Marco Schank, Discours à l'occasion de l'ouverture de la foire écologique 2009

Madame Presidentin vum Mouvement Écologique mat Äre Membere vum Conseil d'Administration, léift Blanche.
Frënn Minister.
Léiwe Frënd fréieren Ëmweltminister.
Staatssekretär.
Kollegen aus der Chamber.
Responsabel vun der Gemeng Lëtzebuerg an all deenen anere Gemengen.
Léif Leit alleguerten.
Léif Exposanten.
Léif fréier an heiteg Matstreiderinnen a Matstreider vum Mouvement.

Ech wollt dee leschte Gedanke vum Claude ganz kuerz opgräifen, well ech ofwiesslungsweis eng Kéier mam Blanche net d'accord war, wéi ech a sengem Interview am Télécran gelies hunn, et hätt déi grouss Angscht, datt et ganz problematesch wier, well et keen eegestännegen Ëmweltministère méi géif ginn.

Ech gesinn dat effektiv anescht, ech gesinn et ganz anescht, well ech mengen, datt dat neit Departement vun deem grousse Ministère do, fir wat soll dat manner onofhängeg sinn, well ech der Iwwerzeegung sinn, et ginn déi selwecht Gesetzer a Reglementer wéi virdrun. Mir wëllen et besser maachen, et ass virdru scho gesot ginn, mir wëllen d'Landesplanungsgesetz, wat deemools schonn e ganz visionärt Gesetz war, nei maachen, d'Naturschutzgesetz, d'Gesetz vun 1979 vum Logement, an, an, an. Da gëtt et nëmmen eng Regierung, et gëtt keng zwou. Da wëll ech dobäi soen, do wou d'Ministeren Handlungsspillraum hunn, ech mengen, datt et do op deen eenzelne Minister oder Ministesch ukënnt, vun do un deelen ech also déi Suerg net. Mir wäerte gesi wat d'Zukunft bréngt.

Da gëtt, mengen ech, de Stellewäert vun der nohalteger Entwécklung awer duerch deen neie Ministère, duerch déi Zesummesetzung, déi Bündelung, gestäerkt. Do ass de Mouvement, mengen ech, d'accord, wann ech nach eng Kéier deen Interview do zitéieren dierf. Mä eppes wat ganz, ganz wiesentlech ass, an da si mir am Kär vun der Nohaltegkeet, Nohaltegkeet ass net nëmmen Écologie, dat ass och sozial Gerechtegkeet, dat ass sozial Kohäsioun, déi esou vill och virun de Wahlen ëmmer erëm an d'Fënster gestallt ginn ass. Dat huet ganz vill mat Nord-Süd ze dinn.

An dann awer och d'Ekonomie. Mir wëlle méi eng nohalteg Ekonomie. Ech wëll dat däitlech maachen, well déi ganz Regierung et wëll. Et ass net nëmme mir 2 an eiser Bündelung vun deenen Departementer, zesumme mam Logement, wou sech jo all déi wiesentlech IVL-Froe stellen – wou wunnen ech an Zukunft, wéi beweegen ech mech fort, wou fënnt d’Landwirtschaft, wou fannen Aktivitéiten insgesamt statt, wou fënnt d'Natur statt – wou mir Léisunge wëlle sichen a fannen.

An da ginn ech dem Blanche zur Ofwiesslung erëm Recht, wann et seet, datt mir vläicht déi Kris sollten a misste benotze fir iwwer eis Liewensgewunnechten nozedenken, jiddweree vun eis. Jiddweree vun eis – d'Politik huet eng Responsabilitéit a jiddwereen Eenzelne vun eis och – soll sech froen, wéi beweegen ech mech fort dëse Moment, op d'Aarbecht, an der Fräizäit, wéi hëtzen ech mäin Haus, hunn ech et isoléiert, hunn ech vun deene sëllechen Aiden, déi ganz héich sinn am Verhältnis vis-à-vis vun anere Länner an Europa, hunn ech vun deene scho profitéiert? Déi huet de Virgänger mat der Regierung an d'Wee geleet an déi wëlle mir weider féieren, wou mir amgaange sinn z'iwwerleeë wéi mir se weider féieren, datt mir se och sécher wäerten adaptéieren un de Progrès technologique.

An da kommen ech net dolaanscht, de Claude huet et gesot, déi 90% déi d'Blanche gesot huet, ech denken de Mouvement ass jo gewéinlech kriddeleg, datt et nach méi ass, et si bestëmmt 95% déi am Regierungsaccord do stinn a mir mussen dat elo just ëmsetzen. Et ass eigentlech relativ einfach, ech freeë mech drop, op déi Erausfuerderung do.

Ech wollt vläicht, fir net ze laang ze sinn, eng Saach eraus gräifen déi mir ganz léif ass, dem Claude a mir an Zukunft wäert léif sinn. Dir wësst, datt ech net dru gleewen, datt et nëmmen eng Politik top-down gëtt, mä datt et virun allem och eng bottom-up gëtt, datt d'Regioune wichteg sinn, datt d'Gemenge wichteg sinn an datt d'Politik net fonctionnéiert an och eng zesummenhängend Landesplanung a Regionalentwécklung net méiglech ass, wann een d'Gemengen, d'Regiounen net am Boot huet. Dat weist sech zum Beispill am Klimaschutz. Déi Visibilitéit am Klimaschutz déi mir elo hunn, hätte mir, mengen ech, net an deem Mooss wann et d'Klimabündnis-Gemengen et géif ginn; wann et d'Gemengen insgesamt net géife ginn, déi ëmmer erëm, de Moment an der Semaine de la mobilité, gutt Iddien hunn, déi 50 Gemengen déi matmaachen do, fir ëmmer erëm u sech selwer ze schaffen, un hiren eegene Gebaier, Energieeffizienz an hiren eegene Gebaier ze propagéieren, d'Mobilitéit ze propagéieren, Aktiounen, Projeten unzeleeën an och, wann ech Klimabündnis soen, och den Nord-Süd Gedanke mat virunhuelen, dat ass jo dat wat wiesentlech ass.

An iwwerhaapt, wann ech d'Objektiver vun der Nohaltegkeet wëll erreechen, ëmsetzen, brauch ech d'Gemengen. Ech brauch se am Naturschutz. Kommunalen Naturschutz ass eppes wat fir mech, fir eis enorm wichteg ass. Och déi éierenamtlech Aarbecht vun den Ëmweltschutzorganisatiounen, Naturschutzorganisatiounen. Selbstverständlech, mir brauchen och do méi Professionalitéit an dofir wëlle mir d'Naturschutzgesetz ergänzen, net nëmmen den Artikel 17 änneren, mä mir hunn eng ganz Rei Saachen eis do virgeholl fir et qualitativ besser ze maachen. An d'Iddi vun den Naturparken, ech hu vun de Regioune geschwat, déi wier doudsécher gestuerwen Ufank den 90er Joere wann et de Mouvement net gi wier. Dat soen ech ganz éierlech, well ech war no dobäi an dofir ass och déi Iddi am Kader vun eise Konventiounen ze gesinn. Am urbane Raum ass et wichteg, datt och net nëmmen d'Plans sectoriels – déi wiesentlech sinn, de Claude huet et gesot, ech brauch net drop anzegoen – mä datt och regional Pläng a regional Entwécklung an Zukunft immens wichteg ass an ech wäert hëllefen do deen néidege Match ze maachen.

Da vläicht nach eppes, well dat och mäin Dadda ass, dat ass d'Geschicht vun der Energieeffizienz. Energieeffizienz, wou mir däitlech an den Accord gouvernemental geschriwwen hunn, datt mir do eng Rei Saache wëlle maachen. Och do d'Zesummenaarbecht mat de Gemenge sichen; d'Berodung verstäerken, besonnesch an der Albausanéierung wou nach esou vill Reservë leien; de Claude huet et gesot, Pilotprojete maachen. Mir siche Gemengen déi mat eis zesumme plus-Energiehaiser wëllen entwéckelen, fir datt mir einfach do eng homogen Virgehensweis ze kréien, besonnesch wat d’Berodung ugeet, déi wëlle mir verstäerken, net nëmme mat my energy, mä mat méi Dezentraliséierung.

An ee Wuert nach zum Logement. De Logement, wou mir dann am Fong frou sinn, doduerch datt ech dann do Ministre de tutelle sinn, datt ech d'Méiglechkeet hunn dat an eis Politike mat afléissen ze loossen. An och do wëll ech verstäerkt op d'Gemenge lass goen, well do ass nach ganz vill ze maachen. Dir wësst, datt mir am Moment en Attentisme hunn, déi eng Promoteurë wëllen net verkafe well si soen, mir wëllen déi Suen déi mir investéiert hunn erëm kréien an op där anerer Säit si ganz vill Leit déi waarden, datt d'Präisser erof ginn. Mir brauchen déi ëffentlech Promoteuren, zesumme mam Fong, mat der Société nationale, mä mir brauchen och d'Gemengen, net nëmmen d'Stied, och déi méi kleng Gemengen, datt si aktiv mat eis an d'Richtung gi fir Wunnengsraum ze schafen.

Dat ass eng wichteg Missioun, et ass leider keng obligatoresch Missioun vun de Gemengen, mä ech weess awer, datt ganz vill Gemengen och ëmmer méi driwwer nodenken. Dofir wënschen ech mir, an ech wäert och eng Campagne dorunner hänken, datt mir dat weider entwéckelen. An ech muss soen, datt de Mouvement a sengen Iddië fir d'Wahle vun dësem Jor ganz flott Visiounen hat an deem Kontext. Eppes wat ech ganz sécher wëll maachen, d'Weiderféierung vun der grénger Hausnummer, wat mir jo zesumme mam Mouvement maachen. An da wëll ech och eng Campagne maache vis-à-vis vun de Gemenge wat Logementen ubelaangt déi a mengen Aen méi appropriéiert am ländleche Raum mussen entstoen, wann ech un déi grouss Appartementshaiser denken, déi ganz dacks an eisen Ecker do eis Dierfer verschampeléieren.

Zum Schluss wollt ech ervirhiewen, datt mir frou sinn – ech kucken de Claude, an all déi aner déi net konnten hei sinn aus der Regierung, well mir iwwer de Budget schwätzen haut de Mëtteg, mir wäerten och gläich mussen dowéinst zréck goen – datt et de Mouvement gëtt, deen an der Vergaangenheet, an all deene ville Joeren an ech selwer hunn do och probéiert mäin Deel dozou bäizedroen, ëmmer erëm kritesch mat de Responsabelen aus der Politik ëmgaange ass. Egal ob dat d'Regierung war, ob dat d'Chamber war, ob dat d'Gemenge waren. An ech géif mir wënschen, datt de Mouvement esou viruf iert. Dat war eng gutt Schoul, och fir mech, well de Mouvement ëmmer probéiert huet dat konstruktiv ze maachen, vernetzt ze maachen, ze weise wat alles zesummenhänkt, datt och d'Nord-Süd Iddi unhänkt, datt mir net alleng Lëtzebuerg an Europa dierfe kucken, eist Schlaraffenland hei kucken, mä datt mir doriwwer eraus mussen d'ganz Welt kucke fir se besser ze maache fir d'Zukunft.

Ech hu virdru gesot, wa mir drun denke fir eis eege Gewunnechten, mir mussen och dorun, un där Iddi festhalen, fir datt mir eise Kanner e Planéit hannerloossen, dee wuel esou gutt ass, fir net ze soe besser ass wéi deen dee mir virfonnt hunn.

Mir bleift zum Schluss der Oeko-Foire ganz vill Erfolleg ze wënschen. Ech muss soen, datt, wéi ëmmer, erëm d'Vielfalt zougeholl huet, Animatioun, d'Kultur ass um Rendez-Vous, d'Informatioun, d'Berodung ass um Rendez-Vous an ech wënsche mir, Blanche, datt mir all zesumme ganz vill wäerte streiden déi nächst Wochen a Méint ouni Sträit ze kréien.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour