo dann dee Moment e bësse kontraproduktiv wann de Propriétaire ka méi en héije Präis fuerdere fir säi Bien, fir säin Objet.

Marco Schank: Also wéi gesot, de Moment mengen ech net, datt do gréisser Problemer sinn, well awer an deene Statistiken déi ech am Kapp hunn, dat do eigentlech wierklech eng Partie Hektaren zustan koume fir ze bebauen.

François Aulner: Da wollt ech elo eriwwer kommen bei een anere Sujet an zwar ier ech nach bei de Paquet logement kommen, dat ass d'Gesetz vun de Bail à loyers wou Dir 2010 och positive Bilan dovunner gezunn hutt. Sidd Dir nach ëmmer der Meenung, datt den Droit locatif zu Lëtzebuerg gutt ass wéi en am Moment ass?

Marco Schank: Ech mengen, datt mir do eigentlech keng oder manner Problemer hunn, mä wat wichteg ass, mir brauche méi Locatif, mir brauche méi Wunnengen an deem Kontext.

François Aulner: Mä et ginn awer Locatairen déi vläicht e bëssen iwwerfuerdert sinn wann et drëm geet e Loyer kënnen ze bezuelen. Et ginn der déi gefrot ginn fir 3 Paiziedelen ze weisen, wéi muss een sech dat virstellen fir elo e Chômeur zum Beispill oder fir e Freelance oder donieft muss de Locataire 3 Méint virum Oflafe vum Bail säin, eng Lettre recommandée maachen. E kann zu kengem anere Moment resiliéieren. Am Ausland ass dat mol anescht. Mä wann ech richteg verstan hunn war dat eng Moossnam fir justement ze insistéieren, datt méi soll verlount ginn. Huet dat gewierkt?

Marco Schank: Also ech mengen, datt dat gewierkt huet. Op jiddwer Fall si mir amgaang alleguerten déi Doléancen ze sammelen déi ech rechts a lénks kréien, och vun deene Gemengen a Stied déi verstäerkt sech engagéieren am subventionéierte Wunnengsbau mä awer och virun allem wat de Locatif ubelaangt. An dee Moment wou et néideg ass, wäerte mir och d'Gesetz upassen. Den Ament, ech widderhuele mech, fokusséiere mir eis op d'Gesetz vun 1979 fir déi Moossnamen déi mir brauchen, fir déi do ze verankeren.

François Aulner: Also ass de Locataire net benodeelegt an Ären Aen vis-à-vis vum Propriétaire am Moment, oder?

Marco Schank: Ech mengen dat Gesetz deemools wéi et entstan ass, eigentlech e ganz gudde Kompromëss war vis-à-vis engersäits d’Intérête vum Bailleur an anerersäits d’Intérête vum Locataire. Mä dat muss een awer wéi ech virdru gesot hunn, stänneg observéieren. Ob do mat der Zäit eventuell Problemer entstinn op där enger oder anerer Säit. An déi dann och behiewen.

François Aulner: D'accord, da komme mir elo bei de Paquet logement deen Dir am Abrëll 2011 presentéiert hat. Dat war no der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Jean-Claude Juncker, deen do e relativ wichtegen Accent op de Logement gesat hat. An Dir hat do ënnert anerem en neie bëllegen Akt proposéiert wou een dann - also fir déi Leit déi et nach net wëssen, dat ass e Steierboni deen d'Notairesfraisen beim Kaf vun engem Haus oder Appartement bis zu 20.000 Euro ka rembourséieren. An an Zukunft soll et sou sinn, datt de bëllegen Akt nëmmen nach, datt een do nëmmen nach 10.000 Euro kritt, ausser et huet een en ekologescht, effizient Haus gebaut, da kritt een nach déi aner 10.000 Euro. Et huet och scho fir vill Diskussioune gesuergt, och vu Säite vun der CGFP, der Staatsbeamtegewerkschaft. Mä Här Schank, fir unzefänken, wéini gëtt et dann deen neie bëllegen Akt?

Marco Schank: Also fir d'éischt emol zur Bonification d'intérêts, wou ech mengen, datt déi nei Subventions d'intérêts nach méi wesentlech ass. Et ass vill iwwer d'Bonification d'intérêts geschwat ginn obwuel et och, menger Meenung no net déi wesentlech Mesure ass aus dem Paquet. Nach ass dat Gesetz um Wee, et gëtt nach keen Avis vum Staatsrot an an deem Gesetz ginn et 3 Mesures fiscales. Do wëll ech och drun erënneren, well déi 2 anerer wuel sou wichteg sinn wéi déi vun der Bonifikatioun. Dat eent ass den Taux super réduit, dee mir jo am Bausecteur kennen fir Haiser ënner 20 Joer. Dat war jo soss, hat een déi Méiglechkeet net. Wann een dann Albausanéierung mécht. Dat zweet ass en Amortissement accéléré fiscal fir Investisseuren, Investissementer och am Kontext vun der Sanéierung vun de Wunnengen an dat 3. ass d'Bonification d'intérêt wou effektiv virgesinn ass fir och de Gedanke vun dem durabele Wunnen, fir deen ze verankeren. Do hu mir haut nach net driwwer geschwat elo an dëser Stonn. Mä fir mech ass d'nohalteg Wunnen e ganz wesentlechen Aspekt. Dat heescht déi 3 Pilieren ekonomesch, dat heescht abordabel Präisser ënnert anerem, sozial, wat mir souwisou mengen ech an all deene Primen déi de Wunnengsbauminister viru gëtt och respektéieren an eben dann och d'Ekologie.

François Aulner: An dat kann ee vereinbaren, déi 3 Saachen?

Marco Schank: Dat kann ee vereinbaren. Ekologesch bauen geet och iwwer reng Energieeffizienz, erneierbar Energie raus. Dir wësst, datt ech, elo si mir bei enger vun de Mesuren, enger anerer, aus dem Paquet logement, dat ass déi vun der Zertifizéierung, dat heescht de Sustainable building certification op englesch, dat heescht - an Däitschland gëtt et de Wohnwertbarometer, oder den DGNB, Deutsche Gesellschaft für Nachhaltiges Bauen - do gëtt net nëmmen d'Energieeffizienz gekuckt, do gëtt och gekuckt, gesonde Raumklima, do gëtt gekuckt, datt een Haus mat ëmwelt- a gesondheetlech verträgleche Baustoffe gebaut gëtt. Do gëtt gekuckt, datt ee Ressourcë schount an et gëtt zum Beispill och gekuckt, ob en ëffentlechen Transport no bäi ass.

Wéi gesot, och dat si wesentlech Punkten déi Bëstand sinn an duerfir och d'Iddi fir d'Bonification d'intérêts unzepassen. Nach si mir och amgaang, well mir dat och eng Kéier an der Chamberkommissioun wäerten diskutéieren wann den Avis vum Staatsrot do ass, si mir amgaang ze kucken ob een do Härtefäll ka begéinen. Wann dat de Fall wier, besonnesch am Kontext vun der Locatioun wou deen Eenzelne vläicht net d'Méiglechkeet huet, dee wëll vläicht eppes maachen fir seng Wunneng, méi energieeffizient ze maachen an da kritt en awer keng Majoritéit um Niveau vu senger Locatifgesellschaft, vun der Kopropriétéit, an duerfir ass et wichteg, datt een och do nach vläicht nobessert.

François Aulner: Kann dann all Mënsch sech dat bezuele fir en Haus opzewäerten, also wann ee Renovatioune kuckt, do bezilt een oft ganz héich Zommen aus der eegener Täsch och. Wann een dann lo seet, et baut een ekologesch, da sot Dir da kritt een awer wierklech vill ënnert d'Äerm gegraff.

Marco Schank: Also, wann ech kucken wat d'Energiepräisser sinn vun de fossilen Energieträger beispillsweis de Mazout, de Gas, wann ech kucken wéi déi evoluéieren, dann huet all Mënsch, besonnesch wann ee baut oder sech eng Wunneng keeft, huet ee wierklech all Grond opzepassen wat ee mécht. Datt een op d'Energieklasse wierklech kuckt, well besonnesch jonk Leit, awer och anerer déi sech eng Wunneng uschafe, déi ginn déi eng Kéier an hirem Liewen ganz vill Sue wech an duerfir soll een - kann ech och nëmme wierklech jiddwerengem roden - wierklech kuckt op d'Energieklass. A mir wäerten elo ab 1. Juli eng nei Wärmeschutzverordnung kréien, an Zukunft wäert et och obligatoresch ginn fir d'Energieklassen bei Annoncen z'affichéieren, datt de Client wierklech weess op wat e sech aléisst. Well eng Wunneng kafen oder en Haus bauen ass eng Saach, se duerno fonctionnéieren ze dinn a vill Käschten ze hunn déi all Mount erëm kommen ass nach eng aner an duerfir mengen ech, ass et wichteg, datt een och do virun allem op de Portemonnaie kuckt, well do geet, d'Nohaltegkeet huet mat Ekonomie grad sou vill ze dinn wéi mat Ekologie.

François Aulner: Fir e Propriétaire oder e Promoteur deen elo säin Haus wëll sanéieren oder en neit Haus wëll bauen, dee ka jo dann an Zukunft elo vill profitéiere vun deene Steierbonien oder vun der Superbonification, an huet en dann elo besser Intérêt nach ze waarden bis datt dat applizéiert ginn ass, oder kann een elo schonn dovunner profitéieren?

Marco Schank: Also déi grouss Entrepreneuren oder Entreprisen am Secteur vun der Constructioun, vun den Immobilien, déi bauen haut an der Regel nëmme méi B mat ganz dacks enger Optioun op A, fir d'Promoteurs publics hunn ech dat scho virun 2 Joer obligatoresch gemaach, déi bauen nëmme méi B. Ab 1. Juli wann déi nei Wärmeschutzverordnung kënnt, da wäerten déi als Virschrëft hunn nach just A ze bauen. De Fonds du logement mécht dat elo schonn. Dat heescht, dat mengen ech ass awer, kënnt ëmmer méi an d'Käpp vun de Leit eran a wéi gesot, et huet net nëmme mat Nohaltegkeet ze dinn am Sënn vun der Ekologie. Et huet ganz vill domat ze dinn, datt ee franchement Sue wäert an Zukunft spueren op Grond vun deenen héijen Energiepräisser déi mir kennen.

François Aulner: An déi zousätzlech Ënnerstëtzung vum Stat, dat kann ee sech dann elo fir déi nächst Méint erwaarden, oder?

Marco Schank: Also, et ginn elo schonn, ech ginn net op den Detail an, mä fir en Niddregenergiehaus, e "B", kënnt Dir bis zu 15.000 Euro kréien. Bei engem Passivhaus, kënnt Dir bis 40.000 Euro kréien. Déi Sue gëtt et elo schonn, och scho méi laang. Mir sinn amgaang souguer déi Primen nach z'iwwerschaffen, am Sënn och nach eng Kéier vun deenen 3 Pilieren vun der Nohaltegkeet an ech denken, datt mir och do am Laf vun dësem Joer wäerten eng ganz Partie Proposen op den Dësch leeën.

François Aulner: Ech invitéieren dann d'Leit um Internet nozekucken wat all déi Mesurë sinn. Well et sinn der, wéi Dir gesot hutt, ganz vill. An ech wollt nach eenzelner raus huelen, déi vläicht méi um Niveau vun der Hëllef fir manner gutt opgestallte Stéid. Dat ass zum Beispill dann de Portage foncier. Hei bezilt e Stod als éischt d'Haus oder d'Appartement of, duerno réischt den Terrain. Ass déi Mesure schonn ugewannt ginn?

Marco Schank: Neen, dat ass eng Mesure déi mir mussen am Gesetz verankeren. Dat ass eng déi wäert kommen, grad wéi d'Location Vente, dat sinn 2 Mesuren. De Portage foncier an d'Location vente déi wierklech sech un d'Propriétairen, un déi zukënfteg Propriétairen adresséieren. Do kritt een nämlech als Koppel, och mat méi enger klenger Pai d'Méiglechkeet Propriétaire ze ginn. Wann ech vläicht 2 Moossnamen kann raus gräifen déi spezifesch och fir Leit sinn déi loune ginn awer och kafen, dat ass wéi beispillsweis och den Eco-Prêt à taux zéro dee virgesinn ass.

Dat ass eng ganz wichteg Moossnam a mengen Aen, och fir géint Energieaarmut ze wierken. Fir d'Viraussetzung ze schafen, datt ee bei - wann ee wëllt Albausanéierung maachen - net einfach d'Sue muss hunn, d'Sue ka léine goen an dat zu engem 0-Taux.

Eng Moossnam déi ech nach vläicht kann och raus gräifen, well mir virdru vun der Bonifikatioun geschwat hunn, dat ass d'Bonification d'intérêt, dat ass d'Subvention d'intérêt. Dat ass nei ab 1. Januar dëst Joer. Dee System war virdrun net absolut équitabel, well net jiddwereen deen d'Conditiounen erfëllt huet, also vum Revenu a vun der Zesummesetzung vum Stod, awer net konnt profitéieren.

François Aulner: Gëtt déi elo erweidert?

Marco Schank: Déi ass erweidert ginn an do waren dëst Joer schonn 3,5 Milliounen am Budget an dunn hunn och vill Leit sech gemellt fir dovunner kënnen ze profitéieren, well elo déi Subventioun via Taux social net méi ofhängeg ass vun dem Choix vun der Bank, gewëssermoossen.

François Aulner: Um Paquet logement geet och Rieds fir de Locatif méi abordabel ze maachen an duerfir gouf och de Begrëff vun Aide au logement erwänt oder, respektiv Allocation au logement, wéi een en och am Ausland vläicht nennt. Wou ass déi Allocatioun drun, wéivill gëtt do schonn ausbezuelt?

Marco Schank: Et ass esou, datt d'Allocation loyer an Allocation logement - déi ass jo geduecht als zäitlech begrenzten Wunngeld fir 1 Joer laang, 300 Euro de Mount mat 60 Euro zousätzlech pro Kand, sou ass geduecht - an do ass d'Familljeministesch Marie-Josée Jacobs an ech selwer, si mir eis eens ginn, datt mir eis do méi een einfache Wee raus sichen fir déi ëmzesetzen. Well och de Staatsrot mat der Exekutioun Problemer hat, datt mir dat wëllen iwwer d'Offices sociaux régionaux wëlle mir dat ofwéckelen an Zukunft an do wäerten och d'Suen fir d'nächst Joer virgesi ginn am Budget, datt een dat da kann definitiv maachen. Dat ass am Fong een zäitlech begrenzt Wunngeld, déi kuerzfristeg an de Misère geroden. Wou ee Partner stierft, oder een an engem Stod d'Aarbecht verléiert.

François Aulner: Et ass also sozial selektiv, et kann ee sech net eppes méi wéi a Frankräich virstellen, eng universell Aide fir déi Leit?

Marco Schank: Do wollt ech elo dozou kommen. Dat eent ass also d'Allocation loyer logement, dat nächst ass d'Subvention loyer oder Subvention logement. Do si mir amgaang drun ze schaffen. Dat ass elo net Bestanddeel vun der Regierungserklärung gewiescht. Nach hunn ech dem Regierungsrot gesot, datt ech an dem nächste Mount bis 2 Méint wäert e Projet op den Dësch leeën fir eng Subventioun fir Leit déi loune ginn, déi also schlecht dru sinn. Mir hunn och ausgerechent, datt mat engem gewëssen, wann e gewëssen Niveau do als Basis huelen, datt 14.000 Stéid kënnten dovunner profitéieren. Nach muss ee ganz gutt oppassen wat een do mécht. Net, datt een duerch sou eng Mesure erëm d'Loyerpräisser an d'Luucht dreift, zu Lëtzebuerg. Dat geet ganz séier. De bëllegen Akt ass e gutt Beispill, wéi dee komm ass, dat huet d'Präisser net erof gedréckt, éischter am Contraire.

François Aulner: Kann een do net vun engem Abus schwätzen, vu Säite vun de Propriétairen oder vun den Agencen?

Marco Schank: Wat de bëllegen Akt ubelaangt, muss ee jo kucken wéi deen am Endeffekt wäert ausgesinn. Mä duerfir muss een awer, fir op d'Subvention loyer zeréck ze kommen, musse mir ee Wee fannen, dee mir och geografesch uwennen, well et grouss Ënnerscheeder ginn wat d'Héicht vun de Loyeren an den Immobiliëpräisser iwwer dat klengt Land eigentlech sinn. Do ginn et vu Regioun zu Regioun grouss Ënnerscheeder. Datt mir deem entspriechen. Mir sinn amgaang un sou enger Formel ze schaffen. Dat ass net einfach, dat ass bal, ech hunn et scho mol gesot Quadratur des Kreises, mä ech wäert awer do eng Propose demnächst op den Dësch leeën.

François Aulner: An dat wäert dann éischter esou ausgesinn, datt et iwwer d'Offices sociaux – a neen, pardon, dat ass jo dat anert.

Marco Schank: Dat ass dat anert, jo.

François Aulner: Dat heescht, déi Subventioun, datt dat, dat gëtt elo net eng universell Hëllef fir jiddwereen déi ugepasst ass un de Loyer?

Marco Schank: Dat gëtt eng Hëllef fir déi Leit déi mat klenge Revenuen, déi Schwieregkeeten hunn am éischte Wunnengsmaart ze lounen.

François Aulner: A wann dann een elo méi en héije Loyer bezilt, kritt en dann net och eng kleng forfaitaire Zomm oder ass dat net sou virgesinn?

Marco Schank: Da ginn et jo awer dann déi grouss Ustrengungen, dat wollt ech awer och nach eng Kéier soen. Ech hu virun annerhallwem Joer, deen 9. Joresprogramm fir de sozialen - oder mir nennen dat de subventionéierte - Wunnengsbau op den Dësch geluecht. Och dat sinn nach eng Kéier 9.000 Wunnengen fir déi nächst Joren wou de Stat eng 520 Milliounen Euro investéiert. A wann do d'Gemengen esou och mat maachen wéi et elo ausgesäit an de Fonds du logement an deen neie Rôle, soen ech emol, vun enger nationaler Entwécklungsgesellschaft era wiisst, wou ee méi Moyenen huet, wou een als Interface vis-à-vis vun de Gemenge ka wierken, wou een eng Zort Facilitateur gëtt fir d'Prozeduren ze beschleunegen. Alles dat zesummen, ech mengen, datt mir da ganz vill geleescht hunn.

François Aulner: An déi sozial Entwécklungsgesellschaft, déi Dir elo ernimmt hutt, wou ass déi drun? Ass dat schonn eppes Konkretes?

Marco Schank: Dat ass eng national Entwécklungsgesellschaft fir de Logement insgesamt. Awer et kann ee sech och virstellen, datt esou eng Gesellschaft doriwwer raus och aner Projeten am Tourismusberäich géif maachen. Dat ass net ausgeschloss. Dee Projet vun deem ech mir ganz vill erwaarden, deen och, mengen ech, dobaussen bei allen Acteuren ganz vill Uklang fënnt, do denken ech, datt ech an engem Mount bis annerhallwem Mount och do ganz konkret kann eng Propose maachen. Mir hunn dee Projet bewosst virgezunn aus deenen 20 Mesurë vum Paquet logement fir domatter méi séier virun ze kommen. Mir brauchen déi Struktur do besonnesch fir gréisser Projeten - wann een un d'Nordstad denkt, denkt een elo un dee flotte Projet zu Diddeleng oder soss op Frichen, wann ech u Wolz denken - datt een einfach, wou jo vill Wunnenge sollen entstoen - bei Wolz, sinn dat ronn 500 Wunnengen déi een a Phasë géif bauen - datt een sou eng Struktur brauch fir mat méi Moyenen fir méi séier an d'Zukunft um Wunnengsbaumaart virun ze kommen.

François Aulner: A wat elo d'sozial Wunnengen ubelaangt, do huet d'Chambre immobilière rezent eng Propose gemaach fir de Secteur privé méi anzebannen, well et an hiren Aen onrealistesch ass ze mengen, datt de Stat alleng kann d'grouss Demanden un soziale Wunnengen kann ausfëllen an de President vun der Chambre immobilière de Jean-Paul Scheuren sot eis gëschter dat hei:

Jean-Paul Scheuren (O-Toun): Eis Propositioun vun der Chambre immobilière geet an déi Richtung fir datt mir op der enger Säit nei Moyenen fannen fir d'Finanzement vum Logement social locatif, well mir der Meenung sinn, datt déi Volumen déi momentan am Budget virgesi sinn bei wäitem net duer ginn. An dat besteet dann dodranner fir um fiskale Wee Méiglechkeeten ze schafen, fir eng Masse monétaire ze schafen déi investéiert ka ginn an de Logement social locatif. Dat heescht, dat ass wéi am Beräich vun der Philantropie, datt een u sech akzeptéiert manner Rendement ze kréien wann déi Suen investéiert ginn an de Logement social locatif.

François Aulner: Här Schank, Dir hutt dee Modell scho studéiert, wann ech mech net ieren, Dir hutt awer nach keng offiziell Äntwert ginn. Kënnt Dir dat haut maachen?

Marco Schank: Déi wäert demnächst kommen. Haut kann ech leider net definitiv soen wéi mir zu deem Modell stinn, respektiv wat ech mir ka virstellen, wat de Minister do ënnerhëlt. Et ass awer sou, datt ee muss ënnerscheeden tëschent dem subventionéierte Wunnengsbau fir de Verkaf an dem subventionéierte Wunnengsbau fir ze verlounen. Beim Verkaf gëllen déi Aiden déi mir dem Promoteur public, de Gemengen, dem Fonds du logement, der SNHBM ginn, déi gëllen elo schonn.

Et muss een natierlech dobäi soen an deenen 30 oder 33 Joer wou et dat Gesetz gëtt huet bis ewell just eng Entreprise emol dann dovunner Gebrauch gemaach. Nach kann een sech et awer iwwerleeën fir et méi attraktiv ze maachen an nach soll een sech iwwerleeën ob een net och ee Wee fënnt fir d'Promoteurs privés mat anzebannen an de subventionéierte Mietwunnengsbau, also fir d'Locatioun, an ech sinn och gäre bereet dozou. Et muss ee just e puer Problemer léisen a mir sinn amgaang ze kucken ob mir déi an de Grëff kréien. Beispillsweis déi Niveauen vu Loyeren déi den Här Scheuren gesot huet, dat kënnt zwëschen 650 an 850 Euro variéieren. Gutt, den Duerchschnëttsloyer am Parc Locatif vun de Promoteurs publics läit bei 382 Euro. Do muss ee kucken ob een deem kann entspriechen. An dann ass et nach esou, datt beispillsweis och ee Fonds du logement muss fir den Entretien vun de Wunnengen suergen an och emol an deem engen oder anere Fall eng Betreiung vun de Leit mécht an deene Wunnengen. Ob de Promoteur privé dat selwecht ka leeschten, muss leeschten oder ob en dat op eng aner Manéier da probéiert ze maachen. Ech widderhuele mech also wéi gesot, den Intérêt ass awer ganz grouss fir déi Viraussetzung ze schafen. An duerfir huele mir eis och richteg Zäit fir dee Modell ze préiwen.

François Aulner: Wéi gesot, et géif dann de Privatsecteur do e minimale Rendement maachen. De Fonds du logement dee mécht och e klenge Rendement op deenen Appartementer, Haiser déi se verlounen a verkafen. Do gouf et rezent e bësse Kritik un déi. Do war riets vu Stéid déi a sozial Wunnenge vum Fond gelieft hunn an déi sech awer iwwerverschëld hunn an de Fond hätt dann relativ drastesch d'Suen zeréck gefrot an dat hat déi Leit dunn exacerbéiert. Kënnt Dir dozou eppes soen?

Marco Schank: Also wéi gesot, déi Doléancen do sinn net u mech erugedroe ginn. Ech hunn awer dat héiere wat an der Press gewuer ginn ass. Ech mengen awer, datt dat do just fir ee ganz klengen Deel vun Locatairen e Problem war an ech hunn och mir soe gelooss vu Responsabele vum Fonds du Logement, notamment vum Daniel Miltgen, datt dat doten an de Grëff geholl gëtt.

François Aulner: An ech hunn och héieren, datt et Leit géing ginn déi fir de Fonds schaffen, déi frustréiert wiere well se géinge versichen ze maachen, datt d'Präisser rof ginn. Mä d’Direktioun vum Fond géif op där anerer Säit awer Drock maachen fir datt awer och e Rendement raus kënnt. Wësst Dir eppes doriwwer?

Marco Schank: Neen, also wa probéiert gëtt och nach e Rendement ze hunn dann ass selbstverständlech fir déi Suen frësch z’investéieren, fir datt där grousser Demande kann entsprach ginn. Well ech hunn awer dacks Gemengen um Telefon déi mir soen, ma mir hunn och e Projet dee mir mam Fonds du logement wëlle maachen, et geet awer net richteg virun. Also ech mengen, datt déi Struktur vum Fonds du logement terribel gebraucht gëtt, de Moment awer och net nokënnt mat där Demande déi un de Fonds du logement erugedroe gëtt, vun der Säit vun de Gemenge beispillsweis an, datt ech mengen, ech gutt drun dinn, dat ëmzesetzen wat ech virdru gesot hunn, nämlech déi Société nationale ze kreéieren wou d'Ressourcen nach wäerten zouhuelen.

François Aulner: Mir komme lues awer sécher op den Enn vun der Emissioun. Ech wollt elo fir de Logement ofzeschléissen dann nach eng Kéier froen: ass de Locataire zum Beispill am Moment net defavoriséiert vis-à-vis vum Propriétaire, oder aner Fro, ass Lëtzebuerg dann nach ëmmer an enger Logementskris?

Marco Schank: Also et ass esou, datt jo ganz vill Leit zu Lëtzebuerg wëllen aus der Locatioun raus, wëlle Propriétaire ginn, dat war ëmmer sou, dat bleift sou. Ech hunn do nei Mesurë proposéiert déi mengen ech vun deem Moment un wou mir se och als Base légale hunn, datt déi wäerte gräifen. Op där anerer Säit wëll ech ganz bewosst eppes maachen net fir d'lescht iwwer déi virdrun ernimmten Subvention loyer, fir virun allem deene Leit, mat deene klenge Paien, déi Schwieregkeeten hunn wierklech dee Loyer kënnen ze bezuelen, fir deenen entgéint ze goen. An ech denken, datt dat, et muss een natierlech ofwaarden wat d'Regierung dozou seet a wat duerno och d'Chamber dozou seet, mä ech mengen, datt dat schonn net een onwesentlechen Aspekt wier.

François Aulner: A wann ee kuckt, datt 2007 ronderëm déi 7.700 lëtzebuerger Résidenten hu missen an d'Grenzregioun liewe goen, ass dat nach ëmmer, ass den Trend nach ëmmer d'selwecht, oder?

Marco Schank: Et ass elo keng Étude gemaach ginn nodeem, datt déi ofgeschloss ginn ass déi ech och virun annerhallwem Joer presentéiert hunn. Wann ech mech un d'Zuele richteg erënneren waren et am Joer 2007, oder 2008, waren et 1.700 Leit an engem Joer déi an eng Grenzregioun gaange sinn. Ech wëll nach dobäi soen, dovunner waren 28% Lëtzebuerger, déi aner waren aner Nationalitéiten, ganz dacks ebe wou och Stéid, wou dann e Fransous, e Belsch oder Däitschen deen 2. Deel vum Stod ausgemaach huet vum Partenariat oder vun der Koppel, dobäi waren, well ebe probéiert ginn ass iwwer deen dote Wee Propriétaire ze ginn, während se virdrun gelount hunn zu Lëtzebuerg.

Ech muss awer soen, datt ech de Leit och ëmmer gesot hunn, hei iwwerleet Iech dat ganz gutt, wann Dir esou e Schrëtt maacht. Huelt e Blat Pabeier, maacht e Stréch an d'Mëtt, schreift lénks déi positiv Aspekter a rechts déi negativ Aspekter op, well een an anere Länner selbstverständlech aner Gesetzer hunn déi spillen, wann ee géif zum Beispill an de Chômage misst goen oder och d'Ierfschaftsrecht, d'Kanner an d'Schoul, an, an, an. Nach muss ech soen, wann déi Leit déi op déi aner Säit ginn, hu jo selbstverständlech, jiddwereen däerf a soll do wunnen wou en et fir richteg fënnt, wann an deem selwechte Joer dann 10.000 Leit op Lëtzebuerg kommen, dann dreift dat natierlech, oder muss dat de Logementsminister méi ëmdreiwen nach.

François Aulner: Et ass elo genee eng Auer. Et ass d’Schlusswuert wat de Logement ubelaangt. Mee, Här Schank, ech wollt Iech onbedéngt nach froen, vill vun eisen, e puer vun eisen Nolauschterer wëssen et vläicht net, mee Dir schreift och Krimien. Sidd Dir amgaangen un engem Krimi ze schreiwen?

Marco Schank: Et ass esou, datt ech keng Zäit méi hunn fir Romaner ze schreiwen. Ech hunn awer virun Chrëschtdag d’lescht Joer e Band mat 12 Kuerzgeschichten, Krimi- Kuerzgeschichten erausginn, well ech et einfach awer heiansdo net ka loossen. Déi knapp bemoossen Zäit huelen ech mir awer dann. Ech hunn ugefangen en Theaterstéck ze schreiwen. Dat gëtt eben net esou vill Aarbecht wéi e Roman. Dat maachen ech wann ech emol wéi eng Kéier am August, wann ech Congé hunn oder och emol eng Kéier de Weekend, huelen ech mer eng Stonn oder déi aner, an dat mécht einfach Spaass. An dat hëlleft och vun der Politik emol ofzeschalten. Well wann een nëmme Politik mécht, ech mengen net datt een dann, datt een dat op laang Sicht och positiv fäerdeg bréngt.

François Aulner: An op dëser Note kënnt des Émissioun op en Enn. Dat war et fir de “Riicht eraus�?. Invité bei eis am Studio war den delegéierten Nohaltegkeetsminister a Minister fir de Wunnengsbau, de Marco Schank. Merci, datt Dir bei eis waart. An Iech dobausse Merci fir Ären Interessi an e schéine Weekend.

Marco Schank: Merci.

Dernière mise à jour