Marco Schank, au sujet de la politique budgétaire et de la politique en matière de logement du gouvernement

Carole Schimmer: Gudde Mëtteg a wëllkomm an eiser Emissioun "Riicht eraus". Invité haut ass de Wunnengsbauminister Marco Schank. Gudde Mëtteg, Här Schank.

Marco Schank: E schéine gudde Mëtteg.

Carole Schimmer: Här Minister, Dir hutt et virdrun an den Noriichten héieren. "Wann ech mech wierklech seriös huele géif, da misst ech zrécktrieden," de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké hat dat op enger Konferenz vun der Zeitung Paperjam gesot. Dem Paperjam an dem Luxemburger Wort no hätt hien op e Reproche aus dem Public geäntwert, datt hie sech méi wéi en Oppositiounspolitiker wéi e Member vun der Regierung unhéiere géif. De Minister géif sech iwwer seng eegen Handlungsschwächt, an déi vun der Regierung bekloen.

Wat sot Dir iwwerhaapt zu deenen Aussoe vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké?

Marco Schank: Et ass elo net einfach dat ze kommentéieren, well ech net selwer mam Kolleg Jeannot Krecké konnt schwätzen. Ech denken, datt awer een Deel aus deene Sätz, déi ech elo just eréischt héieren hunn, een och Frust kann erëmerkennen.

Ech fannen, datt de Jeannot Krecké e gudde Match mécht, mä et ass net ëmmer einfach, mengen ech, zu Lëtzebuerg, fir an der Ekonomie d’Saache virun ze dreiwen. Ech mierken dat selwer, well ech jo mat responsabel sinn an der Regierung, fir d’Kommodosdossierë beispillsweis, wou ech schonn zënter Joer an Dag froen, datt mir méi Leit kréie fir d’Saache méi séier virun ze dreiwen. Wou ech awer elo och d’Zouso hu vum Kolleg Luc Frieden, respektiv an der Regierung, datt d’Saache méi séier ginn.

An ech hu mech selwer, an de Jeannot weess dat, ëmmer erëm abruecht fir d’Dossieren, och vu grousse Boîten, wou mir mierken, datt s’an der Ekonomie ganz wichteg sinn, datt mir se virun dreiwen, ouni natierlech den Impakt op d’Ëmwelt doduerch ze hypothekéieren.

Carole Schimmer: Schwätzt Dir och vu Frust, oder net?

Marco Schank: Ech sinn net frustréiert, ech probéiere meng Aarbecht esou gutt an esou séier ze maache wéi et nëmme méiglech ass.

Ech sinn awer relativ nei an der Regierung, an ech hat virdrun ëmmer Spaass mat där Aarbecht déi ech gemaach hunn, an hunn eigentlech och elo enorm Spaass, an ech wëll och net nëmmen 100% bréngen, ech wëll 150% bis 200% bréngen, och wann dat net ëmmer esou einfach ass, well et och mat vill Stress verbonnen ass. Trotzdem, muss ech soen, sinn ech net frustréiert, well ech alles dat maache wat néideg ass, wat muss gemaach ginn, fir dëst Land nohalteg virunzebréngen.

Carole Schimmer: Et gëtt do och vun Handlungsschwächt an der Regierung geschwat. Fillt Dir Iech och esou?

Marco Schank: Neen, dat denken ech net. Ech muss och soen, datt mir an der Regierung eigentlech net nëmmen e ganz gutt Verhältnis hunn, mä datt mir och, denken ech, awer viru kommen.

Wann ech kucken, wéi, beispillsweis d’Ekonomie sech entwéckelt, wéi awer och Beräicher sech entwéckele wou ech selwer Responsabilitéit hunn, da kann ech jiddwerfalls net vun Handlungsschwächt schwätzen. Ech mengen, datt mir de Moment e gudden Team sinn an der Regierung, datt mir alles maache fir d’Saache virun ze dreiwen.

Carole Schimmer: Dir schwätzt vun engem gudden Team. D’Relatiounen tëscht der LSAP an der CSV goufen awer d’lescht an dëst Joer duerch d’Indexfro och ënner Drock gesat. Wéi gesäit et iwwerhaapt haut aus mat der Koalitioun CSV-LSAP?

Marco Schank: An deem beschten Team kann et och emol Reiwereie ginn. Ech muss awer soen, datt et, wann ech de Moment eng Momentopnam maachen, vun deem wéi d’Regierung fonctionnéiert, da sinn ech eigentlech ganz zefridden.

Carole Schimmer: D’Kris an déi budgetär Perspektivë vum Land, Dir hutt se elo ugeschwat, och d’Schwieregkeeten. Mä eng Kéier gëtt vun enger Kris geschwat, eng aner Kéier dann erëm net. Eng Kéier gëtt vun Defizit am Staatsbudget geschwat, déi aner Kéier ass deen Defizit vill méi geréng. Wat soll een dorënner verstoen?

Marco Schank: Et ass natierlech schwéier fir en Aussestehenden, fir d’Biergerinnen an d’Bierger dobaussen, ëmmer ze wësse wou mir grad stinn. Well och déi responsabel Kreesser, och e Statec kann dat jo och nëmmen un enger Rei vu Parametere festmaachen.

An et gi vill där Parameteren. Wann ech un d’PIB Bien-être denken, dat ass e ganz anere Parameter. D’Leit musse jo zefridde sinn. Wann ech déi lescht Sondagen, oder och Parametere kucken an deem Kontext, da spieren d’Leit sech awer eigentlech zu Lëtzebuerg ganz zefridden.

Eppes ass sécher, d’Regierung gesäit no wéi vir déi Noutwennegkeet, an de Premier huet et gesot am Mee, am État de la Nation, datt mir mussen d’Staatsfinanze bis 2014 sanéiert kréien. Doranner besteet eben och de Spuerpak, deen natierlech net jiddwerengem ka schmaachen, dat ass ganz kloer. Mä ech denken, datt all Minister an dëser Regierung gär gehat hätt, wann et keng Kris gi wier. Dat wier net nëmmen der Ekonomie, mä insgesamt och anere Beräicher, am soziale Kontext, am ekologesche Kontext, all de Secteurë wier dat zegutt komm.

Et ass awer net esou, an dofir musse mir kucken, wa mir wëlle fir eis Kanner déi Finanzen, och vum Staat aus, an der Riicht halen, da muss een déi Mesurë maachen déi musse geholl ginn. Et ass probéiert ginn, um Niveau vum Spuerpak, datt jiddwereen e bësse muss eppes hierginn. Dat ass esou am Liewen.

Carole Schimmer: Mä esouwuel d’Gewerkschafte wéi och d’Patronat kruten elo Konzessioune par rapport zu deem Steier- a Spuerpak do accordéiert. Wéi kann ee sech dat dann elo erklären?

Marco Schank: Et kéint een elo soen, dat ass lëtzebuerger Modell. Ech mengen, datt ee jo och muss ofweien, wann een e Pak op den Dësch leet, an de Pak gëtt diskutéiert, an ech hunn elo lëtzebuerger Modell gesot, an der Tripartite, duerno a Bipartiten, dann denken ech, datt dat eng Verantwortung ass, déi eng Regierung och auszeechent, datt ee muss kucke fir Kompromësser ze maachen, fir de soziale Fridden an engem Land ze halen. An ech muss soen, datt ech awer nach ëmmer dorunner gleewen.

Carole Schimmer: Verschidden Oppositiounspolitiker, notamment Déi Gréng, mä awer och d’DP, soen, datt dat e Virwahlcadeau war. D’nächst Joer si Gemengewahlen. Hu mir elo d’Rou virum Stuerm?

Marco Schank: Ënner engem Virwahlcadeau, wann ech de Spuerpak kucken, verstinn ech eppes Aneschters, muss ech éierlech soen. Et si jo nach ëmmer Mesuren, déi mir brauchen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Trotz allem ginn et Konzessiounen.

Marco Schank: Mir mussen awer spueren. Do sinn awer ganz vill Leit zu Lëtzebuerg sech eens. Dat ass wéi an engem Stot dobaussen. Et muss ee kucken, datt ee mat den Enner beienee kënnt, och an Zukunft mat den Enner beienee kënnt, a sech net esou verschëlt, datt eis Kanner an deenen hir Kanner drënner leiden. Dat schéngt mir awer evident ze sinn.

Carole Schimmer: Dir hutt elo vum lëtzebuerger Modell geschwat. D’Tripartite stoung dëst Joer net am Mëttelpunkt vun deem Dialog, et gouf eigentlech vu Bipartiten geschwat. Ass dat net och eventuell en Zeeche vun enger Schwächt vun der Regierung?

Marco Schank: Neen, dat gesinn ech iwwerhaapt net esou. Ech denken, datt d’Regierung déi Weeër muss goen, fir datt d’Politik weider fonctionnéiert. Wann d’Tripartite gescheitert ass, aus de Grënn déi mir jo kennen, da muss ee kucke wéi een anescht viru kënnt. Et dierf een net stoe bleiwen. Mir brauche Léisungen. An ech mengen, dat ass dat wat d’Politik den Ament awer auszeechent.

Carole Schimmer: Wat awer och opgefall ass an der CSV-LSAP Koalitioun ass, datt am Abléck de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo praktesch wéi en Don Quijote do steet, an alleng an der Ëffentlechkeet handelt, par rapport zur Gensondheetsreform. Wéi steet et mat der Solidaritéit tëscht de Ministeren?

Marco Schank: Ech erënneren drun, datt de Luc Frieden och schonn emol alleng an der Ëffentlechkeet stoung.

Dat heescht awer net, datt déi 15 Leit aus der Regierung net hannert hinne steet. Dat heescht nämlech genee dat: mir stinn zesummen, an dat ass nun emol esou, datt d’Ressortministere mat hire Ressorten, mat hire Kompetenzen natierlech dann dobaussen d’Konflikter ausdroen. Dat heescht awer iwwerhaapt net, datt d’Regierung net do hannendru steet.

Carole Schimmer: Här Schank, Dir sidd Wunnengsbauminister, an Dir hutt eng grouss Aufgab. De Grand-Duché ass konfrontéiert mat engem Wuesstem vu senger Populatioun. Bannent 30 Joer si ronn 140.000 Awunner bäikomm, déi meescht koumen aus dem Ausland. Wéi geet et mat deem Trend? Geet dee virun esou?

Marco Schank: Dat mécht dem Wunnengsbauminister seng Aufgab net méi einfach, datt ech muss soen, datt den Trend, de Moment jiddwerfalls, viru geet.

Mir hunn d’lescht Joer nobäi 9.000 Leit bäikritt. Dir hutt et gesot, iwwer 20 Joer si mir ëm 33% gewuess. Mir sinn dat eenzegt Land an der EU, wat esou eng demographesch Entwécklung huet – ausser Zypern, an dat ass nach vill méi speziell. Wann esou vill Leit bäikommen, an dat si Leit zum gréissten Deel aus den aneren EU-Memberlänner, déi bei eis kommen, da muss ee Weeër fannen, datt een déi Leit och logéiert kritt.

Mir wësse jo, datt déi Aufgab ëmmer méi schwéier gëtt, well mir ëmmer méi Single-Stéit hunn, egal aus wat fir enger Ursaach. Dat ass eng gesellschaftlech Entwécklung, déi een net muss kommentéieren, mä déi déi ass, déi se ass, an d’Politik muss där entspriechen.

Mir sinn eng Bevëlkerung, déi och ëmmer méi al gëtt, dofir ass dat net einfach, an dofir muss ech virun allem, ech hunn et dacks genuch gesot, Weeër fanne fir, virun allem am subventionéierte Wunnengsbau, awer och do wou Leit Problemer hunn, déi a prekäre Situatioune sinn, fir sech en Daach iwwer dem Kapp ze leeschten, do Moossnamen z’ergräifen.

Carole Schimmer: Zu Lëtzebuerg koumen 140.000 Awunner bäi. An der Groussregioun sinn och ganz vill Leit bäigezunn. Wéi en Impakt huet déi ekonomesch Entwécklung vu Lëtzebuerg am Wunnengsbauberäich an der Regioun?

Marco Schank: Éischtens brauche mir déi Leit, déi bei eis kommen. Wa mir wëllen, datt och an Zukunft eis Pensiounë bezuelt ginn, da kann een net einfach soen, mir wëllen net, datt ee bei eis kënnt. Dovun ofgesinn, datt dat jo och net geet.

Dofir musse mir d’Viraussetzunge schafen, fir datt déi Leit en Ënnerdaach kréien. Den ekonomeschen Impakt ass eigentlech ganz grouss, do si mir eis eens. An dofir ass am Fong meng Aufgab, mat der ganzer Regierung zesummen, d’Viraussetzungen ze schafen, datt d’Leit deen Ënnerdaach fannen.

An ech wëll vläicht ee Saz och soen zum subventionéierte Wunnengsbau, well dat e ganz wichtegen Impakt ass. Ech hunn dat emol eng Kéier och un Hand vun Zifferen beluecht. Ufanks dës Joers hunn ech deen 9. 5-Joeresplang op den Dësch geluecht, mat net manner wéi nobäi 9.000 Wunnunitéiten, wou d’Regierung – an do hu mir keen Euro gespuert, do huet de Spuerpak net gespillt – mat 490 Milliounen déi d’Regierung do dra stécht. An den Impakt op d’Ekonomie, virun allem de Secteur vun der Constructioun, läit bei 2 Milliarden. Just fir eng Kéier och dat ze weisen. Déi ëffentlech Promoteuren, d’Gemengen, de Fong, d’SNHBM, déi méi kleng ASBLen, an esou weider, déi schaffe virun allem mat lëtzebuerger Entreprisen. Dat ass e ganz groussen Impakt.

Carole Schimmer: Den Impakt op déi lëtzebuerger Populatioun gesäit een och: et ginn ëmmer méi Leit an d’Nopeschregiounë liewen, well et do awer méi bëlleg ass. Mécht dat Iech net Suergen?

Marco Schank: Ech muss soen, mir maachen eigentlech déi Leit nach méi Suergen, déi bei eis kommen, wann ech dat dierf soen. Mir brauchen déi Leit, mä ech muss kucken datt déi Leit och en Ënnerdaach kréien.

Mir hunn, ech mengen 2008 waren et eng 1.600, 1.700 Leit, déi iwwer d’Grenz wunne gaange sinn, dovunner sinn 28% Lëtzebuerger, iwwer déi leschte Joere gekuckt. Do muss een awer dobäi soen, dat sinn och ganz vill Mariages mixtes, wou dann e Lëtzebuerger an e Fransous, oder e Lëtzebuerger-Däitsch, déi deelweis och aus kulturelle Grënn ginn. Mä natierlech, dee gréissten Deel geet, well e wëll Propriétaire ginn, dat ass am noen Ausland méi bëlleg.

Ech wëll awer och direkt dobäi soen, datt ech och ganz vill Leit kennen, déi dee Schratt bedaueren. D’Leit déi vu Lëtzebuerg fort ginn, kënne selbstverständlech wunne wou si dat fir richteg fannen, a wou si hiert Liewen am beschte kënnen arrangéieren. Et muss een awer wëssen, datt och Problemer kënnen op een duerkommen. Wann eng Kéier ee seng Aarbecht verléiert, an Däitschland kritt een Hartz IV, an net dat wat mir zu Lëtzebuerg kréien. Et muss een och iwwerleeën, wat ass, wann ech d’Ierfschaftsrecht muss an Usproch huelen, wat ass mat de Kanner déi an d’Schoul ginn?

Jiddweree soll dee Schratt maache wann en dat fir richteg fënnt, e soll sech en awer gutt iwwerleeën. Dat ass am Fong mäi Message.

Carole Schimmer: Bis elo konnt ee soen, datt 70% vun de Stéit Propriétaire ware vun hirer Wunneng, haut läit dee Chiffer bei 63%, seet eng rezent Étude vun ERA. Mécht dat net och Suergen, wann ee weess, datt ëmmer manner Leit Accès hunn zu enger Wunneng, oder zur Propriétéit?

Marco Schank: Zu Lëtzebuerg läit dee Prozentsaz natierlech enorm héich, wann ech do mam Ausland vergläichen, wat mir vu Propriétairen hunn.

Et huet een och gemierkt, an de Krisejoeren 2008/2009, datt ganz vill Leit ofgewaart hunn, datt se net kaaft hu well se dovun ausgaange sinn, datt d’Präisser géifen erof goen. Déi hunn éischter gelount. Op där anerer Säit hunn natierlech, déi Leit, d’Promoteuren déi investéiert haten, och wollten déi Präisser hunn, déi se virdru kritt hunn, dat heescht, do war e gewëssenen Attentisme.

Ech mierken awer elo, wann ech déi lescht Zuelen dierf kucke vum Statec, an de Konjunktur-Flash vum Oktober, do sinn am éischte Semester 2010, vis-à-vis vum éischte Semester 2009, d’Baugenehmegungen ëm 25% eropgaangen, virun allem gouf et bal eng Verduebelung bei de Privathaiser. Et weist awer, datt et weider an déi Richtung geet.

A wann ech mam Ausland vergläichen, an Dir mir erlaabt 2, 3 Zuelen ze nennen, wann ech Irland kucken, -54%, Spuenien -48%, Holland -23%, just fir eng Kéier och ze soen, datt mir awer elo, an ech hunn dat och op der Semaine nationale du logement gesinn, mat deenen nidderegen Tauxë bei den Zënse fir léinen ze goen, datt dat eis awer hëlleft, fir datt et erëm besser dréint, wéi dat während de Krisejoere war. Mir sinn am Fong elo um Niveau erëm vun 2007, esouguer deelweis eppes do driwwer. An dat ass och gutt esou.

Carole Schimmer: Wéi fannt Dir dann an deem Kontext de Fait, datt d’Regierung décidéiert huet d’Zënsbonificatioun fir d’Kanner ze sträichen, vum nächste Joer un? Geet dat an déi Richtung?

Marco Schank: Ech mengen, datt d’Regierung an deene leschte Joeren, Joerzéngten, mäi Virgänger, meng Virgänger enorm vill gemaach hunn, d’Regierung ganz vill gemaach huet, wann ech un den Taux de TVA superréduit denken, déi 3%, wat jo awer eng enorm Hëllef ass dobaussen; wann ech un d’Bonificatioun, un d’Subventioun denken; wann ech un de bëllegen Akt denken, da muss ech awer soen, datt dat alles d’Präisser ni zu Lëtzebuerg gedréckt huet.

Wéi de bëllegen Akt agefouert ginn ass 2002, d’Präisser hunn emol net stagnéiert, d’Präisser si weider an d’Lut gaangen. An ech denken och elo – de bëllegen Akt gëtt jo net ofgeschaaft, et mengt een heiansdo dobaussen dat wier esou, e gëtt ugepasst un eng Séléctivité sociale – da muss ech awer insgesamt soen, datt déi héich Präisser domat ze dinn hunn, datt d’Leit relativ vill Suen awer nach hunn. Dat huet mat der Solvabilitéit vun de Leit ze dinn. Et ginn natierlech och Leit zu Lëtzebuerg, déi wiesentlech manner, déi [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Dat heescht, d’Salariéen déi eppes kafen.

Marco Schank: Jo, mir hunn awer nach ëmmer vill Suen an eisen Täschen, well de Präis vun den Immobilien ass jo keen, dee gerechent gëtt. Et ass een, dee weist wéi vill d’Leit bereet sinn ze bezuelen.

An da muss ee jo soen, eise Problem ass jo, datt d’Demande immens héich ass. Mir hu virdru vun där Croissance démographique geschwat, wat bei wäitem déi gréissten ass an der EU. Et ass och eng ganz grouss Demande do an d’Offer misste mir vergréisseren. Ech sinn am gaange mir och do Gedanken ze maachen, datt een do méi wäit muss goen. Ech sinn amgaangen d’Gesetz vun 1979 ze reforméiere fir och ze kucken, datt ee Weeër fënnt fir d’Offer méi grouss ze maachen, datt een am méi grousse Stil kuckt fir Terrainen z’entwéckelen, datt ka gebaut ginn, fir do virun ze kommen, well soss kréie mir dee Problem net an de Grëff zu Lëtzebuerg.

Carole Schimmer: De Professer Ewringmann hat eng Kéier gesot, datt, wann ee jiddwerengem déi selwecht Zomm gëtt, oder Subventiounen, egal wéi eng sozial Situatioun datt een huet, da géifen d’Präisser automatesch ëm esou vill méi an d’Lut goen. Ass dat och Är Analys?

Marco Schank: Déi Präisspiral déi gedréint huet bei den Immobilien, wou ech awer, mengen ech ka soen, datt et de Moment net méi esou schlëmm ass, wéi virun der Kris, ouni ze wësse wat geschitt; ech kann net an de Kaarte liese fir ze wësse wat nach passéiert. Ech hoffen awer, datt dat der Vergaangenheet ugehéiert, an datt mir virun allem mussen et fäerdeg brénge fir d’Offer méi grouss ze maachen, ech soen dat nach eng Kéier.

An do brauch ech d’Gemengen dofir. D’Gemenge si fir de Wunnengsbauminister, och an anere Beräicher, och am Naturschutz, am Ëmweltschutz, mä virun allem am Wunnengsbau e privilegiéierte Partner. D’Gemengen hunn d’Planungshoheit zu Lëtzebuerg, an dofir hunn ech och dee Pélérinage gemaach, deen ech ebe gemaach hunn am Ufank vun dësem Joer, datt ech duerch d’Land gepilgert sinn, op 4 Plazen insgesamt, ëmmerhin 94 Schäfferéit begéint hunn, mat hiren Techniker zum Deel, fir ze kucke wat mir kënne maachen, virun allem och am subventionéierte Wunnengsbau, awer net nëmmen.

Ech hu probéiert ze suggeréieren, datt een elo, wou d’Gemengen amgaange sinn hir PAGen nei ze maachen, datt se sech verstäerkt an eng Wunnengsbaupolitik engagéieren. Well Wunnengsbau ass keng Mesure obligatoire fir d’Gemengen. Vum Gemengegesetz hier ass et net virgesinn. Mä ech wëll, datt et eng Mission facultative gëtt, datt d’Gemenge soen, do musse mir eppes maachen, besonnesch wa mir eis jonk Leit, déi hei an där Gemeng grouss gi sinn, déi vläicht och nach do schaffen, déi do wunnen, fir deenen eng Méiglechkeet ze gi fir do ze bleiwen. Do kann ech eng Partie Beispiller hei ernimmen.

Wéi gesot, an engem Saz, ech brauch d’Gemengen dofir an ech géif behaapten, ech spieren, datt ganz vill Gemengeresponsabel dat do och verstanen hunn, an op mech duerkommen. Ech war op ville Plazen am Land, déi kommen och bei mech, d’Schäfferéit, fir ze kucken, datt mir an deem Kontext viru kommen, egal op dat ländlech Gemenge sinn, oder städtesch Gemengen. Eigentlech freeën ech mech iwwer déi Dynamik.

Carole Schimmer: Brauch een dann net e Mix u Moossnamen? Zum Beispill d’Agence immobilière sociale, déi zanter e bësse méi wéi engem Joer elo fonctionnéiert. Déi huet en extraë Succès. Si huet och eng Léisung fonnt, fir all déi Propriétairen, déi Angscht haten, datt hir Locatairen net géife regelméisseg bezuelen. Sinn dat dann net och esou Kollaboratiounë mat ONGen, oder eben esou sozial Servicer, déi um soziale Plang och konkret kënnen hëllefen?

Marco Schank: Dach, selbstverständlech. An do schwätze mir jo déi Leit un, déi wierklech a prekäre Situatioune sinn, déi Problemer hu fir en Daach iwwer dem Kapp ze fannen. An Dir hutt eng Moossnam ugeschwat, d’AIS, d’Agence immobilière sociale, déi d’Familljeministesch an de Wunnengsbauminister ënnerstëtzen, a mir wëllen dat och nach verstäerkt weider maachen. Mä ech hunn dat schonn haart gesot a menger Ried fir d’Semaine nationale du logement.

Effektiv, déi Initiativ gëtt et zënter engem Joer. A wann ech kucken, déi hunn nobäi 150 Leit d’Méiglechkeet gi fir eng Wunneng ze kréien, dorënner si gutt 70 Kanner gewiescht.

Dat heescht, esou Initiative brauche mir. Déi schaffen och ganz partnerschaftlech mat Gemengen zesummen, mat de Sozialbüroe vun de Gemengen. Op där anerer Säit muss ech awer soen, datt se iwwer 700 Demanden hunn. Ech freeë mech engersäits iwwer d’Propriétairen, déi bereet sinn, een Deel vun hirem Loyer hierzeginn. Déi kréien net dee Loyer deen um Maart bezuelt gëtt, mä déi kréien natierlech awer och, fir et op Lëtzebuergesch ze soen, och Misère emol ofgeholl, datt d’Wunneng an der Riicht gehale gëtt, datt déi Leit betreit ginn. An esou Initiative brauche mir weider.

Ech wëll awer och eng dann ernimmen, déi ech vläicht op deem nächsten oder iwwernächste Regierungsrot wäert op den Dësch leeën, dat ass déi vun engem zäitlech begrenzte Wunngeld fir d’Leit, déi zum Beispill kuerzfristeg an de Misère falen, doduerch datt se Kuerzaarbecht hunn, doduerch datt se eventuell d’Aarbecht verléieren, doduerch datt se vläicht e Partner verluer hunn, a si kommen net méi no fir de Loyer ze bezuelen oder hiren Emprunt zréckzebezuelen, wou ech dann d’Méiglechkeet ginn iwwer eng gewëssen Zäitspan ze hëllefen. Esou Saache wäert deen nei Projet de loi dann do attenuéieren.

Ech hunn och nach eng Rei esou Iddië fir dat verstäerkt ze maachen, an eben och, ech soen dat nach eng Kéier, de subventionéierte Wunnengsbau. Well zu Lëtzebuerg, fir och eng Kéier e Beispill ze ginn, datt d’Leit dat verstinn, eng Koppel mat 2 Kanner, déi 60.000 Euro Revenu imposable verdéngt, déi komme scho bei eis an de Genoss vu subventionéiertem, soziale Wunnengsbau. Do leie mir awer och, wann ee mam Ausland vergläicht, ganz gutt a mir hunn eng héich Qualitéit am subventionéierte Wunnengsbau, an doriwwer sinn ech ganz houfereg. Besonnesch wäert ech deemnächst och en Avenant virleeën, wou ee gesäit, datt erëm Gemenge bäikomm sinn, awer och de Fong, an d’Société nationale des habitations à bon marché weider Effortë maachen.

Carole Schimmer: Wéi eng Efforten?

Marco Schank: Effortë maache fir zousätzlech Wunnengen ze bauen.

Carole Schimmer: De Fonds du logement ass ganz kreativ, huet vill Iddien. Hu si iwwerhaapt genuch Leit fir déi Projeten ëmzesetzen?

Marco Schank: Jo. Ech muss soen, datt ech de Fong jo relativ gutt kennen, an och gesinn, wat si fäerdeg bréngen.

An do, wann ech déi Projetë kucken déi de Fong, awer och d’SNHBM, mä virun allem de Fong realiséieren, ech hunn eng Partie Pilotprojetë virgestallt – do dinn ech dann e bëssen d’Kap op vum delegéierten Nohaltegkeetsminister – Nohaltegkeet heescht net nëmmen, datt déi Projetë mussen zu abordabele Präisser gemaach ginn, datt se rentabel sinn, dat heescht och, datt een de soziale Kontext muss gesinn. An ech hu selwer och an der Semaine nationale du logement gesot, datt ee muss vläicht méi dacks Soziologe mat bäihuelen, wann een Architekteconcoursë mécht, wa mir eis nei Quartieren, wa mir eis Siedlunge konzipéieren. An dann natierlech den ekololgesche Volet. Alles dat hänkt zesummen.

Wéi ech deen 9. 5-Joeresplang opgeluecht hunn, déi 9.000 Wunnengen, déi mussen all enger Energieklass B entspriechen, an net den D, wéi elo nach d’Wärmeschutzverordnung virschreift, wat och a mengen Aen net duergeet. Dofir hunn ech och mengem Kolleg Jeannot Krecké proposéiert, datt mir do ganz séier kucke fir do ze novelléieren, fir eng nei Wärmeschutzveruerdnung ze maachen, well beim Neibau ass fir mech B absolute Standard. Éischter recommandéieren ech de Leit wéinstens e Passivhaus ze bauen. Well dat lount sech iwwer d’Joere gekuckt, en Haus baut ee jo net fir 5 oder fir 10 Joer.

Carole Schimmer: Mir kommen op all déi Sujeten herno no der Paus zeréck. Mä, Här Schank, a Frankräich zum Beispill, do hunn d’Gemengen d’Obligatioun e gewëssene Prozentsaz u soziale Wunnengen ze hunn, soss musse se Strof bezuelen. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et dat eigentlech net. Et gëtt keng Obligatioun. Misst een dat net gesetzlech festleeën?

Marco Schank: Et muss een iwwer alles nodenken, an ech denken de Moment iwwer villes no. Ech wëll dat elo net hei um Mikro soen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Wéi konkret ass dat?

Marco Schank: Dat ass ganz konkret, ech hunn dat gesot, well ech d’Gesetz vun 1979 wëll nei maachen. Dat huet eng Partie Joeren um Bockel, quitte datt et och adaptéiert gouf an der Tëschenzäit.

Mä ech wëll zum Beispill och do verstäerkt eng national Entwécklungsgesellschaft hunn, datt een nach méi ka maachen. Well Wunnengsbau konzipéiert een normalerweis net alleng, wou een nëmme seet, mir maachen elo Logement. Et muss een och un de Commerce denken, et muss een un d’Fräizäitinfrastrukturen denken, et muss een eng ganz Rei Saachen denken.

A wann ech kucken, de Projet zu Diddeleng, Ville du futur, et ass e ganz flotte Projet, dee weist a wéi eng Richtung datt ee ka goe wann een nohalteg denkt, eng nohalteg Planung mécht, an och d’Ëmsetzung entspriechend mécht. Ech kéint där Beispiller e puer nennen. Et ginn der och am ländleche Raum, wéi zu Iechternach, Woltz mat de Frischen, Biekerech, de Projet vun Obeler, an der Gemeng Beetebuerg.

Jee, et ass eng Partie Projetë wou ee gesäit, déi ech och ganz bewosst als Projets pilote wëll, datt een och anere Gemenge ka weise wat méiglech ass. An dat ass eng ganz gutt Entwécklung.

Carole Schimmer: Här Schank, et ass elo bal halwer eng, et ass also Zäit fir en Noriichteniwwerbléck. No den Noriichte komme mir natierlech zréck, an dann diskutéiere mir virun iwwer d’Wunnengsbauproblematik zu Lëtzebuerg.

[Noriichteniwwerbléck vum Carine Rippinger]

Carole Schimmer: Wëllkomm fir deen zweeten Deel vu “Riicht eraus�? hei um Radio 100,7. Invité haut ass de Wunnengsbauminister Marco Schank.

Här Schank, mir hunn et virdru gesot, de Präis vun de Wunnenge geet an d’Lut, an deen Trend ass duerch d’Kris e bësse gebremst ginn. Een Element, dat déi rezent Hausse awer kuerzfristeg zum Deel vläicht erkläert ass dee vum bëllegen Akt. Bis Enn des Joers probéieren d’Leit nach eng Wunneng ze kafen, fir vum bëllegen Akt nach kënnen ze profitéieren. Muss dee bëllegen Akt effektiv elo verschwannen an Ären Aen? Den OGB-L, mä awer och d’CGFP froen, datt déi Moossnam aus dem Spuer- a Steierpak soll erausgeholl ginn.

Marco Schank: Ech soen nach eng Kéier dee Saz, deen ech ganz am Ufank gesot hunn. Wa mir wëllen d’Staatsfinanze bis 2014 an de Grëff kréien, da brauche mir eng Rei vu Mesuren, da brauche mir ee Spuerpak mat deene Bestanddeeler déi en dann huet.

Natierlech freet kee sech, wann eppes ewechgeholl gëtt enzwousch, dat ass ganz kloer. Ech hu virdru gesot, dat ass an de Stéit net anescht wéi am Staatsbudget.

Elo ass et awer esou beim bëllegen Akt, dee gëtt jo net ofgeschaaft. Ech hu virdru vun der Séléctivité sociale geschwat, déi gëllt och fir d’Bonification d’intérêts iwwregens, wou een nach kann e Wuert dozou soen. A beim bëllegen Akt ass et esou, dat ass elo net meng Kompetenz, well dat beim Finanzministère läit. Ech hunn awer eng Partie Zuele matbruecht. Ech krut zum Beispill gesot, datt 40% vun de Leit nach wie vor an de Genoss vum bëllegen Akt kommen. Do sinn zum Beispill déi ënnescht Carrièrë beim Staat, also d’Carrière inférieure, déi ass nach wie vor do dobäi. Just fir eng Kéier och eng Gréissenuerdnung ze ginn, well ech mir déi Zuelen awer gi gelooss hunn.

Am Gesetz steet elo, bei engem eenzelnen Acquéreur ass den Niveau 35.000 Euro Revenu imposable. Also e Privatbeamten, dee Célibataire ass, deen normal Cotisatioun bezuelt, dat ass dann e Revenu brut vu ronn 41.000 Euro, just fir e Verglach ze hunn. Bei enger Koppel déi bestued ass, oder gepacst, déi keng Kanner hunn, do ass bei engem Revenu den Niveau 60.000 Euro Revenu imposable, do si mir bei ronn 69.000 Euro Revenu brut. A vläicht fir nach e Beispill ze huelen, bei zwee Revenuen ouni Kanner ass ee bei 70.500 Euro brut, am Gesetz sti 60.000 Euro Revenu imposable. A bei enger Koppel mat 2 Kanner, dat wier jo da 70.000 Revenue imposable, 60.000 plus 2 Mol 5.000, do géif ee bei engem Montant vun 80.200 Euro brut landen, bei engem Revenu. Dat sinn elo e puer Beispiller, just fir ze soen, datt ee sech do kann orientéieren. Dat ass elo wat elo am Gesetzesprojet dra steet.

Carole Schimmer: Verschidden Notairë ginn awer dovun aus, datt d’Verschwanne vum bëllegen Akt awer en Impakt wäert hunn op de Präis vun de Wunnengen, virun allem op de Präis vun Albauten, well den Akt op deenen Objeten op den Terrain an op d’Haus applizéiert gëtt. Wéi gesitt Dir dat eigentlech? Hofft Dir, datt d’Verschwanne vum bëllegen Akt eventuell d’Präisser no ënnen dréckt?

Marco Schank: Ech behaapte steif a fest, datt et se net erop dréckt. Ech géif mir wënschen, datt vläicht deen Effekt géif spillen. D’Leit hunn e Montant X, dee se wëllen investéieren an eng Wunneng, en Haus, oder wéi et dann eben ëmmer ass. Wa virdrun déi Mesuren déi ech genannt hunn, d’TVA superréduite, d’Bonification d’intérêts, de bëllegen Akt, d’Präisser net erof gesat hunn, da wäerte se se och ganz sécher elo net erop setzen.

Well ech virdru probéiert hunn dat z’erklären, dat hänkt mat der Solvabilitéit vun de Leit zesummen, mat deem wat een a sengem Portmonni huet. An dofir denken ech, datt d’Entwécklung, wéi gesot, ouni dat kënnen am Viraus ze kucken, méiglecherweis déi do ass.

Carole Schimmer: Kéint Dir Iech och virstellen, datt de Bau vun neie Wunnengen eventuell doduerch och kéint favoriséiert ginn? Do gëtt jo d’Tax just op den Terrain opgehuewen, an net op dat ganzt Gebai? Dat heescht, de bëllegen Akt, also den Akt u sech, den Notairesakt, dee gëtt jo bei Neibaute just op den Terrain applizéiert, net op dat ganzt Gebai. Hofft Dir, datt dat eventuell och den Neibau ka favoriséieren?

Marco Schank: Ech denken, datt déi zwou Saache passéieren. Engersäits beim Neibau, wou de Moment iwwer déi grouss Zuel vu Baugenehmegunge ganz vill passéiert, datt een op deenen 2 Niveauen eng Evolutioun kritt, do sinn ech fest dovun iwwerzeegt, och bei Albauten.

Ech wëll och dobäi soen, datt ee besonnesch an deem Beräich, well ech jo mam Jeannot Krecké och nach déi Kompetenz hu fir fir méi Energieeffizienz anzestoen, mech fir erneierbar Energien anzesetzen, datt mir och do nach méi wëlle maachen. Dat ass och Bestanddeel vun dem Partenariat, fir Ëmwelt a Klima, vun där Plattform déi mir bis de Mee wëllen ofschléissen. An ech selwer hunn eng Partie Mesurë proposéiert, fir datt mir nach méi maachen an dem Beräich vun der Albausanéierung. Dat ass fir mech ganz wichteg, well do nach Handlungsbedarf besteet.

Carole Schimmer: Mir hunn och virdru vun de Passivhaiser geschwat. Gëschter war an de Raimlechkeete vun der Handwierkerkammer den éischte Passivhausdag zu Lëtzebuerg. Dat Ganzt soll dann och Signalwierkung si fir a punkto energieeffizient Bauen e gesellschaftlecht Ëmdenke mat ze provozéieren, huet et gëschter geheescht. An deem Dossier missten zu Lëtzebuerg awer endlech déi néideg Reglementer kommen. Dat seet de Vizedirekter vun der Handwierkerkammer, de Michel Brachmond.

Michel Brachmond (O-Toun): Am Kader vum politeschen Ëmfeld, do stellt sech e klenge Problem. Mir sinn haut nach net reglementaresch an enger Situatioun, wou héichenergetesch Critèrë fixéiert si fir nei Gebaier ze bauen, respektiv fir Gebaier, oder Logementer ze sanéieren, ze renovéieren. Do si mir haut nach bei engem technesche Stand, wéi en an den 1990er Joere virgesi war. Mä reglementaresch, gesetzlech hu mir haut nach net d’Virschrëft, datt muss e Gebai, zum Beispill, eng Klass B hunn, wat en Nidderegenergiehaus ass, an ech schwätzen elo net vu Passivhaus.

An dat ass, mengen ech, e Problem dee muss politesch geléist ginn. Well mir wëssen, datt déi Direktiv vun 2010 beseet, datt mir mussen ab 2018 near-zero energy Gebaier bauen, a mir hunn nach iwwerhaapt kee Fahrplang fir bis dohinner ze kommen.

Carole Schimmer: Här Minister Schank, wéini kommen déi Reglementer iwwer d’Passivhaiser?

Marco Schank: Dat do ass genee dat, wat ech schonn am Ufank gesot hunn, dat ass d’Wärmeschutzverordnung. Mir hunn 2008 eng Wärmeschutzverordnung kritt, déi eigentlech do schonn iwwerlieft war, dat ass meng perséinlech Meenung. Déi Däitsch haten déi 2002.

An ech hu jo virdru gesot, am subventionéierte Wunnengsbau sinn d’Gemengen elo gehalen, awer och de Fong an d’SNHBM, déi mussen elo schonn e B bauen. An dat hu mir och an der Regierungserklärung dra stoen. Do wou mir selwer bauen, de Staat, a wou et staatlech Subventioune gëtt, muss elo schonn den Nidderegenergiestandard gebaut ginn.

Ech selwer hunn, wéi ech Buergermeeschter war, ëmmer de Leit recommandéiert, baut wéinstens e B, wann net besser en A, also e Passivhaus. Dat heescht, ech si mir mam Jeannot Krecké eens, datt mir méiglechst séier eng nei Wärmeschutzverordnung kréien.

Ech hunn och eng Propose gemaach, dat ass jo net meng Kompetenz alleng, datt mir eng Asazflicht fir erneierbar Energië kréien. Datt een, wann een an Zukunft e Wunnhaus baut, oder och en Zweckbau baut, datt een e gewëssenen Deel, e gewësse Prozentsaz vun erneierbaren Energië muss asetzen. Vill Leit maachen dat haut, mir hunn och héich Primen dofir. Do musse mir viru kommen, dat ass ganz evident.

Ech hunn an deem Kontext, wéi gesot, scho Proposë gemaach, an ech hunn der nach déi prett sinn a wou ech awer och net ze vill wëll virschéissen, well ech jo och dem Partenariat fir Ëmwelt a Klima wëll eng Chance ginn, wou d’ONGë mat um Dësch sëtzen, wou d’Patronat, d’Salariat, d’Gemenge mat um Dësch sëtzen, fir datt mir do eppes Kohärentes herno hunn.

Carole Schimmer: Här Schank, d’Verfassung gëtt elo geännert. An där aktueller Versioun vun der Revisioun steet dran, datt de Staat muss dofir suergen, datt d’Leit en Ënnerdaach solle kréien: le droit à un logement approprié en particulier. Dee Punkt ass nei an der Verfassung. Wéi wëllt Dir dat iwwerhaapt meeschteren? Wat bedeit dat fir de Staat, ganz konkret?

Marco Schank: Ech soen nach eng Kéier, datt de Staat, de Wunnengsbauminister net d’Planungshoheit zu Lëtzebuerg huet. Déi läit bei de Gemengen. Ech maachen awer alles wat a menge Méiglechkeeten ass. Ech wëll virun allem d’Viraussetzung schafen, datt mir d’Offer vergréisseren. Wéi dat am Eenzelnen aus wäert gesinn, kann ech elo hei, a wëll ech och hei elo net soen, mä mir hunn eng ganz Partie Iddië fir ze kucken, fir do verstäerkt Viraussetzungen ze schafen.

An der Tëschenzäit ass et awer um Minister, fir och déi sozial Viraussetzungen ze schafen, datt d’Leit – mir hate vum AIS geschwat, ech hu vum zäitlech begrenzte Wunngeld geschwat – déi wierklech am Misère sinn, datt déi och d’Méiglechkeet hu fir en Daach iwwer dem Kapp ze hunn.

Carole Schimmer: Mä wéi kéint Dir dat Recht do garantéieren? Wann dat elo an d’Verfassung dra stoe kënnt, wien ass dann dofir zoustänneg? Dir schwätzt vun de Gemengen.

Marco Schank: Jo, ech muss kucken, datt ech dat mat de Gemengen hikréien. Dir hat d’Beispill virdrun opgeworf, datt et beispillsweis am Frankräich eng Flicht gëtt fir e gewësse Prozentsaz vu soziale Wunnengen ze schafen. Et muss ee kucken, wéi eng Weeër datt mir zu Lëtzebuerg ginn. Op jiddwerfall ass dat eng Hausaufgab, déi ech amgaange sinn ze maachen, mä, Dir musst dat verstoen, wou ech elo hei net wëll Eenzelheete soen.

Carole Schimmer: Mir wäerten natierlech drop zréckkommen.

Här Schank, Dir hutt vum fréiere Minister Fernand Boden de Wunnengsbaupakt iwwerholl. De Bilan léisst sech weisen: 101 Gemengen hunn esou e Wunnengspakt mat ënnerschriwwen. Déi 47.000 nei Wunnengen, déi net kënne realiséiert ginn – wat geschitt iwwerhaapt mat deem Wunnengsbaupakt deen Ament? Kréie se dann déi Suen, déi Dir schonn eventuell accordéiert hutt, zréckgeholl?

Marco Schank: Mir wäerten deemnächst e Monitoring maachen. Mir hunn awer schonn, doduerch datt mir an enkem Kontakt sti mat de Gemengen alleguer – an ech hunn och gesot, datt ech duerch 4 regional Versammlunge gaange sinn, fir d’Schäfferéit ze begéinen – géif ech bal esouguer vun enger Opbrochstëmmung schwätzen.

An dat ass dat, wat de Pakt ënner anerem awer och bewierkt huet. De Pacte logement huet bewierkt, datt d’Gemenge sech mat der Wunnengsbauproblematik ausernee setzen. An dat war virdrun deelweis anescht, an deelweis sinn och an de Käpp vun de Gemengeresponsabelen, mengen ech, och nach ganz vill Viruerteeler ginn, wat zum Beispill e subventionéierte Wunnengsbau ubelaangt. Dat mierken ech awer ganz kloer, datt dat amgaangen ass anescht ze ginn, deelweis elo schonn anescht ass.

An do muss ech soen, onofhängeg vun deene Suen déi ech de Gemenge ginn, an dat wäerten der ëm déi 70 Millioune sinn, déi se déi lescht 3 Joer kritt hunn, datt et wierklech fäerdegbruecht ginn ass fir bei de Gemengen eng Dier opzemaachen, déi virdru vläicht zou war, oder nëmmen hallef op war.

Carole Schimmer: Wéi wäit kënnt Dir als Minister awer goe fir d’Gemeng dozou ze bréngen, d’Taxe foncière an d’Lut ze setzen? Déi ass jo extrem niddereg par rapport zu anere Länner, incitéiert och keen Terrainen ze verkafen, déi am Bauperimeter leien, an där ginn et der vill.

Marco Schank: Ech géif hei behaapten, datt d’Gemengen, éischtens duerch d’Gesetz vun 2004, den Aménagement communal, an och duerch d’Pacte logement-Gesetz – well et ass net nëmme Pacte logement an deem Gesetz, do sinn och eng Partie fiskal Méiglechkeeten dran, d’Virkaafsrecht fir d’Gemengen – wann een domat offensiv ëmgeet, dann huet een elo schonn en Instrumentarium, wat engem et méiglech mécht, wierklech eng ganz offensiv Politik am Wunnengsbau ze maachen. Ech kéint elo hei Beispiller maachen, ech maachen dat net, well ech dann eventuell eng géif vergiessen, déi och ganz aktiv ass.

Ech wëll elo net eenzel Gemengen nennen, mä et sinn der, déi dat optimal maachen, déi och op privat Promoteuren duerginn. Dat ass jo net verbueden, mat Propriétairë schwätze fir ze soen, mir hunn an eisem PAG, an eiser Étude préparatoire festgeluecht, esou séier wëlle mir wuessen, a mir wëllen dat erreechen, doduerch datt mir op d’Promoteurë duerginn. Ech géif mir wënschen, datt nach méi Gemengen dat géife maachen.

Carole Schimmer: D’Zivilgesellschaft, och d’Promoteuren, waarden op d’Realisatioun vum IVL, dem Integrative Verkéiers- a Landesplanungskonzept. Do gouf deemools gesot, datt schaffen a wunne misste beienee leien. Dat Ganzt schéngt awer elo an eng ganz aner Richtung ze goen. Et feelt och u sektorielle Pläng. Wou si mir do drun? Wat kënnt Dir elo maachen, fir datt deen Trend, deen elo nach amgaangen ass do ze existéieren, fir datt dee kann an eng aner Richtung goen?

Marco Schank: Et ass jo esou, datt mir op déi Plans sectoriels mat Schmäerzen waarden, géing ech bal gär soen, mir alleguer an der Politik.

Et muss ee soen, datt, engersäits doduerch datt d’PAGen nei gemaach ginn, awer vill Gemengen de Reflex hunn, iwwer hire Bureau d’études, oder iwwer Schäffen- a Gemengeréit, fir sech elo schonn an déi Richtung ze beweege vun deene Plans sectoriels. Dat ass awer méi séier gesot wéi gemaach. A wéi gesot, dat si se och net alleguer.

Déi Zäit, déi mir nach brauche bis d’Gesetz do ass, dat neit Landesplanungsgesetz vun 1999 – wat jo nei gemaach gëtt, wou mir op den Avis vum Staatsrot waarden, wou ech awer hoffen, datt dat virum Summer d’nächst Joer awer d’Chamber passéiert, mir brauchen d’Gesetz, fir datt een dann duerno kann deene Pläng eng Base légale ginn –ass net verluer gaangen.

Elo déi Méint sinn déi Projeten, déi Avant-projeten nach adaptéiert ginn, nach besser openeen ofgestëmmt ginn. Dat ass jo wat d’Pläng ausmécht, datt mir an Zukunft wëssen, wou wunne mir, wou schaffe mir, wou fënnt nach Natur statt, wou fënnt Landwirtschaft statt, wéi beweege mir eis virun? An do gëtt eigentlech stänneg nach dru geschafft a Gruppen op Niveau vun den eenzelne Ministèren. Dat ass och gutt esou, fir datt mir, wa mir prett sinn, eppes hu wat da wierklech d’Strooss hält, respektiv d’Schinn hält, fir och am ëffentlechen Transport ze schwätzen.

An ech denken, esou bal wéi mir den Avis hu vum Staatsrot, datt d’Chamber och wäert alles drusetzen, fir méiglechst séier dat Gesetz dann och an d’Plénaire ze kréien.

Carole Schimmer: Wéini kéint dat an Ären Ae sinn?

Marco Schank: Ech hu virdru gewot ze soen, virun der grousser Vakanz d’nächst Joer.

Carole Schimmer: Här Schank, Dir sidd net nëmme Wunnengsbauminister, mä och delegéierten Nohaltegkeetsminister, sidd dann zu Cancún a Mexiko op der Klimakonferenz dobäi. Déi Konferenz fänkt Enn November un. Et gëtt haut awer scho vun engem Échec geschwat, och wa gëschter zu Seoul um G20 gesot gouf, datt do en Accord misst kommen.

Marco Schank: Fir d’éischt wollt ech soen, datt ech elo zu Nagoya war, a méiglecherweis net op Cancún ginn, well de Kolleg Claude Wiseler dohinner geet. Mir hu jo de Virdeel, datt mir zu 2 sinn. Heiheem läit ganz vill Aarbecht, déi muss och gemaach ginn,. An esou eng Konferenz, dat kascht eng Woch, quitte datt ee mat deenen neie Moyenen och op der Plaz ka schaffen.

Näischt desto trotz gesäit et am Moment esou aus, well ech mech och fir de Sujet ganz staark interesséieren, datt mir iwwerhaapt keng Gewëssheet hunn, wéini esou en Accord zustane kënnt. An et muss jo en Accord multilatéral sinn, fir datt en iergendwou dann och kann Notzen hunn, post-Kioto, deen ambitiéis, an dee global wier. D’EU hält jo nach ëmmer doru fest, hätt och gär, datt d’Verhandlungen zu engem eenzegen Accord féieren, also juristesch a contraignant – dat war och schonn zu Kopenhagen esou – an natierlech ambitiéis.

Mä wann ech kucken, generell, déi Ziler an déi Aktiounen, déi Mesuren déi annoncéiert sinn, déi gi ganz sécher net duer fir d’Eropgoe vun der Temperatur vun 2 Grad ze begrenzen. De Moment, muss ech soen, ass dat éischter frustrant. Ech war frou, datt Nagoya schlussendlech awer nach en Erfolleg gouf, dat kann een denken ech, esou soen, mä dat gesinn ech awer fir Cancún iwwerhaapt net.

A fir dat nach vläicht och ze soen: d’Schlëssellänner wéi USA, wéi China, Indien, ech mengen net, datt mir do wiesentlech Ännerunge bis Cancún erliewen. D’USA, déi schwätzen iwwerhaapt net am Moment, datt si eng national Legislatioun an deem Kontext vum Klimaschutz wëlle maachen. A wann ech China kucken, China ass awer, dat kann een dréinen a kéiere wéi ee wëll, ass op éischter Plaz vun den Emissiounen. Et gëtt esouguer gesot, datt se eis 2020 kéinten erëmkréien, pro Kapp [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Mä d’Pro-Kapp-Emissioun ass awer [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Pro-Kapp-Emissioun, dat ass genee dat, wat ech elo wollt soen. Just fir ze soen, dat hëllt eis d’Verantwortung net ewech. Ech hunn, wéi mir vu Kopenhagen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Si hunn awer de Wuesstem nozehuelen, dee mir awer schonn zanter Joerzéngten [gëtt ënnerbrach]

Marco Schank: Do si mir eis eens. Ech hunn och gesot, wéi ech vu Kopenhagen erëm koum, mir hunn eng ganz staark Verantwortung, mir Europäer a mir Lëtzebuerg, mat deem ökologesche Foussofdrock dee mir hunn. Do muss ee sech jo schumme wann ee seet, op wéi engem grousse Fouss, wéi d’Leit soen, mir liewen, hu mir eng ganz grouss Verantwortung, an déi musse mir iwwerhuelen. An ech sinn een Deel vun der Regierung, dee seet, dat musse mir alleguer hikréien.

Dofir hunn ech och ganz vill Hoffnung, net nëmmen an d’Partenariat fir Ëmwelt a Klima, datt mir do déi Mesurë kréien déi och an der Zivilgesellschaft ugeholl ginn, vun de Leit dobaussen, wou mir e Konsens kréien. Dat ass jo wichteg, soss brénge mir näischt fäerdeg.

Ech erënneren drun, mäi Virgänger, den Här Lux, deen zum Beispill déi Autossteier agefouert huet, wou ech där Meenung war, datt dat dee richtege Schratt war, an och nach ëmmer sinn. Wat war dat e Gejäiz hei am Land. Dat bréngt een awer nëmme fäerdeg, wann een d’Leit op senger Säit huet, fir awer nach Mesuren ze maachen, déi vläicht léifgewonne Gewunnechten a Fro stellen.

Ech hu ganz vill Hoffnung och an de Pacte Klima. Dat ass eppes wat ech mat de Gemenge maachen, e bëssen nom Virbild vum Pacte logement – ech hoffen, datt et dee selwechte Succès gëtt – wou ech verstäerkt mat de Gemenge wëll an ee Boot klammen. An d’Gemenge maachen elo scho ganz vill, d’Klimabündnisgemengen zum Beispill, an och aner Gemengen. Wann et eng héich Visibilitéit vu Klimaschutz zu Lëtzebuerg gëtt, dann ass et duerch déi Gemengen. An do hunn ech mir eng Rei Saache virgeholl, an d’Gemenge wëssen dat.

Carole Schimmer: A wéi eng?

Marco Schank: Éischtens datt Bilanë gemaach ginn, wat musse mir maachen, wat gëtt gemengenintern gemaach, mat den eegene Gebaier, Mobilitéit, Energieeffizienz an de Gebaier, an esou weider. An datt ech da soen, déi do Aiden, wat mir elo iwwer den Ëmweltschutzfong maachen, do kënne mir eventuell eppes méi maachen, datt dir verstäerkt matmaacht, an datt och Bremsen, déi vläicht de Moment bestinn, Blockagen, datt mir déi ofschafen. Do sinn ech am Dialog mat mengem Kolleg Jean-Marie Halsdorf, am Intérieur, fir ze kucken, datt déi Saache sech méi einfach an Zukunft maachen, an d’Gemengen, wa se méi Responsabilitéit kréien, dann och bereet si méi Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Carole Schimmer: Dir schwätzt vun Albausanéierung an de Gemengen. Wéi ass et mat den ëffentleche Gebaier vum Staat?

Marco Schank: Ech mengen, datt de Staat och do e Programm huet, dee ganz däitlech weist, datt en do seng Verantwortung iwwerhëllt.

Ech wëll och nach ee Beispill soen. Ech war viru kuerzem an Vorarlberg, wou de Fonds de logement mat war, wou d’Commission d’aménagement vum Intérieur mat war, och d’Société nationale des habitations à bon marché, fir Beispiller ze gesinn, datt Albausanéierung gemaach gëtt op Appartementshaiser, wou en A erreecht gëtt. Dat geet.

Ech hunn an der Vergaangenheet dacks zu Lëtzebuerg héieren, dat geet net, et geet hei net, et geet do net, aus deene Grënn, oder et gëtt terribel deier.

Ech hunn ëmmer gesot, et geet, well ech esou Saache scho gesinn hunn. Mir waren elo nach eng Kéier esou Saache kucken, och mat Leit déi Responsabilitéit hunn, mat Architekten, Ingenieuren an esou weider. A mir wëllen och deen een oder anere Pilotprojet esou maachen, de Fonds de logement, awer och d’Société nationale des habitations à bon marché. An ech denken, datt dat dann och hëlleft, e Catalyseur gëtt, fir datt och am Privatsecteur esou Saache gemaach ginn. Well do investéiert een an d’Zukunft. Et ass ganz kloer. Et investéiert een an Energieeffizienz, et investéiert een an Aarbechtsplazen heiheem, an eis Betriber sinn zu engem groussen Deel fit fir déi Erausfuerderung do.

Carole Schimmer: De Mouvement écologique huet an engem oppene Bréif un de Premier Jean-Claude Juncker virun e puer Woche gesot, datt kee Konzept do wier a punkto Energieeffizienz zum Beispill. Et géif och u Berodung feelen fir d’Betriber a fir d’Stéit.

Marco Schank: Dat kann ech esou net novollzéien.

Éischtens gëtt et eng Berodung, déi verstäerkt gëtt, dat ass d’Struktur myenergy, do gëtt probéiert eng national Couverture zu Lëtzebuerg ze kréien. Dat ass ganz kloer, wann ech kucken, datt, beispillsweis wat eis Aiden ubelaangt, wann ech Iech elo Zuele géif soe vun deenen Aiden, bei der Prime House si mir bei iwwer 10.000, bei den Autosprimë si mir net wäit vu 15.000 ewech, a mir hunn déi nach laang net all eran. Wann ech bei der Prime Cool kucken, bei 18.000. Wann een dat alles zesumme rechent vun 2001 un, dat kënnt een op 190 Milliounen Euro. Do ass allerdéngs alles dobäi, do ass och d’Prime d’encouragement dobäi am Kontext vun der Photovoltaik, an esou weider.

Ech weess och, datt mir nach villes ze dinn hunn, an datt heiansdo d’Saachen net einfach sinn. Virdrun hu mir vum Jeannot Krecké geschwat, dee seet, hie wier dacks frustréiert. Ech sinn och heiansdo e bësse frustréiert wann ech gesinn, wann ech engersäits wëll astoen, datt mir, ee Beispill, méi Wandkraaftanlagen zu Lëtzebuerg kréien, op där anerer Säit hu mir awer Contraintë vum Naturschutz, deenen ech och muss Rechnung droen.

A mir hu Contrainten. Mir hunn e Réseau nature 2000, deem mir mussen entspriechen, Dat sinn europäesch Contrainten. Déi 2 Saache si wichteg. Erneierbar Energië si wichteg, awer och Aartenerhalung, Biodiversitéiten, d’Naturschutz si wichteg. An do ass et net ëmmer einfach, fir déi 2 Saachen op een Nenner ze kréien. Ech kann Iech dat soen.

Carole Schimmer: Dir hutt eng Zort Grenelle an d’Liewe geruff, d’Multipartite fir de Klima an den Naturschutz hei zu Lëtzebuerg. Wéi ass do de Sozialdialog, wann een deen esou kann nennen, an deenen Aarbechtsgruppen, déi Dir agefouert hutt? Déi Aarbechten hu jo elo eréischt ugefaangen.

Marco Schank: D’Aarbecht leeft scho méi laang, mä um Niveau vun den Aarbechtsgruppen hu se elo virun e puer Wochen ugefaangen. Dat wat ech gesot kréien, vu menger Coordinatrice am Ministère, am Departement vum Environnement, d’Madame Scholtes, déi sech virun allem dorëm këmmert, ech ka jo net an deene Gruppen dobäi sinn. Ech muss soen, datt et do eigentlech gutt viru geet, datt ech gutt Echoë kréien. Et ass och genee dat d, wat mir brauchen. An ech hoffen och, datt d’Partner duerchhale bis zum Schluss, well dat heescht fir jiddwer Eenzelnen immens vill Aarbecht, scho fir eise Ministère ass et immens vill Opwand. Awer och fir d’ONGen, déi deelweis éierenamtlech do sëtzen, déi aner Departementer, d’Salariat, d’Patronat.

Mir brauchen do herno e Plang vun enger ganzer Partie Mesuren, ëmsou méi, well mir jo deen zweeten nationalen Aktiounsplang musse fäerdeg kréie fir d’Erofsetze vun den CO2-Emissiounen, an datt mir virun allem och deen nationale Plang fir d’Upassung un d’Klimaverännerunge mussen op Bréissel ginn, an der Halschent vum nächste Joer. Mir hunn also nach ganz vill op der Lee.

Carole Schimmer: Mir wäerte bestëmmt nach eng Kéier drop zréckkommen, Här Schank. Ech wollt Iech awer nach eng Fro stellen. Dir hutt virdrun e bësse vu Frust geschwat. D’nächst Joer si Gemengewahlen. Dir waart ganz laang Buergermeeschter, hutt Dir kee Regret, datt Dir déi Missioun net méi hutt?

Marco Schank: Dat wousst ech, ier ech Minister gouf, well ech de Buergermeeschter immens gär gemaach hunn, well een no bei de Leit ass, an dat ass eppes wat mir och läit, och fir Schäffen- a Gemengerotssache séier ëmzesetzen.

Ech hunn ëmmer scho gesot, d’Chamber ass natierlech méi träge, do geet alles méi lues, national Politik ass eben esou.

Ech muss awer och soen, ech hunn et virdru gesot, mir hunn elo 7 Mol vu Frust geschwat; ech hunn dee Frust emol op eenzelnen Dossieren, ech muss soen, et mécht awer immens Spaass déi Aarbecht ze maachen déi ech elo maachen, an ech maache se aus Iwwerzeegung, ech maache se ganz engagéiert, a wëll déi net mëssen. Wann et Spaass mécht, ech mengen, datt een dann och zum Deel gutt Aarbecht mécht.

Carole Schimmer: Dës Emissioun "Riicht eraus" ass elo eriwwer. Invité war also de Wunnengsbauminister Marco Schank. Merci, Här Schank, datt Dir komm sidd.

Marco Schank: Merci och.

Dernière mise à jour